Movatterモバイル変換


[0]ホーム

URL:


Op den Inhalt sprangen
Wikipedia, déi fräi EnzyklopedieDéi fräi Enzyklopedie
Sichen

Plou

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem landwirtschaftleche GeschierPlou. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl.Plou (Homonymie).
E Plou, vun zwee Päerd gezunn

EPlou ass e Geschier, dat beimAkerbau gebraucht gëtt fir de Buedem d'ënnescht-d'iewescht ze dréinen an ze vergrimmelen. Doduerch gëtt d'Wuerzelstruktur vun de bis ewell do gewuessene Planzen zerstéiert, an de Buedem gëtt duerchlëft a gelackert, fir datt e prett ass fir duerno drop zeséien.

E Plou gouf fréier vu Mënschen oder Béischte gezunn, wéiUessen,Päerd oderIeselen. Haut ass et meeschtens enTrakter, deen en zitt.

Bestanddeeler

[änneren |Quelltext änneren]
Deeler vum Plou: 1 Grëndel, 2 Kramp, 3 Héichtenastellung (Kéiernol), 4 Kolter, 5 Meessel, 6 Schuer, 7 Réischter

Mam Kramp gëtt de Plou un de Béischten hiert d'Zuchgeschier oder den Trakter ugekroopt. Vir sëtzt och den Zoch fir d'Ploudéift anzestellen. De Ploukapp ass duerch de Grëndel mam hënneschte Plou verbonnen, wou mat der Schuer den Haaptdeel sëtzt. D'Schuer besteet nach aus verschiddenen Deeler: e Meessel dee virschneit, d'Schuer déi noschneit, an um Wupp de Réischter deen de geschniddene Buedem op d'Säit ëmdréint.

Eng oder e "Buuschtel", (och nachBuuschel,Buschel oderBoschel) ass déi viischt Sail un engem Plou[1], déi op däitsch"Sech(holz)" oder"Kolter(holz)" genannt gëtt[2]. Si hält d'Schuer an der Riicht a spléckt den Aker propper a scho geplout an ongeplout Land.

Technesch Entwécklung

[änneren |Quelltext änneren]

Allgemeng

[änneren |Quelltext änneren]

An engem klenge Gaart kann ee sech nach mat engemSpuet ploe fir de Buedem opzelackeren, mee fir e groussen Aker brauch een e Plou, deen eng gewëssen Hiewelwierkung huet. Schonn an derJongsteenzäit sinn déi éischt Pléi entstanen, déi deemools nach vu Mënsche gezu goufen an de Buedem éischter opgeritzt hunn.

An de 70er Jore vum 1. Jh. n. Chr. beschreift dePlinius den Eelsten wéi déi räteschGallier e Plou mat méi breeder Schuer geholl hu fir de Buedem och ze dréinen. Richteg effektiv gouf dat Dréinen awer eréischt wéi bei d'Schuer d'Buuschtel koum a gehollef huet eng Sträif Buedem erauszeschneiden, déi da vum Réischter komplett ëmgekéipt gouf.

Aner wesentlech Verbesserunge waren d'Schuer ausEisen, an d'Aféiere vu Rieder déi d'Leeschtung vun de Béischte méi op d'Opbrieche vum Buedem konzentréiert hu wéi op d'Zéie vum schwéiere Plou selwer.

Wat méi Päerd vir gezunn hunn, spéider a Form vu Maschinnen, wat den eeschuerege Plou besser duerch e méischueregen ersat konnt ginn, deen an engem Duerchgank haut bis zu 9 Strale plout.

De Pluchet-Plou

[änneren |Quelltext änneren]

De Pluchet-Plou war eng Weiderentwécklung vum einfache Plou duerch deVincent Charlemagne Pluchet (1774-1837). Dat besonnescht war datt dee Plou an der Héicht an an der Breet verstallt konnt ginn. Dëse Plou gouf bis an d'50er Joren, wéi d'Trakteren opkoumen, aFrankräich, besonnesch vun de Bauere vumPlateau de Trappes gebraucht.

Literatur

[änneren |Quelltext änneren]
  • Bruch, R,Der Pflug in der Mundart: Bauer und Dorfschmied als Helfer unserer Sprachforschung, inLëtzebuerger Baurekalenner, 1955, S. 68-78

Um Spaweck

[änneren |Quelltext änneren]
Commons: Ploughs – Biller, Videoen oder Audiodateien
  • historesch Plouzorten
    historesch Plouzorten
  • Ënnerschneidplou
    Ënnerschneidplou
  • Brabännerplou
    Brabännerplou
  • modernen Dréiplou
    modernen Dréiplou

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Luxemburger Wörterbuch: Buuschtel/Kolterholz
  2. Luxemburger Wörterbuch: Plou
Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Plou&oldid=2267278
Kategorien:

[8]ページ先頭

©2009-2025 Movatter.jp