Movatterモバイル変換


[0]ホーム

URL:


Op den Inhalt sprangen
Wikipedia, déi fräi EnzyklopedieDéi fräi Enzyklopedie
Sichen

Peking

Vu Wikipedia
DëseGeographiesartikel iwwerChina ass eréischt just engSkizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Peking
北京市 (Běijīng Shì)
WopenLokalisatiounskaart
Land:China
Regierungsonmëttelbar Stad:Peking
Koordinaten:039° 55' 44" N
116° 23' 18" E
Fläch:16.807,8 km²
Awunner:19.612.000(2011)
Bevëlkerungsdicht:1.167 Aw./km²
Héicht:63 m
Zäitzon:UTC+8
Den Himmelstempel
D'keeserlech Gäert vu Peking mam Summerpalais
Aner Foto vun de keeserleche Gäert zu Peking

Peking oder ochBeijing (chin.北京,Běijīng,W.-G.Pei-ching), iwwersat d'Haaptstad vum Norden, ass d'Haaptstad vun der VolleksrepublikChina.

Kuckeswäertes

[änneren |Quelltext änneren]

Monumenter a Gebaier

[änneren |Quelltext änneren]
  • Tiananmen-Plaz (Plaz vum himmlesche Fridden)
    • Op dëser Plaz hu sech grouss Ereegnesser ofgespillt:
      • 04. Mee1919: China krut duerch deVersailler Vertrag gewëss Héiheetsrechter an der ProvënzShandong net méi zeréck, mä déi Regioun ass e japaneschtProtektorat ginn. Duergéint hunn deemools op der Tianamen-Plaz méi wéi 3000 Studente protestéiert.
      • 04. Abrëll1976: Um chineesesche Gedenkdag un déi Doudeg hat d'Bevëlkerung do Kränz a Blummen zu Éiere vum beléiften, kuerz virdrun verstuerwenen, MinisterpresidentZhou Enlai néiergeluecht. Well dat de Politiker um Rudder net gepasst huet, goufen dës Blummen ewechgeraumt. Dausende vu Chinesen hunn den Dag drop hei dergéint protestéiert. Dës friddlech Demonstratioune goufe vun der Police an dem Militär mat Gewalt opgeléist.
      • 04. Juni1989: Dat ass den Dag vum sougenanntenTiananmen-Massaker. Hei op derPlaz vum himmlesche Fridden hunn d'Protester vun der chineesescher Demokratiebeweegung, déi méintelang zu Peking gedauert hunn, e bluddegt Enn fonnt. Et gouf do vill Doudeger, wéi d'Plaz mat Gewalt geraumt gouf.
  • Verbuede Stad. Et ass e Site mat typsche chineesesche Bauten,
  • Himmelstempel an derVerbuedener Stad. DenHimmelstempel gouf 1998 vun derUNESCO op hir Lëscht vumWeltierwen agedroen.
  • Summerpalais an d'keeserlech Gäert
  • Déi groussChineesesch Mauer zuBadaling,Mutianyu,Jinshaling anSimatai ass mat enger Längt vu 6400 km dat längst Bauwierk op der Welt. Si gouf 1987 vun der UNESCO op hir Lëscht vum Weltierwe gesat.
E Symbol vu Peking: D'chineesesch Mauer

Transportinfrastrukturen

[änneren |Quelltext änneren]

Peking profitéiert vu

  • 9 Autostroossen, huet
  • 1 Fluchhafen, op d'mannst
  • 4 Garen a
  • 5 Peripheriquë rondrëm d'Stad
  • Am Zenter vun der Stad läit d'Tianamenplaz, vu wou aus een an déi Verbuede Stad kënnt.

Fotoalbum vu Peking

[änneren |Quelltext änneren]
  • Himmelstempel
    Himmelstempel
  • Verbuede Stad
    Verbuede Stad
  • Verbuede Stad
    Verbuede Stad
  • Verbuede Stad
    Verbuede Stad
  • Chineesesch Mauer
    Chineesesch Mauer
  • D'lëtzebuergesch Ambassade zu Peking
    D'lëtzebuergesch Ambassade zu Peking

Um Spaweck

[änneren |Quelltext änneren]
Administrativ Andeelung vu China


Commons: Peking – Biller, Videoen oder Audiodateien
Autoritéitskontroll
Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Peking&oldid=2441672
Kategorien:
Verstoppt Kategorien:

[8]ページ先頭

©2009-2025 Movatter.jp