Movatterモバイル変換


[0]ホーム

URL:


Op den Inhalt sprangen
Wikipedia, déi fräi EnzyklopedieDéi fräi Enzyklopedie
Sichen

Pandora

Vu Wikipedia
DëseMythologiesartikel ass eréischt just engSkizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
"Pandore" vum Jules Joseph Lefebvre

D'Pandora ass an dergriichescher Mythologie déi éischt stierflech Fra, déi op Uerder vumZeus vumHephaistos geschaf ginn ass. Vun de Gëtter krut si ënner anerem Schéinheet, musikalescht Talent, Geschéck a Virwëtz geschenkt. DenHermes huet hir och nach d'Sprooch an den Numm Pandora ginn, dee souvill bedeit wéi "déi, déi alles huet".

Hien huet si op d'Äert bruecht ginn, zesumme mat enger Béchs, déi ausser derHoffnung all Iwwel vun der Welt enthalen huet.

D'Pandora sollt d'Mënschheet dofir strofen, datt dePrometheus d'Feier vun de Gëtter gestuel huet. Obwuel de Prometheus säi BrudderEpimetheus gewarnt huet, huet dee sech mam Pandora bestuet. Déi huet och d'Béchs dunn opgemaach, an all d'Onheel, wat dra war, ass op d'Mënschen erof komm. Nëmmen d'Hoffnung ass an der Béchs zeréckbliwwen.

Um Spaweck

[änneren |Quelltext änneren]
 Commons: Pandora – Biller, Videoen oder Audiodateien
Griichesch Mythologie – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'griichesch Mythologie.
Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Pandora&oldid=2441634
Kategorie:
Verstoppt Kategorie:

[8]ページ先頭

©2009-2026 Movatter.jp