D'Bezeechnung leet sech vum Alhéichdäitschennord an derIndogermaneschen Eenheet-ner firlénks oderënner of, wat méiglecherweis oplénks vun der Sonn déi opgeet zeréckzeféieren ass.
LaténgeschSeptentrio (‚Siwen Dreschochsen‘), op déi siwe Stäre vumUrsa Major (Grousse Won) bezunn, als Stärebild vun de Réimer – nach haut heeschtsettentrionale‚ nërdlech‘
algriichesch,arktós,Arktus fir ‚[Grousse] Bier‘, d'Stärebild,Arktos ‚lescht Liicht‘ war och eng vun de réimeschenHoren (Stonnegëttinnen) – dovunArktis ‚Land am Norden‘ anAntarktis (Anti-Arktis ‚Géigenarktis‘,Antipode vun der Arktis, dat legendäert ‚Südland‘)
AMëtteleuropa ass déi Ofwäichung vu rechtweisend- zu mëssweisend-Nord sou kleng, datt déi mëssweisend-Nordrichtung trotzdeem problemlos fir d'Orientéierung an d'Navigatioun gebraucht ka ginn. D'Ofwäichung tëscht der geographescher an der magnéitescher Nordrichtung gëtt alsDeklinatioun bezeechent an ass z. B. ausIsogonekaarten oder derWandrous opSéikaarten ofzeliesen.
Magnéitkompass Nord (MgN), Kompass Nord (KN), compass north (CN)
Richtung, an déi eMagnéitkompass weist, dat heescht laanscht d'magnéitesch Feldlinne vun der direkter Ëmgéigend, déi sech aus dem Äerdmagnéitfeld (Mëssweisend Nord) a lokale Magnéitfeldstéierungen duerch elektresche Stroum a magnéitesch aktiv Materialien (Deviatioun) zesummesetzen.
Bezuchsrichtung vun de Koordinatesystemer déi an der Satellittennavigatioun gebraucht ginn (Gauß-Krüger,UTM,UPS). Si wäicht vum geographeschen Norden ëm e variablen,Meridiankonvergenz genannte Wénkel, of.
Landkaarte ginn alsRummkaarten a mat der Ausnam vuKaarte vun dePolargebidder sou gemaach, datt d'Nordrichtung ëmmer no uewe weist. Wann eng Kaart vun där Konventioun ofwäicht, dann ass d'Nordrichtung an der Reegel mat engerWandrous uginn.
Fir d'Bestëmmung vun der Nordrichtung existéiere verschidde Methoden.
D'Richtung Nord léisst sech mat Hëllef vun engemGyrokompass ermëttelen, mat Hëllef vun engem Magnéitkompass ënner Beuechtung vunDeklinatioun anDeviatioun oder duerch Peilung mat enger Land- oder Séikaart.
Magnéitkompass Nord a Magnetesch Nord ginn am einfachste mat engem (Peil-)Magnéitkompass ermëttelt. Wa seng Distanz zu magnéiteschem Material grouss genuch ass, dann ass d'Deviatioun op de meeschte Punkte vun der Äerd däitlech méi kleng wéi den Ofliesfeeler a sou ze vernoléissegen.
Mat Hëllef vun enger Analogauer an dem Sonnestand kann d'Nordrichtung mat enger Genauegkeet vun ongeféier 15° bestëmmt ginn, wann een nërdlech vum nërdleche Wendekrees ass. D'Bissectrice tëscht deem op d'Sonn ausgeriichte klengen Zär an der 12-Auer Markéierung weist no Süden. Viraussetzung ass, datt d'Sonn um 12 Uhr hiren héchsten Dagesstand erreecht an d'Auer en 12-Stonnen-Zifferblad huet. Wärend derSummerzäit muss d'Auer also (op d'mannst a Gedanken) eng Stonn zeréckgestallt ginn, geneesou muss d'Auerzäit op de geographesche Ränner vun enger Zäitzon ugepasst ginn. Jee no Zäitzon kann déi Upassung bis zu zwou Stonne sinn (z. B.Kanada oderGrönland).
Um Terrain gëtt et verschidden Zeechen, déi eng graffOrientéierung zouloossen. A Mëtteleuropa sinn z. B. déi meescht Satellitteschosselen opAstra-Satellitten ausgeriicht (19.2° no Ost verdréit) a weisen domat eppes entgéint d'Nordrichtung. Och deMoosbewues vu Beem oder Diech kann e graffen Hiwäis ginn, well en an der Haaptwiederrichtung am stäerksten ass. D'Haaptwiederrichtung a Mëtteleuropa ass Nordwest.
Nuets bei klorem Himmel duerch Upeile vumPolarstär. Wann een eng geduecht Linn vum Polarstär aus, vertikal no ënne bis op denHorizont zitt, da läit virun engem d'Nordrichtung. Dës kann een z. B. mat engemLout, also engem Fuedem mat engem Gewiicht u sengem Enn, duerchféieren. Dat lassent Enn vum Lout gëtt mat ausgestrecktem Aarm mat de Fangere gehalen an de Fuedem genee iwwer de Polarstär bruecht. D'Gewiicht zitt de Fuedem vertikal no ënnen an do, wou de Fuedem den Horizont visuell schneit, ass den Norden. Déi Method funktionéiert awer net an der Géigend vum Nordpol, well do de Polarstär bal vertikal iwwer dem Observateur steet, dee sou d'Lout iwwer säi Kapp hale misst. Domat wier e Peilen iwwer de Fuedem onméiglech. Wat ee méi no bei den Equator kënnt, ëmsou méi kuerz gëtt d'Distanz tëscht Polarstär an Horizont an d'Method gëtt ëmmer méi genee.