Allgemeng ginn déi Konfessiounsrichtungenprotestantesch genannt, déi sech vun derkathoulescher Kierch distanzéiere wollten, an dobäi, zum Beispill, d'Autoritéit vumPoopst net unerkannt hunn. An deem Sënn zielt och d'Anglikanesch Kierch zum Protestantismus, geneesou wéi d'Fräikierchen, d'Mennoniten an d'Baptisten.
De Protestantismus konzentréiert sech staark op d'Bibel (Sola scriptura), erkennt deJesus Christus alseenzeg Autoritéit iwwer de Gleewegen (Solus Christus), a vertrëtt d'Usiicht, datt de Mënscheleng aus Gnod - an eeben net duerch eegen Handlungen - gerett gëtt (Sola gratia). Rechtfertegung kritt de Mënsch eleng duerch de Glawen (Sola fide). Deementspriechend ginn Ablass, Bouss asw. refuséiert, well si näischt bewierke kënnen.
VerschiddeSakramenter aus der kathoulescher Kierch gi vun evangeelesche Kierchen net unerkannt, well si net vu Christus selwer agesat goufen. DeGottesdéngscht gouf praktesch vun Ufank un an der Landessprooch ofgehalen, wärend d'réimesch-kathoulesch Kierch nach bis virumZweete Vatikanesche Konzil umLaténgesche festhält.
Am Mëttelpunkt vum protestantesche Gottesdéngscht stiPriedegt anOwesmoolzecht. D'Owesmoolzecht gëtt gewéinlech an den zwou Gestalten, also Brout a Wäin (oder och roudem Drauwejus) ageholl. An de protestantesche Kierche gëtt meeschtens op Dekoratioun verzicht, Pilgerungen aPressioune sinn net üblech.