DePetr Fiala, gebuer den1. September1964 zuBrno, ass entschechesche Politikwëssenschaftler, Historiker aPolitiker, an zanter dem 28. November 2021 Ministerpresident vun der Tschechescher Republik.
Hie war Professer fir Politikwëssenschaft op, a vun 2004 bis 2011 Rekter vun derMasaryk-Universitéit zuBrno. Vun 2012 bis 2013 war hien tschecheschen Edukatiounsminister. Hien ass zanter Januar 2014 Parteipresident vun derliberal-konservativerObčanská demokratická strana (ODS).
Bei de Parlamentswalen 2021 war hie Spëtzekandidat vun der oppositioneller WalkoalitiounSPOLU, déi sech aus de Parteien ODS,KDU–ČSL anTOP 09 zesummegesat huet, an déi der Regierung vum PremierAndrej Babiš en Enn maache wollten, deem seng Vermëschung vu privaten an ëffentlechen Intressen a säi Management vun derCOVID-19-Pandemie se kritiséiert hunn.
D'SPOLU huet knapps virum Babiš senger ANO gewonnen, a mat derTschechescher Piratepartei aSTAN den 11. November e Koalitousvertrag ënnerschriwwen. Den 28. November 2021 gouf de Petr Fiala vum StaatspresidentMiloš Zeman zum Ministerpresident ernannt. De 17. Dezember 2021 gouf seng Regierung vereedegt.
Premierministere vun der Tschechescher Republik |
---|
|