Movatterモバイル変換


[0]ホーム

URL:


Op den Inhalt sprangen
Wikipedia, déi fräi EnzyklopedieDéi fräi Enzyklopedie
Sichen

Portmanteau-Wuert

Vu Wikipedia

EPort[e]manteau-Wuert, am franséischemot-valise genannt, ass eKonschtwuert, dat aus op d'mannst zwee Wierder entstanen ass, déimorphologesch uneneenhänken a sech zum Deel iwwerschneiden, an déi sou zu engem neie Begrëff verschmolt zinn. Si gläichen deemno engemKompositum, ma sinn, anescht wéi dat, keng zwee Eenzelwierder méi.

De Begrëff kënnt aus demLewis Carroll senger ErzielungThrough the Looking-Glass, and What Alice Found There (1871) hier, an där denHumpty Dumpty der Titelheldin Alice déi glunge Wierder aus dem GedichtJabberwocky explizéiert: Se wiere wéi Walissen: zwou Bedeitungen an ee Wuert gepaakt. De Begrëff firWaliss, deen de Carroll gebraucht huet, warportmanteau (vum franséische Wuertporte-manteau, dat deemools e "Kleedersak" bezeechent huet; eréischt méi spéit krut et seng haiteg Bedeitung vu Kleederstänner oder -ophänk.)

Eng 70 Joer nom Lewis Carroll huet denJames Joyce a sengem SpéitwierkFinnegans Wake Dausende vu Portmanteau-Wierder erfonnt.

Beispiller

[änneren |Quelltext änneren]

Bekannte Beispiller fir Portmanteau-Wierder sinn:

Literatur

[änneren |Quelltext änneren]
  • Hannelore Poethe:Wort(bildungs)spiele, in: Irmhild Barz u. a.:Das Wort in Text und Wörterbuch, Hirzel, Stuttgart 2001, S. 23–40,ISBN 978-3-7776-1154-9
  • Hans Ulrich Schmid:Zölibazis Lustballon. Wortverschmelzungen in der deutschen Gegenwartssprache, in:Muttersprache 3 (2003), S. 265–278
  • Hartmut Günther:Kontamination, in: Helmut Glück (Hrsg.):Metzler Lexikon Sprache, Stuttgart 2005,ISBN 3-476-02056-8

Um Spaweck

[änneren |Quelltext änneren]
Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Portmanteau-Wuert&oldid=2494342
Kategorie:
Verstoppt Kategorie:

[8]ページ先頭

©2009-2025 Movatter.jp