Movatterモバイル変換


[0]ホーム

URL:


Op den Inhalt sprangen
Wikipedia, déi fräi EnzyklopedieDéi fräi Enzyklopedie
Sichen

President vun de Vereenegte Staaten

Vu Wikipedia
Sigel vum President
Den aktuelle President Donald Trump

DePresident vun de Vereenegte Staate vun Amerika ((en)President of the United States of America) ass engersäits de Staatschef, awer och de Regierungschef an den ieweschte Kommandant vun denArméie vun de Vereenegte Staaten.

De President gëtt all véier Joer an zanter1951 héchstens zweemol gewielt.

Den aktuellen a 47. President ass zanter dem20. Januar2025 de RepublikanerDonald Trump.

Do déi getrennt Amtszäite vumGrover Cleveland an demDonald Trump eenzel gezielt ginn, gouf d'Amt bis elo vu 45 Männer ausgeüübt. Et gouf nach keng Presidentin.

D'Wal vum President ass indirekt: D'Bierger vun den eenzelne Bundesstaaten stëmmen iwwer Walleit of, déi denElectoral College bilden. Dee wielt de President. Kritt kee Kandidat eng Majoritéit, decidéiert d'Representantenhaus, wéi bei de Presidentschaftswalen vun 1800 an 1824. Gläichzäiteg gëtt mam President e Vizepresident gewielt. Deen huet, no der Constitutioun, nëmmen d'Aufgab am Senat ze sëtzen. Wann awer e President, duerch Doud, Récktrëtt oder Ofsetzung, virleefeg aus dem Amt scheed, kënnt de Vizepresident fir d'restlech Walperiod mat alle Rechter u seng Plaz. De President ernenntMinister ((en)Secretaries), déi zesummen mat him d'Regierung bilden. Si musse vumSenat bestätegt ginn. Änlech ass et umIeweschte Geriichtshaff: Gëtt eng Riichterplaz fräi, schléit de President en neieRiichter vir, dee vum Senat bestätegt muss ginn.

Kuckt och

[änneren |Quelltext änneren]

Um Spaweck

[änneren |Quelltext änneren]
 Commons: Presidente vun de Vereenegte Staaten – Biller, Videoen oder Audiodateien
Autoritéitskontroll
Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=President_vun_de_Vereenegte_Staaten&oldid=2652004
Kategorie:
Verstoppt Kategorien:

[8]ページ先頭

©2009-2026 Movatter.jp