D'Polarliicht (alsNordliicht um Nordpol wëssenschaftlechAurora borealis, alsSüdliicht um SüdpolAurora australis) ass e Liichtphenomeen, dat beim Opschloe vu geluedenen Deelercher vumSonnewand op d'Äerdatmosphär an dePolargebidder vun der Äerd verursaacht gëtt. Polarliichter si meeschtens nërdlech vum 60.nërdleche Breedegrad a südlech vum 60. südleche Breedegrad ze gesinn.
Antrëtt vu Sonnewandpartikelen iwwer d'polar TrichterenPolarliichter um Saturn
Polarliichter entstinn, wann elektresch gelueden Deelercher vun derMagnéitosphär, haaptsächlechElektronen, awer ochProtonen (Sonnewand) an e puer schwéierIonen (Sauerstoff a Stéckstoff), op déi iewescht Schichte vun derÄerdatmosphär treffen an do d'Loftmoleküllen zum Liichten ureegen. Den Opprall vun engem Deelche bewierkt bei deMoleküllen/Atomen engElementar Ureegung vergläichbar mat enger geännerterElektronekonfiguratioun. Bei der no kuerzer Zäit nees nofollgenderOfreegung gëttLiicht fortgeschéckt, allgemeng alsFluoreszenz bezeechent.
Polarliichter trieden haaptsächlech an dePolarregiounen op, well d'Sonnewanddeelercher, en elektresch geluedenePlasma mat enger duerchschnëttlecher Vitess vun zirka500 bis 833km/s (bis zu 3.000.000km/h) an engerDicht vun zirka5×106 Deelche prom3 an Äerdëmgéigend, gi vumMagnéitfeld vun der Äerd laanscht d'Feldlinnen op d'magnéitesch Polen dirigéiert. Do verleeft d'Magnéitfeld vertikal zu der Äerduewerfläch, an d'Deelercher kënnen an d'Äerdatmosphär antrieden. De Plasma brauch bis zum Antreffen bei engem Äerd-Sonn-Ofstand vu ronn 150Millioune Kilometer ongeféier 2 bis 4 Deeg.
Och op anerePlanéiten amSonnesystem ginn déi Evenementer observéiert. Viraussetzung dofir ass, datt de Planéit en eegent Magnéitfeld an eng Atmosphär huet.
D'Heefegkeet vu Polarliichter a mëttlere Breeten (Mëtteleuropa) hänkt vun derSonnenaktivitéit of. D'Sonn duerchleeft en Aktivitéitszyklus (Sonnefleckenzyklus), dee vum Ufank (solare Minimum) iwwer d'Mëtt (solare Maximum) bis zum Enn (neie Minimum) am Duerchschnëtt eelef Joer dauert. Mat dësem Zyklus schwankt och d'Heefegkeet vu Polarliichter. Besonnesch wärend dem Aktivitéitsmaximum (och Solarmax, fir d'lescht2011/2012) geschéie staarkEruptiounen op der Sonn besonnesch heefeg. Déi dobäi ausgeschleidert grousskoronalen Massenausworf si fir Polarliichter a Mëtteleuropa bedeitungsvoll. A fréien a spéide Phase vum Sonnenzyklus, no um solare Minimum, triede vill manner dëser Eruptiounen op a sou gëtt et och eng däitlech kleng Warscheinlechkeet fir Polarliichter. Trotzdeem kënnen och am offalenden oder klammenden Sonnezyklus staark Evenementer observéiert ginn.
Sou goufen ënner anerem am Hierscht2003 Polarliichter aGriicheland an och op deKanareschen Inselen gesinn.[1] Am Mëttel kënne wärend der Solarmaxphas a Mëtteleuropa ongeféier 10–20 vun dëse Liichtevenementer pro Joer gesi ginn, am Allgemengen um Nordhimmel, nëmme bei besonnesch staarkem Sonnewand kënne s'och a südlecher Richtung optrieden. Duerch äerdgebonne, visuellSonnenobservatioun kënne Polarliichter kuerzfristeg virausgesot ginn. Et geet awer besser duerch d'Abezéie vu fräi brauchbaren Date vun de Weltraummissioune vunESA anNASA zu der Erfuerschung vun der Sonn an dem Sonnewand. Well de Sonnewand 2–4Deeg vun der Sonn bis op d'Äerd brauch, kann an deem Zäitofstand no enger staarker Sonneneruptioun mat Polarliichter gerechent ginn.
D'Intensitéit vun de Polarliichter klëmmt zanter2007 nees un a kritt2012 hiren Héichpunkt. D'NASA rechent mat de stäerkste Polarliichter zanter 50 Joer.[2]
Polarliicht aus dem All opgehollHéichtenofstufung rout/gréng (bei Tromsö)Méifaarwegt Polarliicht
Polarliichter kënne verschidde Faarwen hunn. Gréngt Liicht entsteet duerchSauerstoffatomer, déi a gutt 100km Héicht ugereegt ginn, rout Liicht vu Sauerstoffatomer an enger Héicht vun 200km. UgereegtStéckstoffatomer sende violett bis blot Liicht aus. Fir d'Ureegung vu Stéckstoffatomer sinn awer ganz héich Energien noutwendeg a sou kann een déi Faarwen nëmme bei staarkem Sonnewand observéieren.
Well de Sonnewand baussenzeg vun de Polarregioune rar déif an d'Atmosphär andréngt, si Polarliichter an eiser Géigend, meeschtens rout.
Et triede véier verschidden Aarte vu Polarlichter op, déi ofhängeg vum Sonnewand sinn. Dëst sinn: Corona, Virhäng, roueg Béi a Bänner.Wëssenschaftlech gi si no der Valance-Jones Klassifikatioun ënnerdeelt: