Movatterモバイル変換


[0]ホーム

URL:


Op den Inhalt sprangen
Wikipedia, déi fräi EnzyklopedieDéi fräi Enzyklopedie
Sichen

Philip, Duke of Edinburgh

Vu Wikipedia
Philip, Duke of Edinburgh
Titelen
Prënz vum Vereenegte Kinnekräich
Zäit1947 bis2021
Biographie
Gebuer10. Juni1921
Korfu
Gestuerwen9. Abrëll2021
Windsor Schlass
Bestuet matElizabeth II.
PappAndreas vu Griichenland
MammAlice vu Battenberg
GeschwësterMargarita vu Griichenland, Theodora vu Griichenland, Cecilia vu Griichenland, Sophie vu Griichenland
KannerCharles III., Anne, Andrew Mountbatten-Windsor, Edward vu Wessex
GielercherGrand-croix de la Légion d'honneur, Croix de guerre 1939 - 1945, Albert Medal, Grand collier vum Uerde vum Infant Dom Henrique, Order of New Zealand, Cavaliere di Gran Croce Ordine al Merito della Repubblica Italiana, Kinnekleche Seraphinenuerden, Grand-croix vum Ordre de mérite vun der Republik Polen, Erléiser-Uerden

HRH, dePrince Philip, Duke of Edinburgh, gebuer den10. Juni1921 am SchlassMon Repos, opKorfu, alsPrënz Philipp vu Griicheland an Dänemark[1], a gestuerwen den9. Abrëll2021 amWindsor Schlass, war dePrënz-Consort vun der brittescher KinniginElizabeth II.

Hie war dat jéngst vu 5 Kanner vum PrënzAndreas vu Griicheland an Dänemark an der PrinzessinAlice vu Battenberg. Seng Kandheet huet hien, no engem Militärputsch, bei senger Mamm zu Paräis verbruecht. Seng Eltere ware getrennt, a seng Mamm hat psychesch Problemer, sou datt hien an de Joren dono bei verschiddene Familljememberen opgewuess ass. Wärend demZweete Weltkrich goung hie bei d'Royal Navy an huet 1947 déi brittesch Nationalitéit ugeholl, an huet och säin Numm vuSchleswig-Holstein-Sonderburg-Glücksburg aMountbatten ëmännere gelooss an op den TitelPrënz vu Griicheland an Dänemark verzicht.

Den 20. November 1947 huet hien déi deemoleg brittesch Prinzessin an Trounfollgerin Elizabeth bestuet.

Wéinst senger militärescher Karriär an dem Status vu senger Fra hat hien eng ganz Rëtsch militäresch Graden:Lord High Admiral vum Vereenegte Kinnekräich,Admiral of the Fleet (Groussadmirol) vun der Royal Navy,Field Marshal (Feldmarschall) vun derBritish Army aMarshal of the Royal Air Force (Loftmarschall) vun derRoyal Air Force.

Hie war och Member vumSavage Club a bei deFräimaurer.

An de Medie goufe seng geleeëntlech net ëmmerpolitesch korrekt Aussoe bei offiziellen Optrëtter gär erëmginn a kommentéiert.

Hien huet mat der Kinnigin Elizabeth 4 Kanner:

Säi kompletten Titel warHis Royal Highness The Prince Philip, Duke of Edinburgh, Earl of Merioneth and Baron Greenwich, Royal Knight of theMost Noble Order of the Garter, Extra Knight of the Most Ancient and Most Noble Order of the Thistle, Member of the Order of Merit, Grand Master and First and Principal Knight of the Most Excellent Order of the British Empire, Knight of the Order of Australia, Companion of the Queen's Service Order, Lord of Her Majesty's Most Honourable Privy Council, Member of Her Majesty's Privy Council for Canada.

Soss

[änneren |Quelltext änneren]

D'Prënz-Philip-Beweegung ass eCargo-Kult vun de Leit vum Duerf Yaohnanen op der InselTanna, déi zuVanuatu gehéiert. Dëse Kult veneréiert de Prënz Philip als engGottheet.

Um Spaweck

[änneren |Quelltext änneren]
 Commons: Prënz Philip – Biller, Videoen oder Audiodateien
Autoritéitskontroll

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Official website of the British monarchy
Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Philip,_Duke_of_Edinburgh&oldid=2634901
Kategorien:
Verstoppt Kategorien:

[8]ページ先頭

©2009-2025 Movatter.jp