Movatterモバイル変換


[0]ホーム

URL:


Op den Inhalt sprangen
Wikipedia, déi fräi EnzyklopedieDéi fräi Enzyklopedie
Sichen

Offiziell Sprooch

Vu Wikipedia

Engoffiziell Sprooch (op DäitschAmtssprache) ass engSprooch, déi an engem Staat (oder engem Deel dovun) duerch d'Constitutioun als déi Sprooch definéiert ass, an där d'Gesetzer geschriwwe sinn, an an där de Staat a seng Verwaltunge mat de Bierger kommunizéieren.

Et gëtt Länner mat just enger offizieller Sprooch, mä vill hunn där méi wéi eng,Südafrika z. B. huet der eelef. Dacks hu Sproochen, déi vu Minoritéite geschwat ginn, net de Status vun engeroffizieller Sprooch: A Frankräich z. B. heescht et am Artikel 2 vun der Constitutioun: "La langue de la République est le français", och wann et eng sëllege Regionalsproochen do gëtt. An anere Länner wéi z. B. aSpuenie gëtt et eng eenzeg offiziell Sprooch, wat d'Land betrëfft, mä verschidde Regiounen hunn "offiziell Sproochen", déi dat nëmmen do sinn, wéi z. B.Katalounesch aKatalounien. Da gëtt et nach Fäll wéi d'Belsch, déi zwar (als Land) 3 offiziell Sproochen huet; aFlandern awer ass d'Hollännesch déi eenzeg offiziell Sprooch, aWallounien d'Franséisch, mat Ausnam vun derDäitschsproocheger Communautéit, wou et datDäitschtan dat Franséischt sinn. An derHaaptstadregioun Bréissel si Franséisch an Hollännesch offiziell Sproochen.

Eng an déi selwecht Sprooch kann offiziell Sprooch a méi wéi engem Land sinn, se kann et awer och an engem Land sinn, an engem aneren net (wéi z. B. d'Baskescht aFrankräich).

D'Europäesch Unioun huet24 offiziell Sproochen.

ZuLëtzebuerg gëtt et keng "offiziell" Sprooch: d'Lëtzebuerger Constitutioun verweist op e Gesetz, mä deLegislateur gebraucht am Gesetz iwwer deSproochegebrauch[1] just d'TermenNationalsprooch,Gesetzessprooch aVerwaltungssprooch.

Um Spaweck

[änneren |Quelltext änneren]
 Commons: Offiziell Sproochen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Gesetz vun 1984Archivéiert de 16.02.2006.Gekuckt den 02.11.2007.
Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Offiziell_Sprooch&oldid=2610054
Kategorien:
Verstoppt Kategorie:

[8]ページ先頭

©2009-2026 Movatter.jp