DePont Neuf (lëtz.:Nei Bréck) ass, och wann den Numm eppes aneres vermudde léisst, eng vun den eelsteBrécken zuParäis. DePont Neuf leeft iwwer d'Seine a gouf a Frankräich alsMonument historique klasséiert.
Wéi déi meescht Brécken aus der Bauzäit vumPont Neuf ass et eng Boubréck mat klenge Béi. DePont Neuf ënnerscheet sech awer vun de weidereParäisser Brécken a verschiddene Punkten. Et war déi éischt Bréck déi iwwer d'ganzSeine gaangen ass. Ausserdeem war et déi éischt Paräisser Bréck déi net gedeckt war an op där keng Haiser stoungen. Zu gudder Lescht war och d'Reiderstatu vumHenri IV. eppes Neies umPont Neuf.
NomPont aval aPont amont vumBoulevard périphérique ass de Pont Neuf déi drëttlängst Bréck vun der Stad Paräis. Et ass engBoubréck aus Steen. D'Decisioun fir d'Bréck ze baue gouf am Joer1577 getraff, an den2. November vun deem Joer huet de KinnekHenri III. eng Kommissioun designéiert, déi d'Konstruktioun vun der Bréck iwwerwaache sollt. DeClaude Marcel, Generalkontroller vun de Finanzen, war d'Verbindung tëscht der Kommissioun an dem Kinnek. D'Konstruktioun gouf mat Patentbréiwer vum16. Mäerz1578 vum Kinnek autoriséiert.
Den2. Januar1602 huet den Henri IV. de Bau vun enger grousser Pompel -Pompe de la Samaritaine - an Optrag ginn, fir d'Palaisë vumLouvre a vun denTuileries mat Waasser ze versuergen. Dës Pompel gouf1813 zerstéiert.
AmJuli1606, wéi d'Aarbechten op en Enn goungen, huet den Henri IV. de Bau vun enger Plaz decidéiert, mat Haiser mat enger identescher Fassad - d'Place Dauphine.