Movatterモバイル変換


[0]ホーム

URL:


Op den Inhalt sprangen
Wikipedia, déi fräi EnzyklopedieDéi fräi Enzyklopedie
Sichen

Odin (Weltraumteleskop)

Vu Wikipedia
Odin
TypWeltraumteleskop
LandSchweden, Finnland,
Frankräich, Kanada
AgenturSSC, Tekes,CNES,CSA
Bunnhéicht600 km
Mass250 kg
Start20. Februar2001, 08:48 UTC
StartplazSwobodny
DrorakéitStart-I
Statusaktiv

DenOdin ass eWeltraumteleskop firastronomesch anaeronomesch Ënnersich am Radio- an am Submillimeterberäich.

De Satellit ass e Projet ënnerschweedescher Leedung mat Bedeelegung vuKanada,Frankräich aFinnland. De Satellit gouf den20. Februar2001 mat engerStart-I-Rakéit vuSwobodny a Sibirien aus gestart. Den Odin ass an engersonnesynchroner Äerdëmlafbunn, déi an enger Héicht vu 600 km iwwer d'Pole vun der Äerd féiert. Ufanks war den Odin op zwee Joer Liewensdauer ausgeluecht, ass awer an der Tëschenzäit ëmmer nach a Betrib.

Den Antennenduerchmesser ass 1,1 m. Observatioune sinn am Frequenzband 486,1-503,9 GHz, plus dräi iwwerlappend Bänner vu 541,0-580,4 GHz an engem Band vun 118,25-119,25 GHz méiglech. Domat si besonnesch Ënnersich vuWaasser aSauerstoff am interstellare Medium méiglech.

Kuckt och

[änneren |Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck

[änneren |Quelltext änneren]
Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Odin_(Weltraumteleskop)&oldid=2476836
Kategorien:

[8]ページ先頭

©2009-2026 Movatter.jp