
DenOrdre de la Couronne oderKrounenuerden ((nl)Kroonorde) ass ebelscheVerdéngschtuerden deen de 15. Oktober1897 ënner demLeopold II. erauskoum.
Den Uerde gouf ursprénglech vergi fir heroesch Doten an exemplaresch Déngschter ze honoréieren, déi amKongo geleescht goufen. 1908 gouf en als Kolonialuerden an den allgemenge System vun de belschen Uerden, ënnert demLeopoldsuerden, integréiert.
De Krounenuerden gëtt hautdesdaags vergi fir Servicer ze éieren déi dem belsche Staat entgéintbruecht goufen, absënns an derFonction publique. E kann awer och bedeitendartistesch,literaresch oderwëssenschaftlech Verdéngschter auszeechnen, gradewéi kommerziell an industriell Interessen oder Servicer, déi an der Belsch oder anAfrika geleescht goufen.
Den Uerde kann och auslännesch Staatsbierger auszeechnen an e gëtt dacks un d'diplomatescht oder d'militärescht Personal vu Länner verginn, déi an der Belsch stationéiert sinn oder der Belsch hëllefen. AmZweete Weltkrich gouf de Krounenuerden och un alliéiert Zaldote verdeelt, déi gehollef hunn d'Belsch ze befreien.
Den Uerden huet fënnef Klassen, zwou Palmen an dräi Medailen:
| Commons: Ordre de la Couronne – Biller, Videoen oder Audiodateien |