Movatterモバイル変換


[0]ホーム

URL:


Op den Inhalt sprangen
Wikipedia, déi fräi EnzyklopedieDéi fräi Enzyklopedie
Sichen

Pedro Castillo

Vu Wikipedia
Pedro Castillo
GebuertsnummJosé Pedro Castillo Terrones
Gebuer19. Oktober1969
Puña
NationalitéitPeru
AktivitéitGewerkschaftler,Politiker
FonctiounPresident vum Peru
Famill
Bestuet matLilia Paredes (2000–)

DeJosé Pedro Castillo Terrones, gebuer den19. Oktober1969 zu Puña amDistrikt Tacabamba, an derRegioun Cajamarca, ass eperuanescheSchoulmeeschter,Gewerkschaftsleader aPolitiker (Perú Libre). Hie war vum 28. Juli 2021 bis de 7. Dezember 2022 de 64. President vumPeru,

Hie kënnt aus enger Bauerefamill - seng Eltere ware béid Analphabeten - a war Drëtt vun néng Kanner[1]. Hien huetPedagogie studéiert an zanter 1995 als Schoulmeeschter geschafft. Hie gouf och Member vun der Schoulmeeschteschgewerkschaft. 2002 huet hie fir Buergermeeschter vunAnguía kandidéiert, gouf awer net gewielt. 2017 war hie Leader vun engem Schoulmeeschteschstreik, dee mat der Regierung verhandelt huet, wat hien am ganze Land bekannt gemaach huet.[2]

Am Oktober 2020 huet hie seng Kandidatur fir bei de Presidentewale bekannt gemaach. Am éischten Tour krut hien iwwerraschend 19 % vun de Stëmmen[3]. Am zweeten Tour, de 6. Juni 2021 louch hie mat 50,125 % vun de Stëmmen, kNapps virun der Keiko Fujimori.[4] Hie gouf den 28. Juli 2021, dem 200. Anniversaire vun der Onofhängegkeet vu Spuenien, vereedegt.

Enn 2022 gouf hie vum Kongress ofgesat, seng VizepresidentinDina Boluarte gouf seng Nofollgerin.

Um Spaweck

[änneren |Quelltext änneren]
 Commons: Pedro Castillo – Biller, Videoen oder Audiodateien
Autoritéitskontroll
Sozial Medien
Presidente vumPeru zanter 1950

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Marco Aquino, Marcelo Rochabrun:PERFIL-Pedro Castillo: el hijo de campesinos que salta a la presidencia de Perú. reuters.co, 2021-06-16.
  2. "Überraschung bei den Wahlen in Peru: Linkskandidat gewinnt erste Runde." amerika21.de, 2021-04-12
  3. Tjerk Brühwiller:Große Wahlüberraschung: Wird ein Leninist Präsident von Peru? faz.net, 2021-04-24.
  4. ONPE al 100 % de actas contabilizadas: Pedro Castillo obtiene 50.125% y Keiko Fujimori, 49.875%. In:La República, 15. Juni 2021.
Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Pedro_Castillo&oldid=2606095
Kategorien:
Verstoppt Kategorien:

[8]ページ先頭

©2009-2025 Movatter.jp