Movatterモバイル変換


[0]ホーム

URL:


Op den Inhalt sprangen
Wikipedia, déi fräi EnzyklopedieDéi fräi Enzyklopedie
Sichen

Päinetsch

Vu Wikipedia
Päinetsch
Spinacia oleracea
Wëssenschaftlech Klassifikatioun
RäichPlanzeräich
OfdeelungBléieplanzen
KlassRosopsida
UerdnungCaryophyllales
FamillFuusseschwanzplanzen
GattungPäinetsch
Wëssenschaftlechen Numm
Spinacia oleracea
L. 1753


DePäinetsch (haut dacksSpinat genannt) (Spinacia oleracea) ass engBléieplanz aus der Famill vun deFuusseschwanzplanzen (Amaranthaceae).En huet 20 – 30 cm héich Stiller a laang gestillten, dräieckeg, kräfteg gréng Blieder.

Geschicht

[änneren |Quelltext änneren]

De Päinetsch gouf warscheinlech fir d'éischt amKaukasus, anTurkestan an amIran an d'Kultur opgeholl. Am Kaukasus existéiert nämlech eng Aart, déi dem Päinetsch gläicht, deSpinacia turcestanica. D'Araber hunn e mat aSpuenien bruecht. Am13. Joerhonnert koum en du fir d'éischt a Mëtteleuropa un a war am16. Joerhonnert wäit verbreet.

Gebrauch

[änneren |Quelltext änneren]

De Päinetsch kann ee réi, als Zalot oder gekacht iessen.

Inhaltsstoffer

[änneren |Quelltext änneren]

Päinetsch ass kalorienaarm an huet en héije Gehalt uMineralestoffer, wéiKalium,Kalzium,Magnesium,Eisen aMangan, an ochVitaminnen, wéi deβ-Karotin (ochProvitaminn A genannt, eng Virstuf vumVitaminn A), Vitaminne vun derB-Grupp,Vitaminn K,Vitaminn C anEewäiss. Doriwwer eraus fënnt een am PäinetschOxalsaier.

Gesondheetswäert

[änneren |Quelltext änneren]

Trotz sengem héijen Eisegehalt ass et kee gudden Eiseliwwerant, well d'Oxalsaier d'Eiseverwäertung hemmt. Päinetsch soll och net direkt nom Erhëtze giess ginn an op kee Fall erëm opgewiermt ginn, well sech denNitrat zu engem gëftege Stoff ëmwandele kann.Giichtpatiente solle sech am Allgemenge wéinst sengem héijePuringehalt vum Spinat ewechhalen.

Trivia

[änneren |Quelltext änneren]

DePopeye the Sailor, eng Figur aus Zeechentrickfilmer vumDave Fleischer, ass bekannt dofir, datt hie Kéip vu Päinetsch verdillegt.

Um Spaweck

[änneren |Quelltext änneren]
 Commons: Spinacia oleracea – Biller, Videoen oder Audiodateien
Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Päinetsch&oldid=2455297
Kategorien:

[8]ページ先頭

©2009-2025 Movatter.jp