EngPar (och nachPor genannt, wat awer nach eng aner Bedeitung huet) ass a verschiddene Kierchen de pastorale Wierkungsberäich vun engem Geeschtlechen.
D'Wuert kënnt aus demMëttelhéichdäitschenpfarre an demAlhéichdäitschenpfarra, assetymologesch awer net gekläert.
A verschiddene Länner ass eng Par eng administrativ Andeelung, déi meeschtens direkt vun der kierchlecher Andeelung ofgeleet ass. An deem Fall schwätzt ee vun engerZiviller Par.
An enger Par gëtt et ëmmer eng Parkierch. Ausser der Parkierch gëtt et an engen oder aneren Deel vun der Par och nach eng oder méi Filialkierchen oder Kapellen.
Nieft den 274 territoriale Pare gouf et och déiEuropäesch Par mat Sëtz an derKapuzinergaass, déi net geographesch ofgegrenzt war[1]. All Par aus derÄerzdiözes Lëtzebuerg huet zu engemDekanat, zu engerPastoralregioun an zu engemParverband gehéiert.
Meeschtens louch eng Par um Territoire vun enger Gemeng. Et gouf awer e puer Ausnamen:
- Par Äischen: den Haaptuert gehéiert zurGemeng Habscht, wärend d'Filial Rentert um Territoire vun der belscher StadArel läit;
- ParBärel: den Haaptuert gehéiert zurGemeng Wanseler, wärend d'FilialNoutem zurStauséigemeng zielt;
- Par Beetebuerg: d'Dekanatskierch an d'FilialObeler leien um Territoire vun derGemeng Beetebuerg, wärend d'FilialLéiweng zurGemeng Réiser gehéiert;
- ParBetzder: den Haaptuert gehéiert zurGemeng Betzder, wärend d'FilialHaastert zurBiwer Gemeng zielt;
- Par Blaaschent: den Haaptuert gehéiert zurGemeng Luerenzweiler, wärend d'FilialEesebuer zurGemeng Jonglënster zielt;
- Par Dikrech: d'Dekanatskierch an déiAl Kierch leien um Territoire vun derStad Dikrech, wärend d'FilialAngelduerf zurGemeng Ierpeldeng zielt;
- ParEescheler: den Haaptuert gehéiert zurGemeng Jonglënster, wärend d'FilialBruch zurGemeng Biwer gehéiert;
- Par Gréiwemaacher: d'Dekanatskierch an d'Kräizkapell leien um Territoire vun derGemeng Gréiwemaacher, wärend d'Filial Mënjecker zurGemeng Manternach zielt;
- ParKauneref: d'Parkierch an d'Pirminuskapell leien um Territoire vun derStauséigemeng, wärend d'FilialBidscht zurGemeng Géisdref zielt;
- ParKeespelt: den Haaptuert gehéiert zurGemeng Kielen, wärend d'Filial Märjendaller Haff zurGemeng Tënten zielt;
- ParMeesebuerg: den Haaptuert gehéiert zurGemeng Fiels, wärend d'FilialAngelsbierg zurGemeng Fëschbech zielt;
- Par Munzen: den Haaptuert läit um Territoire vun derGemeng Klierf, wärend d'Filial Buckels an d'FilialNäidsen zurGemeng Parc Housen zielen;
- ParNidderdonwen: den Haaptuert an d'Filial Uewerdonwen leien um Territoire vun derGemeng Fluessweiler, wärend d'Filial Ohn zurWuermer Gemeng gehéiert;
- ParNidderpallen: den Haaptuert gehéiert zurGemeng Réiden op der Atert, wärend d'FilialNäerden zurGemeng Biekerech zielt;
- Par Nidderwolz: d'Dekanatskierch läit um Territoire vun derStad Wolz, wärend d'FilialWanseler zurGemeng Wanseler zielt;
- Par Nouspelt: den Haaptuert gehéiert zurGemeng Kielen, wärend d'Filial Rued zurGemeng Simmer zielt;
- Par Pënsch: den Haaptuert an d'FilialenÄischer,Lellgen aWëlwerwolz leien um Territoire vun derGemeng Kiischpelt, wärend d'FilialenDraufelt aSiwwenaler zurGemeng Klierf zielen;
- ParRued: den Haaptuert läit um Territoire vun derGemeng Ell, wärend d'FilialLannen zurGemeng Réiden op der Atert gehéiert;
- Par Schlënnermanescht: den Haaptuert läit um Territoire vun derGemeng Buerschent, wärend d'FilialIewescht Schlënner zurGemeng Parc Housen zielt;
- Par Simmer: den Haaptuert läit um Territoire vun derGemeng Simmer, wärend d'Filial Iener an d'Filial Kaalmes zurGemeng Sëll zielen;
- ParUeschdref: den Haaptuert an d'FilialBilschdref leien um Territoire vun derGemeng Rammerech, wärend d'FilialNéngsen zurGemeng Esch-Sauer gehéiert;
- Par Uewermäerzeg: Uewermäerzeg an Niddermäerzeg leien um Territoire vun der GemengMäerzeg, wärend d'FilialMéchelbuch zurGemeng Viichten gehéiert;
- Par Veianen: d'Dekanatskierch, d'Bildchenkapell, d'Nikloskapell an d'Rochuskapell leien um Territoire vun derStad Veianen, wärend d'FilialBiwels zurGemeng Pëtschent gehéiert;
- ParWelschent: den Haaptuert läit um Territoire vun derGemeng Buerschent, wärend d'FilialBierden zurGemeng Ierpeldeng gehéiert.
De 6. Mee 2017 goufen all déi 274 al Paren opgeléist a mat 33 méi grousse Paren ersat. D'Opdeelung a Pastoralregiounen a Parverbänn gouf komplett opginn. D'Andeelung an Dekanater ass liicht verännert viru bestoe bliwwen.[2]
- ↑Europäesch Par op cathol.lu Archivéiert de(n) 09.03.2016. Gekuckt de(n) 21.03.2012.
- ↑Les 33 nouvelles paroisses de l'Archidiocèse Charge pastorale et administration dans les paroisses