DëseGeographiesartikel iwwerEuropa ass eréischt just engSkizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Skyline vu Podoroca, mat vir der Hl. Péiter vun Cetinje Plaz
Podgorica (kyr. Подгорица) ass mat ronn 150.000 Awunner (2011) d'Haaptstad vumMontenegro. Si läit an enger grousser Glécht op där Plaz wou d'Zeta an d'Morača leeft.
Vun 1946 bis 1992 housch d'StadTitograd. Den aktuellen Numm Podgorica bedeit souvill wéiënner dem Hiwwel.
Am Joer 1326 gouf Podgorica fir d'éischt Kéier als kleng Siidlung ernimmt a stoung laang am Schied vuSkutari,Medun an de KüstestiedBar aBudva, spéider dann och vunCetinje. Si huet Mëtt des 14. Joerhonnert zumserbesche Räich vum ZarStefan Dušan gehéiert, duerno zu de Fürstentemer vun deBalšić (bis 1421),Lazarević/Branković (1421–1439/1444–1452) an denCrnojević (bis 1466). Kuerzzäiteg stoung d'Stad och ënnervenezianescher Herrschaft. Vu 1466 u war Podgorica en Deel vumOsmanesche Räich. D'Osmanen hunn do eng grouss Festung gebaut, fir sech géint Ugrëff vun de fräie montenegrinesche Stämm aus de Bierger ze schützen. Mat der Festung ass déi strateegesch Bedeitung vu Podgorica gewuess. UmBerliner Kongress (1878) gouf Podgorica Montenegro zougesprach, deem seng Haaptstad zu där Zäit Cetinje war. D'Resultater vum Kongress hunn d'Enn vu 4 Joerhonnerten ënner osmanescher Herrschaft bruecht. Podgorica ass zanterhier déi gréisst Stad vum Land an déi wichtegst Handelsplaz.
AmÉischte Weltkrich stoung Podgorica vun 1916 bis 1918 ënner éisträichescher Besatzung. 1918 koum d'Stad mat Montenegro zuJugoslawien. AmZweete Weltkrich koumen no den italieenesche Besatzer (1941–1943) déi Däitsch (1943–1944). D'Stad war wärend dem Krich enger 70 Loftugrëff ausgesat, déi se bal ganz zerstéiert hunn. Am Dezember 1944 gouf se vujugoslawesche Partisane befreit. 1946 gouf d'Stad zu Éiere vum jugoslawesche MinisterpresidentJosip Broz Tito anTitograd ëmbenannt a gläichzäiteg zur Haaptstad vun der jugoslawescher Deelrepublik Montenegro erkläert. Zanter dem 2. Abrëll 1992 heescht se neesPodgorica. Nom Onofhängegkeetsreferendum 2006 gouf Podgorica d'Haaptstad vum neie Staat Montenegro.