Movatterモバイル変換


[0]ホーム

URL:


Op den Inhalt sprangen
Wikipedia, déi fräi EnzyklopedieDéi fräi Enzyklopedie
Sichen

Pifffaass

Vu Wikipedia
Pifffaass am Bauerebetrib
E modernt Drock-Pifffaass

EPifffaass ass eFaass op Rieder, oder eent dat op e Won ka gesat ginn, dat am Bauerebetrib gebraucht gëtt fir dePiff oder d'Gülle op d'Felder an d'Wisen ze féieren.

Modern Pifffässer ginn op zweeërlee Manéiere gefëllt:

  • Drock-Pifffässer ginn duerch Drock, dee vun engerPompel kënnt, gefëllt. D'Pompel hänkt un engemDrockschlauch, dee sengersäits un engemDrockrouer hänkt. Den Nodeel vun deem System: Wann d'Faass voll ass, leeft et duerch enIwwerlaf aus an de Piff muss opgefaange ginn.
  • Vakuum-Pifffässer gi mat enger Pompel gefëllt, déi enËnnerdrock am Faass produzéiert. D'Faass suckelt sech also voll. Eng Sécherung, an där, wéi bei villeWaasserspullbehälteren op denToiletten, eng Zort huele Ball dropschwëmmt, späert d'Alafventil, wann d'Faass voll ass.

Um Spaweck

[änneren |Quelltext änneren]
Commons: Pifffässer – Biller, Videoen oder Audiodateien
Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Pifffaass&oldid=2267294
Kategorien:

[8]ページ先頭

©2009-2025 Movatter.jp