Movatterモバイル変換


[0]ホーム

URL:


Op den Inhalt sprangen
Wikipedia, déi fräi EnzyklopedieDéi fräi Enzyklopedie
Sichen

Peshawar

Vu Wikipedia
DëseGeographiesartikel iwwerAsien ass eréischt just engSkizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Afghanen a Pakistaner an engem Flüchtlingslager bei Peshawar, am Hannergrond d'Bierger, déi Pakistan vun Afghanistan trennen
Wéi Hierken an enger Tonn....

Peshawar ass eng Stad aPakistan, déi an der nordwestlecher Grenzprovënz, net wäit vunAfghanistan, läit an dofir zanter Joerzéngten d'Réckwierkunge vum Krich anAfghanistan ze spiere kritt huet. Zu Peshawar, an där Regioun, wou kee weess, wou Pakistan ophält an Afghanistan ugeet, gëtt et riseg Flüchtlingslager, an deenenAfghanen aPakistaner a mënschenonwierdege Konditiounen an ënner fräiem Himmel am Knascht hausen. Si waren an den 80er an 90er Joren en Opfanglager fir d'Fräiheetskämpfer, déi deemools géint d'Russen an hir Alliéiert an Afghanistan gekämpft hunn a verwonnt iwwer d'Grenz komm sinn. Vill vun hinnen haten en Arem oder e Been duerch Minne verluer. Zu Peshawar hu se versicht, sech z'erhuelen, fir da mat neie Waffen (op eng mysteriéis Weis si se dru komm) zeréck an den Asaz no Afghanistan ze goen. Ëm Peshawar gëtt et dofir och vill Atelieren, déi primitiv Been- an Aarmprotheese fabrizéieren.

VuPehawar aus féiert eng Strooss iwwer deKhyber Pass noAfghanistan. Hien ass bekannt duerch d'Verloschter, déi d'englech Truppen an enger Schluecht do erlidden hunn.

Um Spaweck

[änneren |Quelltext änneren]
Commons: Peshawar – Biller, Videoen oder Audiodateien
Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Peshawar&oldid=2476940
Kategorie:
Verstoppt Kategorie:

[8]ページ先頭

©2009-2025 Movatter.jp