Movatterモバイル変換


[0]ホーム

URL:


Op den Inhalt sprangen
Wikipedia, déi fräi EnzyklopedieDéi fräi Enzyklopedie
Sichen

Olaf Scholz

Vu Wikipedia
Dësen Artikel iwwer ePolitiker ass eréischt just engSkizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Olaf Scholz
Gebuer14. Juni1958
Osnabrück
NationalitéitDäitschland
EducatiounUniversitéit vun Hamburg
AktivitéitPolitiker,Affekot
ParteiSozialdemokratische Partei Deutschlands
FonctiounDeputéierten am Bundestag,Bundeskanzler (Däitschland)
Famill
Bestuet matBritta Ernst
GeschwësterJens Scholz, Ingo Scholz

DenOlaf Scholz, gebuer de14. Juni1958 zuOsnabrück, ass endäitsche Politiker (SPD) an zanter dem8. Dezember2021 den néngteBundeskanzler vun der Bundesrepublik Däitschland.

Virdru war hie vum 14. Mäerz 2018 u Stellvertrieder vun der BundeskanzlerinMerkel a Finanzminister.

Hie war vu Mee bis Oktober 2001Innensenator vunHamburg, vun Oktober 2002 bis Mäerz 2004 Generalsekretär vun der SPD, vun November 2007 bis Oktober 2009Bundesminister für Arbeit und Soziales a vu Mäerz 2011 bis Mäerz 2018 Éischte Buergermeeschter vun Hamburg. Vun Abrëll 2000 bis Juni 2004 a vum November 2009 bis Mäerz 2018 war hie President vun der SPD Hamburg a war vun November 2009 bis Dezember 2019 ee vun de Vizepresidente vun der SPD op nationalem Niveau.

Privates

[änneren |Quelltext änneren]

Den Olaf Scholz ass als eelst vun dräi Kanner zu Hamburg-Rahlstedt opgewuess. Säi Papp huet an der Textilbranche geschafft.

Hien huet vun 1978 un op derUniversität HamburgDroit studéiert an huet de Studium 1984 ofgeschloss. Duerno huet hie säin Zivildéngscht an engem Fleegeheem gemaach a gouf 1985 als Affekot zougelooss.

Zanter 1998 ass den Olaf Scholz mat der SPD-PolitikerinBritta Ernst bestuet. D'Koppel huet keng Kanner a wunnt zuPotsdam.

Um Spaweck

[änneren |Quelltext änneren]
Commons: Olaf Scholz – Biller, Videoen oder Audiodateien
Wikiquote: Olaf Scholz – Zitater
Bundeskanzler vunDäitschland
Autoritéitskontroll

Referenzen

[Quelltext änneren]
Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Olaf_Scholz&oldid=2522022
Kategorien:
Verstoppt Kategorien:

[8]ページ先頭

©2009-2025 Movatter.jp