DenTheolog Ratti gouf1879 zumPaschtouer geweit, als dräifach promovéierte Geléierten (Dr. jur. Dr. theol. Dr. phil.)1882 zum Professer zuMailand beruff an1888 Bibliothecaire an derAmbrosiana zuMailand. Am Joer1907 gouf hien de Prefekt vun derAmbrosiana, mä gouf awer schonn1911 vum PoopstPius X. opRoum geruff. Do gouf hien zunächst Vizeprefekt an1914 Prefekt vun der Vatikanescher Bibliothéik. Am Joer1918 huet hien de PoopstBenedikt XV. (obschonn hie keng diplomatesch Erfarung hat) zumApostolesche Visitator amRegentschaftskinnekräich Polen ernannt, duerno1919 zumNuntius zuWarschau anTitular-Äerzbëschof vuLepanto. D'Bëschofswei war zu Warschau. Als eenzegen akreditéierten Diplomat ass den Nuntius wärend der Belagerung vun derRouder Arméi amPolnesch-Sowjetesche Krich (1919-1921) an der Haaptstad bliwwen. Doduerch konnt hien e grousse Respekt ënner den Diplomaten an d'Léift vun de Pole gewannen.1920 gouf de Ratti zousätzlech peepstleche Kommissär fir d'OfstëmmungsgebidderUewerschlesien,Ostpreisen aWestpreisen. An där Funktioun huet seng Neutralitéit béid Säite rose gemaach, a sou gouf hien1921 zeréckgeruff, firÄerzbëschof vuMailand ze ginn, a kuerz dropKardinol mat derBasilika San Martino ai Monti als Titelkierch. Nom iwwerraschenden Doud vum Poopst, gouf de Mailänder Kardinol schonn de6. Februar1922 no engerKonklav vu véier Deeg am 14. Walgang zum Poopst gewielt an den12. Februar 1922 gekréint. Am Konklav stounge sech, wéi sou dacks amKardinolskollegium an der méi jonker Poopstgeschicht, fromm Äiferer ("zelanti", bes.Merry del Val) an éischter diplomatesch "Politiker" ("politicanti", bes.Pietro Gasparri) géintiwwer. Déi androcksvoll Perséinlechkeet vum Kardinol Ratti konnt béid Säiten iwwerzeegen.
Mat sengerUntrëttsenzyklika vum23. Dezember1922 huet den neie Poopst säi Programm virgestallt:"pax christi in regno christi", Fridde Christi a Christi Räich. Hien huet sech ausdrécklech déi pastoral a politesch Uleies vu senge Virgänger zu eege gemaach, de "soziale Modernismus" verurteelt, a positiv Leetlinne fir eng friddfäerteg Gesellschaftsuerdnung um Fundament vun der kathoulescher Relioun entwéckelt.
Ënner dem Pius XI. ass d'Léisung vun der sougenannter"Réimescher Fro" no der Souveränitéit vum Kierchestaat gelongen. Den11. Februar1929 huet hie mamBenito Mussolini d'Lateranverträg ofgeschloss, duerch déi d'Vatikanstad d'Onofhängegkeet krut. Ausserdeem gouf an de Lateranverträg och deKatholizismus zur Staatsrelioun erkläert (bis 1984), de Reliounsunterrecht war obligatoresch an eng antikierchlech Propaganda verbueden. D'Bezéiungen zu derfaschistescher Regierung sinn awer ëmmer méi schlecht ginn. Dëst huet1931 zu der Verëffentlechung vun derEnzyklikaNon abbiamo bisogno gefouert.
Säi wichtegst Konkordat ass nieft de Lateranverträg wuel d'Räichskonkordat mamDäitsche Räich vum10. September1933. Dacks gëtt dem Pius XI. an och sengem NofollgerPius XII. virgehäit, si hätte sech net däitlech genuch géint denNationalsozialismus gestallt. Verdeedeger weisen awer drophin, datt d'EnzyklikaMit brennender Sorge, déi1937 opDäitsch geschriwwe gouf (lat.Ardente cura; déi an Däitschland a Geheimen huet misse verdeelt ginn) d'nationalsozialistesch Ideologie verurteelt. Dës Enzyklika ass haaptsächlech op de Broch vum Räichskonkordat duerch d'Nationalsozialisten agaangen, déi duerno geplangt EnzyklikaHumani Generis Unitas (D'Eenheet vum Mënschegeschlecht; deelweis och alsSocietatis Unio zitéiert) sollt d'nationalsozialistesch Rassenideologie direkt verurteelen. De Poopst hat säin däitsche BeroderGustav Gundlach souwéi zwéi weiderJesuitte mat engem Entworf beoptragt.
Graf vum Pius XI.
Et koum allerdéngs net zu enger Verëffentlechung vun der Enzyklika. D'Aarbechten um Text konnten net zu Liefzäite vum Poopst ofgeschloss ginn, an och d'Auswierkunge vun enger Verëffentlechung waren ongewëss. Deeler vum Konzept vun der "verstoppten Enzyklika" goufen allerdéngs spéider vum Pius XII. benotzt, zum Beispill an der EnzyklikaSummi pontificatus. Nach 1937 gouf eng weider Enyzklika verëffentlecht, déi deKommunismus méi däitlech ugegraff huet, a Partei fir demFranco säi Putsch aSpuenien ergraff huet.
Den ëmfaassend gebilte Poopst war eng autoritär Perséinlechkeet, extreem villsäiteg begaabt, en onermiddlechen Aarbechter, dee seng Entscheedungen dacks eleng getraff huet. Sou huet hie sech ë. a. perséinlech ëm d'Detailer vum Ëmbau vum Vatikanstad an dem peepstleche Summersëtz zuCastel Gandolfo bekëmmert. Déi lescht Liewensjore ware vun engem schmäerzleche Léierprozess begleet, déi vum Pius XI. verlaangt hunn, de Charakter vu legitimer Autoritéit am gesellschaftlechen Zesummeliewen ëmmer méi däitlech vu purem Autoritarismus vu modernen Ideologien z'ënnerscheeden. Sou huet hien d'Hiwendung vun der Kierch zu derDemokratie virbereet, déi säin Nofollger dePius XII.1944 explizit formuléiert huet.
Apostoulescht RonnschreiwesRerum Ecclesiae,28. Februar1926. Iwwer d'Flicht an Aart vun der Fërderung vun den hellege Missiounen.
Apostoulescht RonnschreiwesRite Expiatis,30. Abrëll 1926. Iwwer den hellege Franziskus vun Assisi zu sengem 700. Doudesdag.
Apostoulescht RonnschreiwesMortalium Animos,6. Januar1928. Iwwer d'Flicht zur Suerg iwwer déi wierklech Eenheet an der Relioun.
Apostoulescht RonnschreiwesCasti connubii,31. Dezember1930. Iwwer d'chrëschtlecht Bestietnes am Hibléck op déi aktuell Verhältnesser, Iertemer a Verfeelungen a Famill a Gesellschaft.