| Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Musikolog Paul Ulveling. Fir aner Leit mat dem selwechten Numm, kuckt wgl.Paul Ulveling. |
| Paul Ulveling | |
|---|---|
| Gebuer | 11. August1922 |
| Gestuerwen | 30. Mäerz2014 |
| Aktivitéit | Musekolog |
DePaul Ulveling, gebuer den11. August1922[1] zuStroossbuerg a gestuerwen den30. Mäerz2014, war elëtzebuergescheMusekswëssenschaftler.[2]
Hien ass virun allem bekannt wéinst senge Musekskritiken amLuxemburger Wort an an enger Rëtsch anere Publikatiounen am Beräich vun der Musek.
De Paul Ulveling war wärend bal fënnef Joerzéngte President vun der Ënnersektioun 'Musek' vun derSection des arts et lettres vumInstitut grand-ducal.
Dem Paul Ulveling säi Grousspapp war de RiichterPaul Ulveling.[1]
Dem Paul Ulveling säi Studium amStater Kolléisch goufen duerch d'Invasioun vum Land duerch Nazidäitschland ënnerbrach.
1941 gouf hie vun derGestapo wéinst Aktivitéiten an derResistenz festgeholl, koum an de Prisong amStadgronn a vun do aus an denArbeitsdienst aPommern, duerno aGriicheland.
1943 gouf de Paul Ulveling als Zwangsrekrutéierten an d'Wehrmacht agezunn. Nodeem hien absichtlech e Gëft geschléckt hat, ass hien aus engem Militärspidol fortgelaf fir sech a Richtung Westen duerchzeschloen.
Am Februar 1945 huet hien de Bombardement vunDresden matgemaach, ier hie bei d'amerikanesch Arméi koum.
Am August 1945, nom Enn vum Krich, huet de Paul Ulveling seng Première nogeholl.
Vun 1934 un huet de Paul Ulveling Privatstonne beimAlbert Leblanc geholl (Musekstheorie aPiano). AmStater Conservatoire war hien an derGei, denTheater (Art dramatique) an denDiktiounscoursen ageschriwwen.
1954 huet hien am Conservatoire mam Prix de capacité an der Theaterkonscht (Art dramatique) ofgeschloss a gouf Member vum EnsembelLes compagnons de la scène vumEugène Heinen.
UmConservatoire royal de Bruxelles huet hien du Museksanalys a Museksgeschicht studéiert, wou hien 1951 mat engem Éischte Präis ofgeschloss huet.
Gläichzäiteg zu senger Aarbecht beiRTL war de Paul UlvelingÉlève libre um Institut de musicologie op derSorbonne zuParäis, wou hien 1956 mat engem Diplom an der Musekologie ofgeschloss huet.
1985, mat 63 Joer, huet hien op der Universitéit zuSaarbrécken en Doktorat an der Musekswëssenschaft gemaach.
1951 gouf de Paul Ulveling am ‚‘Service musical‘‘ beiRTL, ënner de Leedung vumHenri Pensis ugestallt, wou hien ë. a. responsabel war fir d'Realisatioun vun de Sinfonie-Concerten.
Bei RTL gouf hien Direkter vunRTL-Productions zuBartreng (1976), Gérant-directeur général (1984) an duerno Member vum Verwaltungsrot a Member vum Direktiounscomité vun RTL zuKöln (1987).