Movatterモバイル変換


[0]ホーム

URL:


Op den Inhalt sprangen
Wikipedia, déi fräi EnzyklopedieDéi fräi Enzyklopedie
Sichen

Planum Boreum

Vu Wikipedia
Planum Boreum
3D-Kaart, berechent aus Daten opgeholl vumMars Global Surveyor.
Eegenschaften
RegiounPlanum Boreum
Breet87,32
Längt54,96
Duerchmiesser350 km
Déift? m
Alter?

DePlanum Boreum ass e Gebitt ëm denNordpol vumMars, dat vumVastitas Borealis begrenzt gëtt. D'Géigestéck um Südpol ass dePlanum Australe.

Etymologie

[änneren |Quelltext änneren]

Planum Boreum –d'Nordflaachland – leet sech of vum Laténgeschen Adjektivplanus (flaach) respektiv vum Altgriicheschen πλάνος a vuBoreas.

Beschreiwung

[änneren |Quelltext änneren]

De Planum Boreum läit an engem breede Baseng (inoffiziell bezeechent alsBorealis-Baseng) nërdlech vun 78,5° nërdlecher Breet; et ass bei 88° Nord a 15° Ost zentréiert. Dat südlech uschléissend, 1400 Kilometer breet Band vun der Vastitas Borealis reecht bis 54,7 ° nërdlecher Breet erof an dominéiert d'Nordhemisphär. De Planum Boreum gëtt duerch déi doumaarteg, bis zu 2, maximal 3 Kilometer déck Äisschichte vun der nërdlecher Äiskap bestëmmt, déi haaptsächlech ausWaasseräis an eppes Stëbs (vu reng bis graffkäreg) opgebaut sinn. Wärend dem Nordwanter gëtt d'Äiskap vun enger 1 Meter décker Couche vunDréchenäis (festeKuelestoffdioxid) agepaakt. De ganze Volume vun der Äiskap ass 1,12 Millioune Kubikkilometer. Hir Uewerfläch ass annerhallef mol sou grouss wéiTexas an huet en Duerchmiesser vun 1200 Kilometer. D'Ausdeenung vun den Äismassen ënnerläit joreszäitleche Schwankunge mat engem Maximum am Ufank vum Marsfréijoer an engem Minimum am Spéitsummer.

De Planum Boreum formt en extreem flaache Baseng. Berechnunge weisen, datt et mat enger Lithosphärendéckt vu méi wéi 300 Kilometer am Flexurgläichgewiicht steet.

Opfälleg sinn d'Spiralrillen – spiralfërmeg Aschnëtter an der Äisdecken – inklusiv dem 460 km laangen, a bis zu 100 km breeden an ongeféier 2 km déiwe GruefChasma Boreale . D'Spiralrillen entstoungen duerch d'Awierkung vu katabatesche Fallwënn am Zesummewierke matAblatioun respektivSublimatioun duerch Sonnenastralung. D'Rille sti bal vertikal zu der Wandrichtung. Duerch d'Coriolis-Kraaft ginn d'Stierm déi vum Nordpol no Süde blosen ofgelenkt, wouduerch Spiralmuster entsteet. Am Laf vun der Zäit wanderen d'Spiralrillen a Richtung Nordpol – sou hu sech d'Rillen am Zentralberäich an de leschten 2 Millioune Joer ëm 65 Kilometer verlagert. De Chasma Boreale ass e méi alen a wäit méi grousseCanyon, dee parallel zu der Haaptwandrichtung verleeft.

D'Uewerflächenzesummesetzung vun der Nordpolkap gouf am Marsfréijoer no där am Wanter erfollegter Dréchenäisakkumulatioun vun der Ëmlafbunn aus ënnersicht. Déi baussenzeg Ränner vun der Äiskap déi haaptsächlech aus Waasseräis bestinn, si mat bis zu 0,15%Stëbs verknascht. Op de Pol zou hëlt de Waasseräisgehalt vun der Uewerfläch of a gëtt vun Dréchenäis ersat. Gläichzäiteg verklengert sech och de Stëbs. Um Pol selwer ass d'Uewerfläch haaptsächlech rengt Dréchenäis mat engem minimalen Deel vun 30ppm Waasseräis.

Markant Terrainformen

[änneren |Quelltext änneren]
Nordpolkap a Planum Boreum, ëmginn vun Vastitas Borealis a blo

Extremen Terrain vum Planum Boreum ass deChasma Boreale, e risege Gruef an der Nordpolkap. Deen 100 Kilometer breede a bis zu 2 Kilometer déiwe Canyon huet op senge Säitewänn d'Uewerflächenäis an déi Nordpolschichtoflagerunge fräigeluecht. Westlech vum Chasma Boreale bilt de Planum Boreum géigeniwwer dem Déifland vum Vastitas Borealis eng markant Terrainstuf, déi gewéinlech 250 bis 300 a plazeweis bis zu 1000 Meter Héicht erreeche kann. Weider bausse léist se sech dann an enger Usammlung vuMesaen an Träch op. Déi südlech duerch de Chasma Boreale ofgetrennt Äiszong gëtt alsGemina Lingula bezeechent.

Südlech vum Planum Boreum schléisst sech denOlympia Planum un, dat tëscht 85° a 75° nërdlecher Breet vu risegeSanddünen, demOlympia Undae, ausgefëllt gëtt. Weider Dünefelder sinnAbalos Undae anHyperboreae Undae. Olympia Undae, dat gréisst vun dëse Felder, erstreckt sech vun 100° bis 240° Längt, Abalos Undae läigt tëscht 261° bis 280° Längt an Hyperboreae Undae tëscht 311° bis 341° Längt.

Lawinen

[änneren |Quelltext änneren]
Falschfaarwefoto vun enger Lawin um Äisrand

D'High Resolution Imaging Science Experiment (HiRISE) konnt véierLawinenofgäng iwwer e 700 Meter héije géien Hank observéieren. D'Stëbswollek vu rengemSuspensiounsmaterial ass 180 Meter breet an erreecht vum Fouss vum Hank aus gemooss eng Distanz vun 190 Meter. An de roude Schichten ass Waasseräis, wougéint déi wäiss Schichten aus Kuelendioxidfrascht bestinn. D'Lawin ass kloer vun der ieweschter rouder Schicht ofgaangen.

Periodesch Rankwollek

[änneren |Quelltext änneren]
Hubble-Foto vun enger kolossaler Wollekformatioun iwwer dem Nordpol vum Mars

All Marsjoer kënnt zur selwechter Zäit eng Rankwollek vu konstanter Gréisst iwwer d'Nordpolregioun. Si bilt sech Mueres a léist sech dann am Verlaf vum Nomëtteg nees op. De baussenzegen Duerchmiesser vun derWollek huet ronn 1000 Kilometer, den Duerchmiesser vum bannenzegen A huet 320 Kilometer. Well déi Rankwollek warscheinlech Waasseräis huet, ass si am Ënnerscheed zu Stëbstierm wäiss.

D'Rankwollek gläicht engem zykloneschenHurrikan, mécht awer kengRotatiounsbeewegung. Si entsteet wärend dem Nordsummer an héije Breeden. Hir Existenz däerft mat den eenzegaartege klimatesche Bedéngungen um Nordpol a Verbindung stoen.Zyklonen um Mars goufe scho vun de Viking-Sonden opgeholl. D'Gréisst vun der Rankwollek ass awer dräimol méi grouss. D'Rankwollek gouf vu verschiddene Sonde registréiert, ënner aneren och vumHubble am Joer1999 a vumMars Global Surveyor.

Areologie

[änneren |Quelltext änneren]

Denareologeschen Ënnergrond vum Planum Boreum gëtt vu Schichtoflagerunge vumHesperium (EenheetHpu) gebilt. D'Schichtpäck am Dekameterberäich sinn am Dallbuedem vum Chasma Boreale an an deRupes Tenuis opgeschloss. Si gi vun de Schichtoflagerunge vumAmazonium (EenheetApu), déi den Haaptdeel vum Äisschëld opbauen, iwwerlagert. Doriwwer leeë sech déi jonkamazonesch Äislagen (EenheetlApc), déi net méi wéi 2 Meter déck ginn. Déi jonkamazonesch Sanddüneformatioune wéi beispillsweis den Olympia Dunae (EenheetlApd) leie baussenzeg vum Äisschëld. Et gëttSeif-,Barchan- an aner Dünentyppen am Dekameterberäich aPermafrostplaze sinn och net rar. Si iwwerdecken entweeder späthesperesch DéiflandsedimenterlHl, hesperesch SchichtoflagerungenHpu, mëttel- bis spéitamazonesch Schichtoflagerunge vum ÄisschëldApu oder rau hesperesch KonstrukterHpe vun derScandia Cavi aScandia Tholi.

Dem jonkamazoneschen Äisschëld gëtt en Alter vu manner wéi 10 Millioune Joer zougewisen.

  • Klengem Impaktkrater an de Schichtoflagerunge vum Planum Boreum
    Klengem Impaktkrater an de Schichtoflagerunge vum Planum Boreum
  • Sublimatioun vun der Dréchenäisschicht op de Sanddüne am Fréijoer
    Sublimatioun vun der Dréchenäisschicht op de Sanddüne am Fréijoer
  • Kegelfërmegen Hiwwel an enger Rill um Nordpol
    Kegelfërmegen Hiwwel an enger Rill um Nordpol
  • Linear Düne mat Polygonéierung vun der Uewerfläch am Planum Boreum
    Linear Düne mat Polygonéierung vun der Uewerfläch am Planum Boreum
  • Opgefëllten Impaktkrater an den Oflagerunge vum Planum Boreum
    Opgefëllten Impaktkrater an den Oflagerunge vum Planum Boreum
  • Entdeeten Dünefeldrand
    Entdeeten Dünefeldrand
  • Stratigraphie vun den Oflagerungen am Planum Boreum
    Stratigraphie vun den Oflagerungen am Planum Boreum
  • Topographie vun der Nordhemisphär
    Topographie vun der Nordhemisphär

Kuckt och

[änneren |Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck

[änneren |Quelltext änneren]
Commons: Planum Boreum – Biller, Videoen oder Audiodateien
Flaach Landschaften an Héichplateauen um Mars
Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Planum_Boreum&oldid=2477000
Kategorie:

[8]ページ先頭

©2009-2025 Movatter.jp