D'Portugisesch Republik (República Portuguesa) oder och einfach nëmmePortugal, ass eStaat am Südweste vun deribeerescher Hallefinsel. E gëtt am Westen an am Süde vumAtlanteschen Ozean, am Osten an am Norde vuSpuenien begrenzt. Donieft gehéieren zum portugisesche Staatsgebitt d'Inselgrupp vun denAzoren souwéiMadeira. Westlech vun der HaaptstadLissabon läitCabo da Roca, dee westlechste Punkt vum europäesche Festland.
Den NummPortugal kënnt vum Numm vun der SiidlungCale am Delta vum FlossDouro hier.Cale kéint egriichescht Wuert sinn (Kalles = "schéin") a sech op d'Schéinheet vun der Natur am Norde vum Portugal vun haut bezéien, deen d'Griichen deemools koloniséiert haten. AnerHistoriker mengen, dattCale aus demPhenizesche kéim, well d'Phenizier Portugal an der Zäit virun deRéimer besidelt haten. Wéi Portugal zum Réimeschen Imperium gehéiert huet, goufCale e wichtegen Hafen, opLatäinPortus Cale. AmMëttelalter goufPortus Cale duPortucale, duernoPortugale, woubäi dat Wuert am7. an am8. Joerhonnert nëmmen déi nërdlech Deeler vum Land bezeechent hunn, also d'Regioun tëscht de FlëssDouro aRio Minho. Anerersäits verkierzt sech den NummPortus Cale zuPorto, der zweetwichtegster Stad, déi sech dowéinst voller Stolz als déi Stad betruecht, déi dem Land den Numm ginn huet.
Portugal huet eng ganz komplex Administratioun. Et gëtt fënnefRegiounen (regiões), 18 Distrikter (distritos) an zwou autonom Regiounen (regiões autónomas), donieft existéieren 28 sougenannt "statistesch Ënnerregiounen" (subregiões estatísticas). Een Niveau drënner kommen dann ongeféier 308 Kreesser (municípios oderconcelhos) a 4257 Gemengen (freguesias). Déi Andeelung ass éischter ineffizient an deier. Et gëtt un enger Reform geschafft, déi d'Distrikter ofschafen an d'Kompetenzen dezentraliséiere soll.
D'Vir- an d'Fréigeschicht vum Land entsprécht zum gréissten Deel der Entwécklung an den anere Regioune vun der Ibeerescher Hallefinsel. Vun2000 v. Chr. un sinn d'Ibeerer warscheinlech aus Nordafrika agewandert. Vun1200 v. Chr. un goufe vun dePhenizier a vun700 v. Chr. un vun deGriichen Kolonie gegrënnt. No600 v. Chr. wandereKelten eran, déi sech mat den Ibeerer vermëscht hunn (sougenanntKeltibeerer). Zu deene gehéiert och de Stamm vun deLusitaner, deenen hirelaténgeschen Numm méi spéit dem Land säi sollt ginn.
No450 v. Chr. gouf dat Gebitt vuKarthago eruewert an nomZweete Punesche Krich uRoum ofgetrueden. Vun de Réimer gëtt et ënner dem NummLusitania zum Deel als eegestänneg Provënz verwalt. Déi réimesch Herrschaft hält op an derVëlkerwanderungszäit, d'Sueben (no409) a virun allem d'Westgoten (no416) grënnen hir Räicher um Terrain vum spéidere Portugal.
Ënner dem Henri sengem Jong an NofollgerAlphonse I. gëtt Portugal1143 onofhängeg, den Alphonse selwer gëtt Kinnek. D'Burgunder sinn a Portugal bis1383 um Rudder,1211 gëtt dat éischt Stännparlament (Cortes) aberuff,1250 ass d'Reconquista, no der Eruewerung vun derAlgarve, a Portugal fäerdeg,1256 gëttLissabon nei Haaptstad vum Kinnekräich.
1383 stierft de leschte Burgunder a Portugal. DeJean vun Avis, dee baussent engem Bestietnes op d'Welt koum, rifft sech zum Kinnek aus, kakastilesch Uspréch op de portugiseschen Troun an derSchluecht vun Aljubarrota (1385) ofwieren a grënnt déi zweet portugisesch Dynastie (Avis). D'Avis-Kinneken, besonnesch denEmanuel I. (1495-1521) verbesseren dem Land seng wirtschaftlech a militäresch Kapazitéite massiv: Portugal gëtt féierend Handels- a Séimuecht, keeft Kolonien aBrasilien,Afrika,Arabien,Indien an aChina, d'Land ass eng Weltmuecht an déi räichst Natioun vun Europa (Kuckt dozou och den Artikel:Henri de Séifuerer). Och kulturell ass d'Land an der Bléi (Luís de Camões).
1580 ass d'Avis-Dynastie um Enn, Portugal fält aus dynastesche Grënn un d'Habsburger vuSpuenien. Bis1640 regéieren d'Spuenier, Portugal verléiert seng Onofhängegkeet, gëtt zu enger spuenescher Provënz degradéiert a verléiert Stécker vu sengem Kolonialräich. 1640 kënnt et zu enger Revolte géint d'spuenesch Herrschaft vum Adel ënner dem Herzog vuBragance, dee sech alsJean IV. zum Kinnek erkläert. Hie grënnt déi virlescht portugisesch Dynastie, d'Haus Bragance. Baussen- a wirtschaftspolitesch gëtt d'Land méi a méi ofhängeg vunEngland (cf.Methuenvertrag,1703).1755 zerstéiert enÄerdbiewen grouss Deeler vun der Haaptstad Lissabon, deMarquês de Pombal baut d'Stad erëm op a baut d'Land mat deels drastesche Methoden zu engem opgekläertenabsolutistesche Staat ëm.1807 hunnnapoleonesch Truppen d'Land besat, d'kinneklech Famill goung an denExil a Brasilien. Nodeemss d'Fransouse mat brittescher Hëllef erausgehäit goufen, koum et zu engerliberaler Revolutioun, d'Land krut fir d'éischt Kéier a senger Geschicht engConstitutioun (1821). Eréischt amMiguelistekrich hunn d'Unhänger vun engerkonstitutioneller Monarchie géint d'Unhänger vum Absolutismus gewonnen. 1821 gouf Brasilien ënner dem KeeserPedro I. onofhängeg.
D'Zäit nom Miguelistekrich gëtt vum Konflikt tëscht de riets- an de lénksliberale (Cartisten aSetembristen) bestëmmt.1853 stierft mat der KinniginMaria II. d'Haus Bragance an direkter Linn aus, wéinst dem Bestietnes vun der Kinnigin mamFerdinand II. vuSachsen-Coburg-Gotha kann d'portugisesch Branche vun dësem däitschen Adelshaus den Troun iwwerhuelen (bis1910). D'Schlussphas vun der Monarchie gëtt vun enger allgemenger Schwächt vum Land, wirtschaftleche Problemer (Staatsfaillite1891) a sech widderhuelend republikanesch Opstänn bestëmmt.1908 kommen de KinnekCarlos I. a säin Ierwe bei engem Attentat ëm d'Liewen, 1910 gëtt d'Republik ausgeruff.
1916 gräift d'Land op der Säit vun derEntente an denÉischte Weltkrich an. Déiéischt Republik, bis1926, ass duerchanarchesch a chaotesch Zoustänn gezeechent, monarchistesch a kommunistesch Revolten, Putschversich (ë. a. vumSidónio Pais,1917), schwaach, dacks Regierungen déi wiesselen, ouni parlamentaresch Majoritéit an eng allgemeng politesch Instabilitéit erschwéieren d'Situatioun.
1926 putscht d'Arméi a setzt der éischter Republik en Enn. Ënner dem Militär setzt sech allerdéngs en Zivilist,António de Oliveira Salazar, vun1928 un Finanzminister, vun1932 u Premier, un d'Spëtzt vum Staat. Hie grënnt1933 denEstado Novo, den neien autoritäre Staat matfaschisteschen Tendenzen, mat enger Eenheetspartei (National Unioun), enger Staatsjugend an enger Geheimpolice (PIDE). AmZweete Weltkrich bleift d'Landneutral, erlaabt awer denAlliéierten d'Ariichte vu Militärbasen op denAzoren a gëtt, nodeem de Krich eriwwer ass,NATO-Member.1960 fänkt deKolonialkrich un, dee besonnesch an Afrika (Angola,Mosambik,Guinea-Bissau) mat grousser Häert gefouert gëtt.1968 muss de Salazar wéinst Problemer mat der Gesondheet opginn, säin Nofollger,Marcello Caetano, ka sech allerdéngs net zu radikale Reformen decidéieren. Duerch de Kolonialkrich ass Portugal aussepolitesch ëmmer méi isoléiert, d'Käschte vum Krich dreiwen d'Staatsverscholdung an d'Inflatioun an d'Luucht. Féierend Genereel erkennen, datt de Kolonialkrich militäresch fir Portugal net méi ze gewannen ass. Well d'Regierung net capabel ass, eng politesch Léisung fir de Problem ze fannen, kënnt et1974 zumPutsch. D'Onzefriddenheet vun der Bevëlkerung mat derDiktatur, déi duerch d'Wirtschaftskris (wéinst derÉischter Pëtrolskris 1973) nach verstäerkt gëtt, féiert dozou, datt sech d'Bevëlkerung massenhaft mat de putschenden Offizéier solidariséiert, et kënnt zu engem allgemenge Volleksopstand, derOeilletsrevolutioun, déi denEstado Novo ewechbléist. Déi nei Machthaber entloossen d'portugisesch Kolonien an d'Onofhängegkeet (1974/1975). Dat ass d'Enn vum portugisesche Kolonialräich.
Et bleift ze soen, datt Portugal seng lescht Kolonien, nämlech de klengen IwwerséiterritoireMacau, op der südchinesescher Küst, ongeféier 60 km vun Hongkong ewech, eréischt 1999 u China zeréckginn huet.
Déi éischt Phas no der Revolutioun ass vun engem Konflikt tëscht enger éischter konservativer Stréimung (Generol António Sebastião Ribeiro de Spínola) an engemsozialistesche Flillek (Otelo Saraiva de Carvalho,Haaptmann Otelo) gezeechent, dee sech an demMFA (Movimento das Forças Armadas - der Vereenegung vun de putschenden Offizéier) ofspillt. Um Ufank gésäit et sou aus, wéi wann d'sozialistesch Stréimung géif gewannen, well et zuVerstaatlechungen aLandreforme komm ass, déi nei Constitutioun von1976 definéiert de Sozialismus als Staatszil.
Mä wéi sech bei den éischte Presidentschaftswalen no der neier Constitutioun 1976 de moderéiertenGenerol Eanes iwwerraschend däitlech géint den Haaptmann Otelo kann duerchsetzen, sinn d'Weiche gestallt fir datt d'Land erëm eng parlamentaresch Demokratie no westeuropäeschem Modell ka ginn. Den Eanes an de Chef vun der Sozialistescher Partei, deMário Soares (Premier vun 1976 bis1978 a vun1983 bis1985, Staatspresident vun1986 bis1996) féieren d'Land 1986 an d'Europäesch Gemeinschaft.
1979 gewënnt fir d'éischt Kéier zanter der Oeilletsrevolutioun erëm eng politesch Gruppéierung, déi riets vun der Mëtt steet, d'Parlamentswalen (wat zu de RegierungeFrancisco de Sá Carneiro aFrancisco Pinto Balsemão féiert), d'Regierung ka sech mat der sozialistescher Oppositioun op eng Constitutiounsännerung eenegen, duerch déi sozialistesch Iwwerreschter, déi no der Oeilletsrevolutioun an d'Constitutioun geschriwwe goufen, erausgeholl ginn. D'Constitutiounsännerung, déi 1982 a Kraaft trëtt, eliminéiert ënner anerem dee bis dohi wichtege Revolutiounsrot a setzt e Verfassungsgeriicht nom Virbild vun aneren demokratesche Staaten an. 1985 gëtt denAníbal Cavaco Silva Premier, seng konservativPSD gewënnt onerwaart héich d'Wale vun1978, bei deenen eng Partei fir d'éischt Kéier eng absolut Majoritéit kritt. De Cavaco Silva bleift bis1995 Premier, hie steet fir engneoliberal Wirtschaftspolitik, d'Verstaatlechungen aus der Zäit vun der Oeilletsrevolutioun gi réckgängeg gemaach. Vun 1995 bis2002 stellen d'Sozialiste mat demAntónio Guterres d'Regierung, vun 2002-2004 huet d'Land mat demJosé Manuel Barroso erëm eng konservativ Regierung. D'Funktioun vum President ass mat engem Sozialist besat, well dem Soares säin Nofollger 1996 de SozialistJorge Sampaio gëtt.2004 gëtt de Barroso vumEuropäesche Conseil zum Nofollger vumRomano Prodi als President vun derEuropäescher Kommissioun bestëmmt. DePedro Santana Lopes gëtt doropshi Premier, mä seng Koalitioun hält net laang: den30. November 2004 rifft de President Sampaio Neiwalen aus, déi am Februar 2005 ofgehale ginn. DeJosé Sócrates, dee Spëtzekandidat vun derPartido Socialista war, ass zanter dem12. Mäerz2005 Ministerpresident.Den22. Januar2006 gouf de Cavaco Silva zum President gewielt; hie gouf den23. Januar2011 erëmgewielt.
Klimadiagramm vu PortoKlimadiagramm vu LissabonKlimadiagramm vu Faro
Den Norde vu Portugal huet e relativ killt a fiicht Klima. En ass ënnerdeelt an zwou Provënze resp. Landschaften:
DeMinho am Nordweste ass eng vun de Géigende wou déi meescht Leit wunnen, d'Groussstied leien nëmmen op der Atlantikküst, bannen am Land leien dofir vill Dierfer a méi kleng Stied. De Minho gëtt wéinst sengem Klima an der relativ staarker Vegetatioun als degrénge Gaart vu Portugal bezeechent. D'Häng vun de ville Flossdäller si fir den Ubau vun Drauwe reservéiert, aus deenen de bekanntePortwäin an deVinho Verde gemaach ginn. Donieft gëtt et och vill Geméiskulturen. D'natierlech Vegetatioun ass eng Mëschung vun där aus der gemässegter Klimazone an aus där vun der subtropescher, jee no Héicht gëtt etEechen oderKäschten resp.Kiferen anOlivebeem.
Am Nordoste läitTrás-os-Montes (Hanner de Bierger). Dësen Deel vum Land deen dem Mier de Réck dréit, ass eng Gebiergsregioun an där et am Wanter zimmlech kal, an am Summer zimmlech waarm ka ginn. D'Vegetatioun ass net sou staark wéi am Minho an hëlt of wat ee méi no bei d'spuenesch Grenz kënnt. Déi zwou Provënzen hunn eng Gemeinsamkeet: hir Gebiergsmassiver, wéi z. B. deMarão oder dePeneda-Gerês gi vu ville Flëss, wéi demRio Minho (Grenzfloss tëscht Portugal a Spuenien) oder demRio Douro, duerchschnidden. Am Norde vu Portugal läit deNationalpark Peneda-Gerês, dat gréisst Naturschutzgebitt vum Land, wou et och nach Reschter vum Urbësch gëtt, mat Beem wéi der wantergréngerSteeneech. Grouss Stied am Norde siPorto,Vila Nova de Gaia,Matosinhos,Braga,Vila Real aBragança.
Mëttelportugal ass gréisstendeels hiwweleg bis gebiergeg an huet mat derSerra da Estrela eng gréisser Biergskette wou et och e Skigebitt gëtt. Déi wichtegst Landschafte sinn d'Beira, deRibatejo (den Tejo-Plateau mat dem SpëtznummGaart vu Lissabon), d'Estremadura an den Zoufloss vum Tejo an den Atlantik. Déi ganz Regioun ass relativ fruchtbar an huet en optimale Klima fir den Ubau vu Wäindrauwen. Wäi gëtt hei schonn zanter der Réimerzäit produzéiert. Donieft ginn och nach all méiglech Zorte Kar, Räis, Sonneblummen a Geméis ugebaut. D'Regioun gëtt vumTejo an zwee gedeelt. Iwwerschwemmungen, déi fréier am Ribatejo reegelméisseg eng Plo waren, kommen zanter dem Bau vu ville Staumaueren net méi vir. Grouss Stied a Mëttelportugal siLissabon,Aveiro,Amadora,Almada,Seixal,Cascais,Coimbra,Viseu,Guarda,Leiria,Castelo Branco,Covilhã,Setúbal aSantarém.
De Süde vu Portugal besteet aus dräi Landschaften:Terras do Sado,Alentejo an der Algarve. Déi ganz Régioun ass platt bis hiwweleg mat engem drechene bis gliddege Klima. Den Alentejo, fréier souzesoen de portugisesche Reservoir fir Kar, ass hautdesdaags nëmmen dënn bewunnt a vill vu senge Bewunner wanderen aus, wäitleefeg Karfelder mat Olivebongerten aKorkeechen dominéieren d'Landschaft. Zum Kar- kënnt och nach de Wäinubau, an a klammende Proportiounen d'Sonneblumen, als Haaptproduiten. D'Wisen, déi am Fréijoer voll vu Blumme sinn, ginn als Weede fir d'Schof benotzt. Zum wirtschaftleche Néiergang droen net zulescht och déi ëmmer méi laang Drécheperiode bäi. Fir deem entgéint ze steiere ginn ëmmer méi Staumauere gebaut. Netheemesch, mä ëmmer méi heefeg ze fanne, sinnEukalyptusbeem, déi allerdéngs, wéinst der grousser Brandgefor déi vun hinnen ausgeet, net onëmstridde sinn. Déi südlech Küsteregioune sinn haaptsächlech vu Kifere bewuess. Donieft gëtt et villPalmenzorten, vun deenen awer nëmmen d'Zwergpalm aus dem Land selwer ass.
D'Algarve markéiert déi ganz Südküst vum Land an ass mat hire schéine Stied, de géie Küsten a Sandplagen zu enger beléifter Vakanzendestinatioun ginn, wat déi gewinnt negativ Niewewierkunge vum Massentourismus mat sech bruecht huet. Grouss Stied a Südportugal siPortalegre,Évora,Beja,Faro aSagres. De wichtegste Floss ass deRio Guadiana, deen och d'Grenz zu Spuenien markéiert. Un déi grouss Hëtzt am Summer ugepasst sinn och vill Planzen déi Waasser späicheren.
Zu Portugal gehéieren och déi zwou InselgruppeMadeira (Holzinsel) an d'Azoren d'Héngerdéifsinsel amAtlantik. Déi sinn duerch vulkanesch Aktivitéit entstanen an hu wéinst hirer Lag virun der afrikanescher Küst eng zu engem Deel tropesch, zum aneren Deel subtropesch Vegetatioun. Den héchste Bierg vu Portugal fënnt een op den Azoren (Monte Pico, 2 351 m).
De wichtegste Floss vu Portugal ass denTejo, deen a Spuenien ënner dem NummTajo entspréngt a bei Lissabon an den Atlanteschen Ozean fléisst.
D'Déierewelt vu Portugal ass nëmmen onwesentlech anescht wéi déi vu Spuenien. Vereenzelt gëtt et nachWëllef; dePardelluchs, deen et nëmmen op der ibeerescher Hallefinsel gëtt, ass a Portugal bal ausgestuerwen. Nëmmen nach seele ginn Eenzeldéiere fonnt an déi sinn héchstwarscheinlech iwwer d'spuenesch Grenz an d'Land komm. Fir de Rescht fënnt een nach d'Wëllkaz, deRoutfuuss, d'Wëllschwäin, denHirsch, wëllGeessen an d'Wëllkanéngchen. A Portugal kann ee vill Vigel observéieren, well d'Land op der Migratiounsroute vun denZugvigel fir d'Destinatioun Afrika läit, dorënner besonnesch am Süden ochFlamingoen;Steenadler liewen an de Küstegebidder a ginn do och op d'Juegd. Am Banneland kommen och verschidden ZorteSchlangen aSkorpioune vir.
Portugal ass, aus sproochlecher, ethnescher a reliéiser Siicht, en homogeent Land. D'Portugisesch Sprooch gëtt am ganze Land geschwat. Just an den Dierfer vuMiranda do Douro gëtt en Dialekt geschwat, deMirandeesesch, deen demAstureschen zougerechent gëtt.
De maureschen Afloss ass a Portugal méi staark wéi an aneren europäesche Länner. No derReconquista goufen d'Mauren zum Deel verdriwwen, zum gréissten Deel alsversklaavt. Si hu sech méi spéit mat der Bevëlkerung vermëscht a waren um Opbléie vum Handwierk a vum Akerbau am fréieMëttelalter bedeelegt.
Iwwer laang Jore war Portugal en Auswanderungsland; wichteg Zentre vu portugisescher Kultur gëtt et virun allem aFrankräich wou 600 000 Portugise liewen. Anerersäits war Portugal schonn an den Zäite vun denOnofhängegkeetskricher vu senge Kolonien Zilland fir Immigranten aus den koloniséierte Géigenden. Zanter dem Bäitrëtt vu Portugal an d'Europäesch Unioun ass d'Land ëmmer méi zu engem Awanderungsland gi fir Mënschen aus Afrika (Angola), Südamerika (Brasilien), deKap Verdeschen Inselen an aus Osteuropa (Russland,Moldawien an aus derUkrain).
Enn 2003 hunn ongeféier 250 000 Auslänner a Portugal gelieft. Vun deene stamen déi meescht aus anere portugiseschsproochege Länner, si gréisstendeels Katholicken an hunn de selwechte kulturelle Fong. E Véirel vun den Auslänner, déi a Portugal liewen, sinn Europäer; zum Deel Leit, déi hir Pensioun am Land verbréngen. Mä dobäi sinn awer och Portugisen, déi ausgewandert waren an dunn zeréckkommen, deelweis mat anere Päss. Statistesch gesinn, kënnt op zéng Portugisen ee Bierger, deen net vun do ass.
Méi wéi d'Hallschent vun den Auslänner lieft zuLissabon oder an anere Küstestied. D'Bevëlkerungsdicht ass am gréissten an der Küstesträif tëscht der spuenescher Grenz an der Géigend ronderëm Lissabon. Op deem Terrain liewe 70 Prozent vun der ganzer Bevëlkerung; d'Hannerland ass nëmme ganz dënn besidelt.
Iwwer 10 Prozent vun de Leit wunnen an enger vun de Groussstied Lissabon oder Porto. Méi wéi d'Hallschent lieft an Uerschafte mat manner wéi 2000 Awunner.
Matzen am Land gëtt et ëmmer méi Migratiounsbeweegungen. Ëmmer méi Mënsche plënneren aus dem Hannerland a Richtung Industriezentren (Lissabon,Porto) oder Tourismusgéigenden (Algarve,Madeira oder op d'Azoren).
Zanter dem Bäitrett vum Portugal zurEG am Joer1986 huet sech dem Land seng Économie sech méi a méi diversifiéiert a sech dobäi virun allem op den Déngschtleeschtungssecteur ausgeriicht. Dengschtleeschtunge maachen an der Tëschenzäit ongeféier zwee Drettel vumBIP aus. Wéi och an anere Staate vun Europa goufen an de leschte Joren noutwennegPrivatiséierungen duerchgefouert an dem Staat seng Ausgabe reduzéiert.1998 huet sech Portugal fir de Bäitrett an d'Europäesch Wärungsunioun qualifizéiert an huet den 1. Januar 2002, wéi 11 aner Staaten och, denEuro als Wärung agefouert.
00
De Contenu vun dësem Kapitel oder dësem Artikel ass net vollstänneg oder net méi aktuell. Hëlleft wgl. mat, en ze komplettéieren oder nees op de leschte Stand ze bréngen.
D'Neiverschëldung vu Portugal läit momentan iwwer den 3 % déi amMaastricht-Vertrag definéiert goufen, woubäi et allerdéngs net dat eenzegt Land am Moment ass.
De Wirtschaftswuesstem huet mat ongeféier 3,3 % all Joer zwar an der Vergangenheet den EU-Durchschnett an der Reegel iwwertraff, trotzdeem ass Portugal nach ëmmer den äermstenAlmember vun derEU: De BIP pro Kapp (aKaafkraaftparitéiten) läit bei ongeféier 78 % vum Duerchschnett vun den EU-Länner virun derOstvergréisserung, woubäi en1985 nach bei 50 % louch. Aus deene Grënn geréit Portugal ëmmer méi a Rivalitéit mat Länner mat nidderege Paien aus Mëttel- an Osteuropa, Asien an Nordafrika an ass deemno fir auslännesch Direktinvestitiounen net besonnesch attraktiv; d'Durchschnëttsléin sinn a Portugal ganz niddrëg bei ganz laangen Aarbechtszäiten. Auslännesch Investitiounen komme virun allem ausGroussbritannien aSpuenien; déi gréisst Investitioun vun allen Zäite war de Bau vunAuto-Europa, enger Autofabrik.
De Chômage ass mat ongeféier 4 % am Verglach mat dem EU-Durchschnëtt niddereg, woubäi een dorun denke muss, datt et e groussen informelle Secteur an der portugisescher Wirtschaft gëtt, deen e gewëssen Deel vun deenen Aarbechtslose beschäftegt, déi anerfalls an d'Chômage-Statistike géife falen.
Den Aussenhandel gëtt zu ongeféier 80 % mat den EU-Partner ofgewéckelt; exportéiert gi virun allem Kleeder a Schong, Maschinnen, Chimiesproduiten, Kork, Cellulose a Pabéier. Importéiert gi Maschinnen, all Zorte vun Transportmëttelen,Pëtrol a Pëtrolsproduiten a Landwirtschaftsproduiten. Portugal huet e ganz groussenHandelsbilanzdefizit an och enZahlungsbilanzdefizit, deen duerch héich Recetten aus dem Tourismus allerdéngs net sou héich ass wéi den Handelsbilanzdefizit.
D'Landwirtschaft a Portugal ass eng vun den ineffizientsten an Europa; den Undeel vum Akerbau um BIP läit bei ongeféier 5 %, mä iwwer 15 % vun der aktiver Bevëlkerung schaffen hei. Dat huet dozou gefouert, datt vill Betriber hu missen opginn, soudatt mëttlerweil bal d'Hallschent vun de Liewensmëttel muss importéiert ginn. D'Korkeecheplantatiounen amAlentejo an de Ubau vuMandelen ass och an enger déiwer Kris. Anerersäits ginn op grousse FlächenEukalyptusbeem gesat, well déi méi séier wuessen an domat derCelluloseindustrie, engem wichtege Wirtschaftsfacteur vum Portugal, déi noutwenneg Ressource liwwert. Ëmweltpolitesch gesinn ass dat eng ganz schwiereg Situatioun, well den Eukalyptus dem Buedem seng Reserven hëlt, den Urbësch an domat och d'Déierewelt op d'Säit dréckt a selwer ganz liicht brennt, wat zu deene bekannten an heefege katastrophale Bëschbränn am Summer féiert.
Genee wéi den Akerbau huet och d'Fëscherei Produktivitéitsproblemer; d'portugisesch Fëschereiflott ass am Verglach mat der spuenescher wäit hannendran. Déi meescht Fësch ginn importéiert.
Ongeféier 8 % vum BIP, mat klammender Tendenz, bréngt den Tourismus an, woubäi déi meescht Touristen aus Spuenien a Groussbritannie kommen. D'Algarve ass den Zentrum vun der tourestescher Aktivitéit a läit dobäi mat groussem Ofstand un der Spëtzt.
DePresident, deen all fënnef Joer direkt an allgemenge Wale bestëmmt gëtt, ass och Commandant en chef vun der Arméi. Hien ernennt de Premier an de Ministerrot, woubäi en sech do un de Resultater vun der Parlamentswal z'orientéieren huet. DeStaatsrot ass e Gremium, deen de President beréit. E besteet aus sechs ziville Beamten, alle fréiere Presidenten, fënnef Persounen, déi vum Parlament gewielt ginn a fënnef Persounen, déi de President bestëmmt.
D'Regierung gëtt vumPremierminister ugefouert, dee sech säiMinisterrot zesummenstellt. All nei Regierung muss dem Parlament e Programm virleeën, iwwer deen debattéiert gëtt. Wann dee Programm net refuséiert gëtt, dann heescht dat, datt d'Régierung vum Parlament akzeptéiert gëtt.
D'Parlament gëtt alsAssembleia da República (Versammlung vun der Republik) bezeechent a besteet aus enger Kummer mat bis zu 230 Deputéiert. D'Deputéiert gi fir véier Joer gewielt, woubäi d'Verhältneswalrecht benotzt gëtt. De President huet d'Recht, d'Parlament opzeléisen an Neiwalen auszeschreiwen.
D'Iewescht Geriicht ass déi héchst Instanz vun der portugisischer Justiz, woubäi et speziell Iewescht Gerichter fir militäresch, verwaltungsrechtlech a steierrechtlech Froe gëtt. D'portugiseschCour constitutionnelle huet néng Memberen an iwwerwacht d'verfassungsgerecht Ausleeë vum Recht.
AmParteiespektrum dominéieren dräi Parteien: deSozialisten (PS) stinn zwou biergerlech-konservativ Parteien, d'Sozialdemokratesch Partei (PSD) an d'Vollekspartei (CDS-PP), géinteniwwer. Déi zwou leschtgenannte Parteien hu sech zu enger Walallianz, derForça Portugal, zosummegedoen. De PS stellt zanter der Oeilletsrevolutioun ëmmer de President, andeems d'Premieren schonn aus béid Lagere komm sinn. Zurzäit regéiert d'biergerlech-konservatiivt Lager.Weider Parteien sinn déi portugisesch Gréng (Partido Ecologista “os Verdes”,PEV), d'Kommunisten an de Lénksblock (Bloco de Esquerda,BE).
Portugal ass Member vun derEuropäescher Unioun (EU) an hat d'Presidence vumConseil vun der EU am éischte Hallefjoer2000 iwwerholl. An där Zäit huet Portugal als Zil gehat, den Dialog matAfrika ze forcéieren an Impulser fir d'Stäerkung vun derKonkurrenzkapazitéit vun der europäescher Wirtschaft ze ginn. Dat 2. Semester2007 huet et nees d'Presidence.
Portugal war Grënnungsmember vun derNATO a bedeelegt sech mat Truppe bei der Friddenssécherung umBalkan. Zesumme mat Spuenien ass Portugal un denIbero-Amerikanesche Sommete bedeelegt, deenen hiert Zil den Dialog virun allem mat de Länner ausLatäinamerika ass. Portugal war och an der Féierungsroll wéi d'Communautéit vun de Portugiseschsproochege Länner (CPLP) gegrënnt ginn ass, mam Zil, d'Kooperatioun vun dëse Länner ze verdéiwen. Portugal huet ochTimor-Leste ënnerstëtzt, eng fréier Kolonie, an där hirem Onofhängegkeetswëllen, souwuel finanziell wéi och militäresch, a kooperéiert elo mat dësem jonke Staat zesumme mat asiatesche Länner, den USA an derUNO.
Portugal huet en Territorialsträit matSpuenien wéinstOlivenza (resp.Olivença), dat zuSpuenie gehéiert, mä awer vu Portugal revendikéiert gëtt. Olivenza ass zanter1801 ënner spuenescher Verwaltung, allerdéngs huet Spuenien sech umWiener Kongress vun1815 bereet erkläert, den Territoire u Portugal zeréckzeginn. Dat ass nach net geschitt, wat Portugal dofir bis haut reegelméisseg verlaangt.
Portugal gëtt heiansdo ochd'Land vun de Poete genannt. An der portugisescher Literatur hat d'Poesie ëmmer méi e staarken Afloss wéi d'Prosa. AmMëttelalter, wéi d'portugisesch Natioun entstanen ass, war am Nordweste vun der ibeereschen Hallefinsel d'Poesie wäit verbreet an huet exzellent sou gutteepesch wéilyresch Wierker produzéiert. Ausser deene bekanntste klasseschen DichterLuís de Camões aFernando Pessoa, gëtt et eng Rei aner, manner bekannte Kënschtler, déi op déi modern portugisesch Literatur e wichtegen Afloss hunn..
D'Prosa huet sech e bësse méi spéit entwéckelt. Eréischt am14. Joerhonnert koumen déi éischt Chroniken oder Biographië vun Helleger eraus. DeFernão Lopes ass dovun dee wichtegsten; hien huet eng Chronik geschriwwen iwwer d'Regentschaft vun dräi Kinneken aus senger Zäit. International ass déi portugisesche modern Literatur am meeschte bekannt. Hei falen d'Schrëfte vumEça de Queirós an demNobelpräisdréier fir Literatur1998,José Saramago am meeschten op.
Ongeféier 97 % vun de Portugise siréimesch-kathoulesch, woubäi a Portugal Glawensfräiheet besteet. D'PilgerplazFátima läit a Portugal an ass der Maria, dem Jesus senger Mamm, dévouéiert. D'Maria gëtt vun de Portugise vill veréiert, bal wéi eng Gottheet, wat fir munnecher en Indiz op de Fait ass, datt d'Virfahre vun de Portugise virun derChristianiséierung haaptsächlech weiblech Gottheeten ugebiet hunn.
D'portugisesch Kichen huet enorm vill Aspekter, well d'Portugise vill Saachen, déi s'op hiren Entdeckungsfahrte kennegeléiert hunn, an hir Kachtraditiounen opgeholl hunn. An all Régioun vu Portugal gëtt et eege Spezialitéiten, mat verschiddene Fleesch- a Fëschzorten oder Mieresfriichten. D'Nationaliessen ass deBacalhau, bei deem et 365 verschidde Zoubereedungsméiglechkeete gi soll. Portugal ass och fir säi Wäi bekannt, schonn zanter derRéimerzäit gëtt Portugal mat dem Gott vum Wäin an de Fester, demBacchus, associéiert. Och haut gehéieren d'Wäiner aus Portugal zu deene beschten op der Welt, bekannt ass virun allem de séissePorto.
Déi wichtegst Museksform a Portugal ass deFado, dee ganz melancholesch ka sinn an dowéinst deelweis responsabel ass fir deKlischee vun de melancholesche Portugisen; géintiwwer den temperamentvolle Spuenier. Dës Musek huet eppes vusaudade (etwa:Seensucht) u sech, an et ass gutt méiglech, datt s'eng Mëschung ass vun de Lidder vu portugisesche Matrousen an de Rhythme vun afrikanesche Sklaven.
Dobäi gëtt en Ënnerscheed tëscht zwou Stilformen; demFado vuLissabon an deem vuCoimbra. D'Amália Rodrigues war déi wichtegst a bekanntst Fado-Kënschtlerin, no hirem Doud kruten e puer jonk Kënschtler d'Méiglechkeet aus dem Schiet erauszekommen an nei Forme vum Fado ze produzéieren, déi zum Deel nëmmen nach duerch d'saudade un den urspréngleche Fado erënneren. Och an de fréiere portugisesche Kolonien hat de Fado sech ausgebreet a sech eegestänneg zumkap-verdescheMorna vun derCesária Évora oder zum brasilianescheChoro weiderentwéckelt.
Aus der Zäit vum faschisteschenEstado Novo ënner demSalazar staamt eng Liddermaachertraditioun. Déi bekanntst Vertreter vun dëser Protestbeweegung sinn deJosé Afonso (dacksZeca genannt) an deSérgio Godinho. Vum José Afonso staamt d'Interpretatioun vumGrândola, vila morena, e Lidd, dat den Depart fir d'Oeilletsrevoluioun aglaut hat.
An derPopmusk huet sech a Portugal denHip Hop Tuga erausgeschielt, deen eng u Portugal adaptéiert Fassong vumHip Hop ass, an deen ënner Jugendlecher ganz populär ass.
All portugisesch Regioun ass houfreg op hiren eegeneFolklorestil (Ranchos Folclóricos). Déi portugisesche Musek- und Danztraditioun huet sech a Brasilien mat den Traditioune vun deSklaven aus dem Angola vun haut gemëscht an ass alsSamba och a Portugal ganz beléift. Ënner den angolaneschen Immigranten ass och deKuduro, eng Zort haarden, allerhad sënnleche Samba mat engemhelleweche Rhythmus, ganz populär, deKizomba ass en änlechen Danzrhythmus, deen awer net sou verbreet ass.
Am Juni gëtt et a ganz Portugal Fester zu Éiere vun den dräi Vollekshellegen (Santos Populares). Dës dräi Helleg sinn denAntonius, den hellegeJohannes an dePéitrus. Gefeiert gëtt mat Wäin,água-pé (Moscht), traditionellem Brout mat Sardinnen, Stroossefester an -dänz, Hochzäiten, Feier a Freedefeier a vill gudder Laun.
Santo António gëtt an der Nuecht vum 12. op den 13. Juni gefeiert, virun allem zu Lissabon (wou dësen Hellëge gebuer gouf und gelieft huet), wou et och eng Zort Kavalkad (Marchas Populares) him zu Éiere gëtt. Et ginn och Hochzäiten zelebréiert (Casamentos de Santo António). De populäersten Hellegen ass deSão João (hl. Jean), deen umGehaansdag virun allem zuPorto aBraga gefeiert gëtt, woubäi etSardinen aCaldo Verde (eng traditionell Zopp) gëtt an d'Leit sech géigesäiteg mat Plastikhummeren op de Kapp schloen, wat Gléck soll bréngen. Zu Éiere vumSão Pedro gëtt den 28. an den 29. Juni gefeiert, besonnesch zuPóvoa de Varzim an zuBarcelos, woubäi déi Fester zu Éiere vum Mier sinn. Dofir gëtt vill Feier (fogeiras) benotzt an et gëtt erëm eng Zort "Stroossefuesend".
Et gëtt a Portugal nach eng traditionell Sportaart, deJogo do pau (Bengelspill), dat e Selwerverdeedegungssport ass an einfach hëlze Bengelen als "Waff" benotzt. Dëse Sport staamt aus dem Mëttelalter, ass awer haut nach populär; d'Bengelen, déi hautdesdaags dofir geholl ginn, si 60 bis 80 Zentimeter laang, also méi kuerz wéi déi vu fréier.
Bis zu derOeilletsrevolutioun 1974 gouf d'Bildung lénks leie gelooss an och no der Revolutioun geet den Opbau vum Bildungssystem nëmme lues virun. Bis d'Joer2000 hat nëmmen een Zéngtel vun den Drëssegjäregen en Héichschouldiplom. Domat hat Portugal ënner den EU-Membere virun der Osterweiderung dee mat groussem Ofstand nidderegste Wäert. Mat senge 15 % Analphabeten louch Portugal och an dëser Statistik vir. Hautdesdaags awer net méi. Zanter 2016 läit den Taux vun den Analphabeten (meeschtens bei eelere Leit) bei 5 %[3] an 100 % vun de Schüler an der Primärschoul si scolariséiert.
Dat ass e grousse Problem fir d'wirtschaftlech Entwécklung, an dréit virun allem bei d'Ineffizienz vum Akerbau bäi, well virun allem d'Landbevëlkerung vum Analphabetismus betraff ass. Mä och d'portugisesch Mëttelschicht ass ënnerduerchschnëttlich gebilt, well den Accès op d'Universitéiten eréischt an de leschte Jore méi einfach ginn ass. Sou feelt et z. B. u gutt ausgebilten Entrepreneren déi traditionell Besëtzer vu Firme sinn der ausländescher Konkurrenz dacks net méi gewuess, well se duerch Ierwschaft, net duerch Ausbildung zu hirem Posten als Chef komm sinn.
De Schoulsystem besteet aus enger véierjäreger Primärschoul an enger fënnefjäreger Uewerschoul. Et besteet eng gesetzlech festgeluecht zwielefjäreg Schoulflicht fir all d'Kanner vun hirem sechste Liewensjoer un. D'Flichtschoul ass an de staatleche Schoule gratis a fir an enger vun de relativ ville privaten Institutiounen kënnen an d'Schoul ze goen, kënnen aarm Famille Subside kréien.
Wien no der Uewerschoul nach d'Escola Secundária besicht (wärend dräi Joer), däerf op d'Universitéit a kann tëscht e puer Méiglechkeete fir säin Héichschoulstudium wielen: d'Héichschoulbildung gëtt a Portugal vu staatlechen a privaten Universitéiten (universidades) a staatlechen a private Fachhéichschoulen (escolas politécnicas) ugebueden an duerchgefouert. Fir den entléene Régiounen ze hëllefen sinn a ville mëttlere Stied Héichschoulen agericht ginn; de Wiessel vun enger Institutioun zu enger anerer ass relativ liicht. Et ass op jiddwerfall en Opnamexamen z'absolvéieren an et sinn Studéiertaxe fälleg, déi bei de private Schoulen méi héich si wéi bei de staatlechen, an och vum Fach ofhängeg sinn; op staatleche Schoule si bis zu 850 € all Joer fälleg. Trotzdeem ass ongeféier en Drëttel vun de Studente bei enger privater Institutioun ageschriwwen. Zousätzlech zu den Aschreiwtaxe sipropinas ze bezuelen, dat sinn Taxen déi fir d'Austelle vun Zensuren an Diplomer agezu ginn. Ongeféier 20 % vun de Studente kommen an de Genoss vun enger akommesofhängeger staatlecher Subventioun.
Déi staatlech portugisesch Radio- an TelevisiounsgesellschaftRTP (Radiotelevisão Portuguesa) bedreift zwéin Televisiounssenderen,RTP 1 anRTP 2. Zanter1992 si Privatsenderen a Portugal erlaabt, zanterhier gëtt et nachSIC anTVI (Televisão Independente). De Programm gëtt bei alle véier Sendere vu brasilianeschen a portugiseschenTelenovelas an Action-Serien dominéiert; d'Noriichte sinn an héijer Mooss op Portugal ausgeriicht. Filmer ginn dacks op Englesch matËnnertitele gewisen. Den AuslandssenderRTP-Internacional kann och a Mëtteleuropa empfaange ginn.
A Portugal gëtt et ongeféier 150 Radiostatiounen, woubäi de Sender vun derRTP an de kathoulesche SenderRadio Renascença landeswäit kënnen empfaange ginn. D'RTP ass iwwerKuerzwell och a Mëtteleuropa ze héieren, allerdéngs nëmmen op Portugisesch.
Ënner de villen Zeitungen, déi a Portugal gedréckt ginn, leeft momentan e Konsolidéierungsprozess of, bei deem wuel e puer méi kleng Zeitungen ënnergoe wäerten.Déi wichtegst Zeitunge sinn déi konservativ-liberalDiário de Notícias, de linksliberalePúblico (allen zwee vu Lissabon) an deJornal de Notícias vu Porto.Ganz grouss Oploen hunn och d'Sportzeitungen, déi all Dag erauskommen a sech bal nëmme mat Foussball beschäftegen - déi wichtegst sinn d'O Jogo an d'A Bola.Als bescht Wochenzeitung gëllt denExpresso.Am Beräich vun derKlaatschpress sinn d'MagazinerMaria anNova Gente déi all Woch gedréckt ginn, déi Publikatioune mat den héchsten Oploen.
Déi dräi wichtegst Fluchhäfe vu Portugal,Porto,Lissabon aFaro gi vun e puer Fluchgesellschaften ugeflunn, woubäi déi zwou portugisesch FluchgesellschaftenTAP Portugal aPortugália déi meescht Verbindungen ubidden. Et gëtt och Flich bannent dem Land, mä well d'Land ze kleng ass sinn déi net besonnesch attraktiv an tendéieren dozou relativ deier ze sinn.
D'Stroossennetz ass, virun allem och mat Hëllef vu Subside vun derEU gutt ausgebaut, wat Leit, déi Portugal an den achtzeger Jore fir d'lescht Kéier besicht haten, verwonneren däerft. Déi wichtegst Route gi vunAutostradas (mat Péagen) oderItinerários Principais (IP) (gratis) resp.Itinerários Complementares (IC) zerwéiert. An ofgeleeëne Gebidder kann een allerdéngs nach dacks opPavé-Stroosse stoussen. D'Selwerfueren, speziell an de Stied, sollte sech Mëtteleuropäer gutt iwwerleeën; dem Chaos zu de Stousszäiten an dem generéisen Ausleeë vun de Verkéiersreegelen ass net jiddweree gewuess. Datt de Stroosseverkéier a Portugal zu den onsécherste gehéiert, hunn europäesche Onglécksstatistike schonn dacks bewisen. Taxie si relativ bëlleg, besonnesch an de Stied.
D'Eisebunnsnetz a Portugal ass net besonnesch dicht, op den Haaptstrecke sinn d'Verbindungen awer effizient a séier, wann d'Eisebunner net grad streiken. Op den Niewestrecke gouf an de leschte Joerzéngten näischt méi investéiert an et sinn der och mëttlerweil vill ausser Betrib. International Zich verbanne Portugal mat e puer Stied aSpuenien, dernieft gëtt et eng Verbindung opIrún op der spuenesch-franséischer Grenz mat direktemTGV-Uschloss fir op Paräis.
Dogéint gëtt et en zimmlech dicht Busnetz, dat zu niddrege Präisser bal all Uertschaft ufiert. International Busse verbanne Mëtteleuropa mat Portugal, si gi wéinst der laanger Fuerzäit allerdéngs bal nëmme vu Gaaschtaarbechter benotzt.
Wat nach dozou ze soen ass: All Krees huet en eegene reliéise Feierdag, dacks fir den hellegen Antonius den13. Juni, dem hellege Johannes de24. Juni oder den hellege Péitrus den29. Juni. Wann de Krees kee sou e Feierdag huet, dann assFuessonndeg e gesetzleche Feierdag. DeFuessonndeg gëtt awer faktesch wéi e normale Feierdag behandelt, virun allem well d'Staatsbeamten deen Dag normalerweis fräi hunn. Donieft gëtt doriwwer diskutéiert, de24. Juni als Feierdag anzeféieren (Onofhängegkeet vu Portugal am Joer1128).
Briesemeister, Dietrich an Axel Schönberger (Hrsg.), 1997.Portugal heute: Politik - Wirtschaft - Kultur. Frankfurt am Main. (Eng relativ deier, ustrengend, mä ganz informativ an déifgrënneg Aufsatzsammlung)
Freyre, Gilberto, 1990.Herrenhaus und Sklavenhütte. 491 S. Dtv. (Dat wichtegst Wierk vum bedeitende brasilianesche Soziolog an Anthropolog gëtt zwar eBild vun der brasilianescher Gesellschaft, mä an engem Drëttel geet et awer iwwer d'portugisesch Kolonisatoren a virun allem iwwer deenen hir kulturell Originnen an hir Wirtschaftsgeschicht rieds. D'Original koum 1933 ënner dem Titel "Casa grande e senzala" eraus).
Page, Martin, 2007.The first global village / How Portugal Changed the World. 9. Oplo. Casa das lettras, Cruz Quebrada, Portugal. 277 p. (zielt zu de beschten an aktuellste Geschichtbicher iwwer Portugal).
Remarque, Erich Maria, 1962.Die Nacht von Lissabon. (D'Geschicht spillt am Zweete Weltkrich an där Zäit, wou Lissabon eng Sammelplaz fir all déi europäesch Krichsrefugiée war, déi vun do aus an Amerika emmigréire wollten)