Den Hafe vu PortofinoEng typesch Villa, eng Landmaark am Agank vum Hafe vu Portofino
Portofino (lat.Portus Delphini) ass eng italieenesch Uertschaft a Gemeng aLigurien ëstlech vuGenua. Déi landschaftlech Lag, besonnesch déi vu sengem klengen Hafen, ass aussergewéinlech. Dofir ass Portofino sou bekannt ginn a zitt haut vill Touristen un. An der Noperschaft vu Portofino läitRapallo, eng aner geschichtlech bekannt a kuckeswäert Uertschaft.
Zur réimescher Zäit war d'Bucht vu Portofino, wéi d'Ausgruewungen noweisen, scho besidelt.
Souwoul Byzantiner wéi och Langobarden hu schonn dës Bucht bewunnt. Am Joer986 sinn d'Bucht an d'Duerf vu Portofino dunn an de Besëtz vun der Benediktinerabtei vuSan Fruttuoso komm. Aus dem Éischte Kräizzuch sinn d'Reliquie vum hellege Georg op Portofino bruecht ginn, wou se nach haut an derChiesa di San Giorgio sinn.