Palmyra (Arabesch: تدمرTadmor) ass eng antik semitesch Stad am haitegeSyrien. Archeologesch Entdeckungen datéiere bis op d'neolithesch Period, an d'Stad gouf am fréien2. Joerdausend virun eiser Zäitrechnung fir d'éischt dokumentéiert. Palmyra stoung ënner der Herrschaft vun ënnerschiddleche Räicher bis d'Stad am1. Joerhonnert en Deel vumRéimesche Räich ginn ass.
D'Stad hat et duerch Handelskarawannen zu Wuelstand bruecht; d'Awunner vu Palmyra ware renomméiert Händler, déi Kolonie laanscht d'Seidestrooss etabléiert haten an iwwerall am Réimesche Räich aktiv waren. Der Stad hire Räichtum huet de Bau vu monumentale Projeten erméiglecht, wéi d'Grouss Kolonnad, deBaaltempel, oder déi markant Tuermgriewer. D'Awunner vu Palmyra waren eng Mëschung vunAmoriter,Aramäer anAraber. Der Stad hir sozial Strukture waren op Stämm ausgeluecht, an d'Awunner hu Palmyrenesch geschwat, enaramäeschen Dialekt.Griichesch gouf fir kommerziell an diplomatesch Zwecker benotzt. D'Kultur war vun der griichesch-réimescher Kultur beaflosst an huet eng distinktiv Konscht an Architektur ervirbruecht, déi Traditiounen aus dem Osten an aus dem Weste kombinéiert huet. D'Stadbevëlkerung huet u lokal Gottheeten an u mesopotamesch an arabesch Gëtter gegleeft.
Am3. Joerhonnert war Palmyra e räiche regionalen Zentrum, dee seng maximal Muecht an den 260er Joren erreecht huet, wéi de KinnekOdaenathus vu Palmyra géint de persesche KeeserSchapur I. gewonnen huet. D'Nofollgerin vum Kinnek war d'KinniginZenobia, déi géint Roum rebelléiert huet an d'palmyrescht Räich ausgeruff huet.273 huet de réimesche KeeserAurelian d'Stad zerstéier gelooss. Si gouf spéider ënner demDiokletian méi kleng nei gegrënnt. Am4. Joerhonnert sinn d'Palmyrer zumChrëschtentum konvertéiert an dunn zumIslam an der zweeter Hallschent vum1. Joerdausend. Zu där Zäit goufen och d'palmyresch and d'griichesch Sprooch duerchArabesch ersat.
Virun 273 huet Palmyra vun Autonomie profitéiert a gouf un déi réimesch Provënz Syrie gehaangen. Seng politesch Organisatioun war an den zwee éischte Joerhonnerten no eiser Zäitrechnung vum griichescheStad-Staat-Modell beaflosst. Am 3. Joerhonnert ass d'Stad eng réimesch Kolonie ginn, wat d'Inkorporatioun vu réimesche Regierungsinstitutioune mat sech bruecht huet, éier d'Stad260 eng Monarchie ginn ass. No hirer Zerstéierung 273 ass Palmyra e méi klengen Zentrum ënner deByzantiner a spéider anere Räicher ginn. D'Zerstéierung vun der Stad duerch d'Timuriden am Joer1400 huet se zu engem klengen Duerf reduzéiert. Ënner dem franséische Mandat goufen1932 d'Awunner an dat neit Duerf mam NummTadmur ëmgesidelt an den ale Site ass fir Ausgruewungen zougänglech ginn.
2015 ass Palmyra ënnert d'Kontroll vumIslamesche Staat geroden, deen eng Rei Gebaier zerstéiert huet. Am Mäerz 2016 hunn d'syresch Regierungstruppen d'Stad mat Hëllef vun der russescher Loftwaff zeréckeruewert.[1]