Movatterモバイル変換


[0]ホーム

URL:


Op den Inhalt sprangen
Wikipedia, déi fräi EnzyklopedieDéi fräi Enzyklopedie
Sichen

Prince

Vu Wikipedia
Prince
GebuertsnummPrince Rogers Nelson
PseudonymPrince, Jamie Starr, Alexander Nevermind, Joey Coco, Camille
Gebuer7. Juni1958
Minneapolis
Gestuerwen21. Abrëll2016
Chanhassen
NationalitéitUSA
AktivitéitFilmschauspiller,Sänger,Filmregisseur, Singer-Songwriter,Dréibuchauteur, Museksproduzent, Filmkomponist,Filmproduzent, Multiinstrumentalist, Dänzer, Gittarist,Komponist,Schauspiller
Member vunThe NPG Orchestra
GielercherOscar fir dat bescht Originallidd, Rock and Roll Hall of Fame, Éierendokter, Golden Raspberry Award for Worst Original Song,Grammy Awards, Golden Raspberry Award for Worst Original Song
Famill
Bestuet matMayte Garcia (14.2.1996–5.2000),
Manuela Testolini (12.2001–10.2007)
Liewenspartner(in)Susannah Melvoin,
Vanity (1980–1983)
PappJohn L. Nelson
MammMattie Shaw
GeschwësterTyka Nelson
Websäithttps://prince.com/
De Prince (2009)

DePrince, gebuer de7. Juni1958 zuMinneapolis amMinnesota alsPrince Rogers Nelson, a gestuerwen den21. Abrëll2016 zuChanhassen och am Minnesota, war enUS-amerikanescheSänger,Komponist,Songwriter,Museksproduzent aMultiinstrumentalist.

Karriär

[änneren |Quelltext änneren]

De Prince war vun 1978 un am Musekbusiness. Virun allem an den 1980er Joren huet hie mat senger Kombinatioun vun ënnerschiddleche Musekstiler déi international Musekszeen influenzéiert. Seng Musek geet vunR&B,Funk,Soul,Pop aRock iwwerBlues bis hin zumJazz. Hie schreift d'Texter zu senge Lidder, komponéiert an arrangéiert d'Musek, séngt se a spillt Instrumenter wéiGittar,E-Bass,Piano,Keyboard aBatterie.

1984 hat hie säin internationalen Duerchbroch mam Film, der Single an dem AlbumPurple Rain. Aner Succèse vun him sinnWhen Doves Cry, Kiss, 1999, Little Red Corvette, Sign o' the Times, Let's Go Crazy oderNothing Compares 2 U. Hien huet iwwer 100 Millioune Placke verkaf, siweGrammye gewonnen, 1985 enOscar fir déi bescht Filmmusek an 2007 eGolden Globe Award.

Zanter den 1990er Joren hat hie sech mat senge Plackefirme wéinst Auteursrechter vu senge Lidder an den Horen; vun 1993 bis 2000 huet hie seng Alben amplaz ënner sengem Numm ënner engem graphesche Symbol erausbruecht a gouf alt, faute de mieux, alsThe Artist Formerly Known As Prince bezeechent. Zanter 2000 ass hien awer nees alsPrince opgetrueden.

De Prince huet offiziell knapps 900 Lidder geschriwwen, vun deenen der och eng Rëtsch vun aneren Artiste publizéiert goufen. Hien huet eng 40 eege Studiosalbumen erausbruecht.

Den 13. Juli 2011 hat hie säin eenzege Concert zu Lëtzebuerg, an derRockhal.

Discographie

[änneren |Quelltext änneren]

Studioalben (Auswiel)

[änneren |Quelltext änneren]
De Prince zu Bréissel (1986).

Kompilatiounen a Live-Alben (Auswiel)

[änneren |Quelltext änneren]

Literatur

[änneren |Quelltext änneren]

Um Spaweck

[änneren |Quelltext änneren]
 Commons: Prince – Biller, Videoen oder Audiodateien
Autoritéitskontroll
Sozial Medien
Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Prince&oldid=2606128
Kategorien:
Verstoppt Kategorien:

[8]ページ先頭

©2009-2026 Movatter.jp