Movatterモバイル変換


[0]ホーム

URL:


Op den Inhalt sprangen
Wikipedia, déi fräi EnzyklopedieDéi fräi Enzyklopedie
Sichen

Pegasus (Rakéit)

Vu Wikipedia
D'Pegasus-Rakéit um Buedem
D'Pegasus-XL-Drorakéit virum Start

DéiamerikaneschDrorakéitPegasus gouf vun derOrbital Sciences Corporation entwéckelt a kann eng Notzlascht vun zirka 450 kg an enniddregen Äerdorbit bréngen.

De Start gëtt vun engem Fliger aus gemaach. Am Ufank gouf dofir engBoeing B-52 gebraucht, duerno engLockheed L-1011 TriStar. Beim Start ass d'Rakéit horizontal ausgeriicht a fält 5 Sekonne laang vum Fliger, ier déi éischt Stuf zünt. D'Rakéit besteet aus dräi Stufen, déi all mat festem Dreifstoff bedriwwe ginn, optional kann eng weider matHydrazin bedriwwe Stuf ugebaut ginn.

Den éischte Start war de5. Abrëll1990. Eng méi staark Versioun, déi fir d'éischt de27. Juni1994 gestart gouf, gëttPegasus XL genannt. Bis Abrëll2007 gouf et 41 Rakéitestarten, 35 dovu waren erfollegräich.

Technik

[änneren |Quelltext änneren]

Déi dräi Orion Feststoff-Motore vun der Pegasus goufe vunHercules Aerospace (spéiderAlliant Techsystems) speziell fir déi Uwendung entwéckelt. Zousätzlech goufen d'Flilleke vuScaled Composites, d'Leetwierk an d'Notzlaschtverkleedung nei entwéckelt a gebaut.

  • Mass: 18.500 kg (Pegasus), 23.130 kg (Pegasus XL)
  • Längt: 16,9 m (Pegasus), 17,6 m (Pegasus XL)
  • Duerchmiesser: 1,27 m
  • Spanwäit: 6,7 m
  • Notzlascht: 443 kg (1,18 m Duerchmiesser, 2,13 m Längt)

Weiderentwécklungen a Modifikatiounen

[änneren |Quelltext änneren]
  • Pegasus-XL
    Pegasus-XL
  • HXLV
    HXLV
  • Taurus-Lite
    Taurus-Lite
  • OBV
    OBV

Op Basis vun der Pegasus goufe weider Rakéite entwéckelt:

  • D'HXLV-Rakéit ass eng eestufeg Variant vun derPegasus, déi gebraucht gouf fir d'X-43-Hyperschallfluchkierper ze starten.
  • D'Taurus-Lite war e Prototyp fir d'Entwécklung vun enger Drorakéit fir d'Rakéitenofwier. Et handelt sech dobäi de facto ëm eng buedemgestartePegasus-XL-Rakéit ouni Fligel.
  • D'OBV-Rakéit ass déi asazräif Drorakéit fir d'Rakéitenofwier. Si entsprécht engersilogestarteter Versioun vun derTaurus-Lite mat geännerter Notzlaschtverkleedung.

Weider Rakéitemodeller, déi Komponente vun der Pegasus-Rakéit mat anere Rakéitestufe kombinéieren, sinn:

Kuckt och

[änneren |Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck

[änneren |Quelltext änneren]
Commons: Pegasus – Biller, Videoen oder Audiodateien
Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Pegasus_(Rakéit)&oldid=2476932
Kategorien:

[8]ページ先頭

©2009-2025 Movatter.jp