
Mam BegrëffOstarbeiter goufen am "Drëtte Räich", besonnesch an de Joren 1942-1945 Leit aus de vun Däitschland besate Länner an Territoiren an Osteuropa (virun allemPolen,Wäissrussland,Ukrain,Russland,Baltesch Staaten) genannt, déi praktesch "vun der Strooss ewech", gefaange geholl goufen an an d'Reich deportéiert goufen, fir do gezwongen ze ginn, an de Fabrécken oder op de Felder ze schaffen. Si goufen, der "völkischer" Nazi-Ideologie no, als Zweet-Klass-Mënschen ugesinn an och sou behandelt; sou war et "Reichsdeutschen" streng verbueden, mat hinne Kontakt opzehuelen; och hir Iessensratioune ware méi kleng a vu méi schlechter Qualitéit wéi déi vun der "normaler" Bevëlkerung, a bei Fligeralarm hate se kee Recht op eng Plaz an engemBunker.

Och zu Lëtzebuerg, datzanter Mee 1940 vun Hitlerdäitschland besat war, goufe vun 1942 u massiv Aarbechtskräften an der Stolindustrie gebraucht, nodeem eng zwielefhonnert Mann Personalan d'Wehrmacht zwangsrekrutéiert gi waren, an op der anerer Säit d'Krichsindustrien ëmmer méi Stol gebraucht huet.
DeChef vun der ZivilverwaltungGustav Simon war ufanks dogéint,Ostarbeiter an d'Land ze loossen, well e gefaart huet, seng "Germaniséierungspolitik" vu Lëtzebuerg, déi souwisou schonn net sou goung, wéi hien et gär gehat hätt, géif doduerch nach weider erschwéiert ginn. Wa schonn, hätt hie léiwer Krichsgefaangener gehat, well déi direkt vun derWehrmacht bewaacht goufen. De 27. September 1942 huet hien awer dem Drock vun de Responsabelen an de Schmelzen noginn, déi dréngend bis zu 3000 zousätzlech Aarbechtskräfte gefuerdert hunn, an huet erlaabt, datt 1500Ostarbeiter a 500 sowjetesch Krichsgefaangener op Lëtzebuerg kéinte kommen.[2]
Den 8. Oktober 1942 sinn déi éischt 230Ostarbeiter, no laanger Rees a Véiwaggonen, zu Esch ukomm,[3] an an de Méint duerno weider Honnerte vun hinnen. Ënnerbruecht goufe se zum Deel a virgefäerdegten hëlze Braken, zum Deel a Gebaier déi eidel stoungen, oder gelount goufen.
Et sinn am Ganzen 8 Lager bekannt, wou se ënnerbruecht goufen:[4]
| Lager (offiz. Numm) | Uertschaft | wou genee | Aarbechtsplaz | Zuel Gefaangener |
|---|---|---|---|---|
| Gemeinschaftslager der DAF Esch/Alzig | Esch-Belval | Raemerech | Arbed-Belval | |
| Lager Gruben | Esch-Hiel | Minière Heinzebierg | Arbed | Am Mäerz 1943 waren do 93 Persounen (23 Männer, 31 Fraen an 39 Kanner).[5] |
| Lager Schloß | Esch | Berwarter Schlass | Arbed-Schëffleng | |
| Gemeinschaftslager der DAF Düdelingen | Diddeleng | Beetebuerger Strooss (um nërdlechen Deel vum neie Kierfecht) | Arbed-Diddeleng | |
| ? | Déifferdeng | Op der Schlakemillen | Differdinger Stahlwerke AG (ex-Hadir) | |
| Lager Kaiser | Péiteng | Café Kaiser, Groussgaass | Reichsbahn, an ochRodanger Schmelz | |
| Lager Kuba | Péiteng | Café Kuba, Lëtzebuerger Strooss | Reichsbahn, mä och Rodanger Schmelz | |
| . | Stad Lëtzebuerg | Schläifmillen | Textilfabréck | |
| . | Esch-Lalleng * | . | Arbed |
* och Ostarbeiter, mä virun allem Belsch "Dienstverpflichtete".
Wann d'Ostarbeiter haaptsächlech hu misse fir d'Stolindustrie schaffen, sou goufe se och zum Deel op der Eisebunn oder fir Aarbechten op de Felder agesat. Dacks goufen der och eng Partie vun hinnen an Däitschland transportéiert, fir do ze schaffen, oder zäitweileg Leit vun do op Lëtzebuerg bruecht, deemno, wou se grad am meeschte gebraucht goufen. Aus deem Grond, an och, well se néierens op der Gemeng gemellt waren, kann haut just geschat ginn, wéi villOstarbeiter zu Lëtzebuerg zum Schaffe gezwonge goufen: 977 eenzel Nimm si bekannt, déi z. B. a Quelle wéi den Archive vun der Arbed erëmzefanne sinn, mä wann een d'lafend Nummeren, déi se kruten, als Basis hëlt, kënnt een eleng zu Esch an zu Déifferdeng op 1585 Leit.[6].
Et huet sech dobäi ëm Männer a Fraen am Alter vun 0 bis 58 Joer gehandelt: 3 Kanner sinn zu Lëtzebuerg gebuer ginn, mä dee groussen Deel war tëscht 15 an 19 Joer al.[7] Déi meescht vun hinne ware Bierger vun derSowjetunioun (Russen, Ukrainer, Wäissrussen), et waren och Leit aus Polen an de Baltesche Staaten ënner hinnen.
Si hu missen en Zeechen op der Kleedung droen, e sougenanntOstarbeiterabzeichen, dat aus engem Rechteck bestan huet, an deem an enger duebeler Rumm d'Buschtawen "OST" stoungen.[8]
| Commons: Ostarbeiter – Biller, Videoen oder Audiodateien |