Movatterモバイル変換


[0]ホーム

URL:


Op den Inhalt sprangen
Wikipedia, déi fräi EnzyklopedieDéi fräi Enzyklopedie
Sichen

Pistasch

Vu Wikipedia
Pistasch
Pistacia vera, Zort 'Kerman' mat zeidege Steefriichten
Wëssenschaftlech Klassifikatioun
RäichPlanzeräich
UerdnungSapindales
FamillAnacardiaceae
GattungPistacia
AartPistasch
Wëssenschaftlechen Numm
''Pistacia vera''
Carl von Linné

D'Pistasch ass d'Steefruucht vumPistaschebam (Pistacia vera), aus derFamill vun denAnacardiacea.

Et ass dëst eLafbam, dee bis zu 12 m héich a bis zu 300 Joer al gëtt. Seng Wuerzele kënne bis 15 m déif erofgoen. D'Käre sinn oval an hunn eng dënn, haart Schuel; de Som vun der Pistasch huet eng brongelzeg Haut an en hellgréngt Bannescht (d'Keimblieder). De Som gëtt an engem zweejäregen Turnus rekoltéiert. Pistaschebeem hunn entweeder nëmme männlech oder nëmme weiblech Bléien.

Vun de Mastix-Pistaschebeem gëtt am Juni d'Haarz gewonnen an als Wierzmëttel, Pech oder Reezmëttel gebraucht.

Déi bedeitendst Géigenden, wou Pistaschen ugeplanzt ginn, sinn denIran, d'USA an d'Tierkei (Gaziantep).

D'Pistaschekäre ginn am Hierscht gepléckt. Déi baussenzeg Haut gëtt ewechgespullt, da gëtt de Kär gedréchent a weiderverschafft (z. B. gëtt dat Bannenzegt gemuelen, oder d'Käre gi geréischtert a gesalzt).

Um Spaweck

[änneren |Quelltext änneren]
Commons: Pistacia vera – Biller, Videoen oder Audiodateien
Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Pistasch&oldid=2451789
Kategorie:

[8]ページ先頭

©2009-2025 Movatter.jp