EnOxymoron (gr.:oxys - "schaarf(sënneg)",moros - "domm") ass engrhetoresch Figur, bäi där zwou géigesätzlech Realitéiten an enger Formuléirung zesummegefaasst ginn, déi sou e Widdersproch bannent sech selwer duerstellt. Wat d'Oxymoron vumParadoxon an anere Géigesätz ënnerscheet, ass datt et bewosst gebraucht gëtt fir e rhetoreschen Effet z'erzilen an datt de Géigesaz just op den éischte Bléck existéiert, well d'Zesummesetze vun de Wierder en neit Poesie- oder Expressiounskonzept duerstellt.
Beispiller:batterséiss. deronnen Eck, eklengt Riserad.
Verbreet ass och d'Aart a Weis fir eng Expressioun als Oxymoron ze consideréieren, déi vu sech aus guer net versicht, een ze sinn, z. B.US-amerikanesch Kultur,Fraelogik.
De Géigendeel vum Oxymoron ass dePleonasmus.