Movatterモバイル変換


[0]ホーム

URL:


Op den Inhalt sprangen
Wikipedia, déi fräi EnzyklopedieDéi fräi Enzyklopedie
Sichen

Nordamerika

Vu Wikipedia
Nordamerika
Geographie
Geographesch LagNordhallefkugel
Besteet ausKaribik,Zentralamerika, Nordamerika a Mexiko,Grönland
Fläch21.329.947 km²
Héchste PunktDenali (6.190 m)
Déifste PunktBadwater Basin (-86 m)
Demographie
Awunner617.280.500(2025)
BevëlkerungsdichtNordamerika 25,46/km²
Bevëlkerungsräichst RegiounMexiko-Stad
Aner Informatiounen
Genannt noAmerigo Vespucci,Norden
ZäitzonEastern Time Zone, Pazifik Standardzäit, Hawaii-Aleutian Zäitzon, Newfoundland Standard Time, Atlantic Standard Time Zone, Alaska Standard Time Zone, Central Time Zone, Mountain Standard Time Zone
Kaart mat der politescher Opdeelung vun Nordamerika

Nordamerika ass den nërdlechen Deel vumamerikanesche Kontinent. Et ass noAsien anAfrika den drëttgréisste Kontinent op der Welt a bedeckt eng Fläch vu 24.930.000 km² (16,28 % vun der Fläch vun der Welt), dorënnerGrönland, d'zentralamerikaneschLandbréck an d'Karibik. Mat ongeféier 617 Milliounen Awunner (7,71 % vun der Weltbevëlkerung) läit en op der véierter Plaz wat d'Populatioun ugeet.[1]

Mëttelamerika ass eng Regioun, déi zu Nordamerika gehéiert.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel:Mëttelamerika.

Geographie

[änneren |Quelltext änneren]

Am Norden vun Nordamerika läit denArkteschen Ozean, am Osten denAtlantik, am Süden d'Karibescht Mier an am Westen dePazifeschen Ozean.

Geschicht

[änneren |Quelltext änneren]

Als éischten huet de ReesschrëftstellerAmerigo Vespucci vuFlorenz enger breeder Ëffentlechkeet vun deem nei entdeckte Kontinent erzielt. Hie war um Enn vum15. Joerhonnert bei de Reese vumChristoph Kolumbus derbäi. No him huet deKartographMartin Waldseemüller de KontinentAmerica genannt.

Bevëlkerung a Sproochen

[änneren |Quelltext änneren]

Indigeen Bevëlkerung

[änneren |Quelltext änneren]

Ier den nordamerikanesche Kontinent vun Europäer entdeckt an erfuerscht gouf, hu schonn eng Abberzuel indigeenen ethnesch Gruppen do gelieft, déi nom Enn vun der leschterÄiszäit a verschiddenen Immigratiounswellen aus Asien dohi koumen. Iwwerdeems d'Nokomme vun der leschter Well (déi sech nëmmen am héijen Norden néiergelooss hunn) allgemeng alsEskimoen anAleuten bezeechent ginn, bleift de geneeresche BegrëffIndianer fir all déi aner populär. A Kanada gëtt allgemeng d'Bezeechnung „First Nations“ fir déi indigeen Vëlker am Land gebraucht.

Sproochen

[änneren |Quelltext änneren]

D'Haaptsprooch ass Englesch (an den USA an a Kanada), virumSpueneschen (USA a Mexiko) an dem Franséischen (Kanada minoritär an den USA). Vereenzelt gëtt et nach aner lokal Sproochen déi aus der indigeener Zivilisatioune stamen; dozou zielen absënnsAthapaskesch-Tlingit (182.000 Spriecher),Algonkin-Ritwan (146.000) anEskimo-Aleutesch (80.000).

Wirtschaft

[änneren |Quelltext änneren]

D'Wirtschaft vun Nordamerika ëmfaasst méi wéi 600 Millioune Mënschen an 23 Staaten an ass duerch déi staark Ënnerscheeder tëscht de räiche Länner (Kanada, USA) an den aarme Länner vu Mëttelamerika an der Karibik charakteriséiert.

Opdeelung

[änneren |Quelltext änneren]

"Nordamerika" ka fir verschidde Leit ënnerschiddlech Bedeitungen hunn: Am alldeegleche Gebrauch a Kanada an an den USA bezitt Nordamerika sech gemenkerhand just op déi zwou Natiounen. Fir déi meescht Mexikaner gehéiert hiert Land awer och zu Nordamerika; dëst entsprécht och der üblecher Definitioun am europäeschen Ëmfeld.

Länner

[änneren |Quelltext änneren]

Zum nordamerikanesche Kontinent gehéieren:

  • 23 Memberstaate vun deVereenten Natiounen,
  • 21 Territoiren déi vun enger anerer Natiounen ofhängeg sinn.

Membere vun de Vereenten Natiounen

[änneren |Quelltext änneren]
NrTerritoireOffizielle StaatsnummHaaptstadFläch [km²][2]Awunner[3]Bemierkung
1Antigua a BarbudaAntigua a BarbudaSaint John's441[4]93.772
2BahamasBahamasNassau13.880401.283
3BarbadosBarbadosBridgetown430282.467
4BelizeBelizeBelmopan22.996417.072
5Costa RicaRepublik Costa RicaSan José51.1005.129.910
6DominicaCommonwealth DominicaRoseau75166.205
7Dominikanesch RepublikDominikanesch RepublikSanto Domingo48.67011.427.557
8El SalvadorRepublik El SalvadorSan Salvador21.0416.338.193
9GrenadaGrenadaSt. George's344117.207
10GuatemalaRepublik GuatemalaGuatemala-Stad108.88918.406.359
11HaitiRepublik HaitiPort-au-Prince27.75011.772.557
12HondurasRepublik HondurasTegucigalpa112.09010.825.703
13JamaikaJamaikaKingston10.9912.839.175
14KanadaKanadaOttawa9.984.67039.742.430Vill kleng Insele virun der Küst vun Nordamerika gehéieren zu Kanada, dorënnerVancouver Island an den ArchipelHaida Gwaii am Westen,Prince Edward Island,Neifundland an d'Cap-Breton Insel am Osten, an deKanadesch-arkteschen Archipel am Norden.
15KubaRepublik KubaHavanna110.86010.979.783
16MexikoVereenegt Mexikanesch StaatenMexiko-Stad1.964.375130.861.007D'Revillagigedo-Inselen an eng Abberzuel méi kleng Insele gehéieren zu Mexiko.
17NicaraguaRepublik NicaraguaManagua130.3706.916.140
18PanamaRepublik PanamaPanama-Stad75.4204.515.577
19Saint Kitts an NevisFederatioun Saint Kitts an NevisBasseterre261[5]46.843
20Saint LuciaSaint LuciaCastries616200.000[6]
21Saint Vincent an d'GrenadinnenSaint Vincent an d'GrenadinnenKingstown389[7]100.616
22Trinidad an TobagoRepublik Trinidad an TobagoPort of Spain5.1281.507.782
23 USAVereenegt Staate vun AmerikaWashington, D.C.9.833.517345.426.571Déi 48amerikanesch Bundesstaaten déi zesummenhänken, plusAlaska maachen de gréissten Deel vun den USA aus.
De BundesstaatHawaii, deem seng Insele wäit vum Kontinent ewech am Pazifeschen Ozean leien, zielt zuAustralien an Ozeanien.

Ofhängeg Gebidder

[änneren |Quelltext änneren]
NrTerritoireMammelandHaaptstadFläch [km²][8]Awunner[3]
1Amerikanesch Joffereninselen USACharlotte Amalie34780.000
2AnguillaVereenegt KinnekräichThe Valley9110.000
3Aruba[9]HollandOranjestad180110.000
4BermudaVereenegt KinnekräichHamilton5464.400[10]
5Bonaire

[9]

HollandKralendijk288
6Brittesch JoffereninselenVereenegt KinnekräichRoad Town15140.000
7Curaçao[9]HollandWillemstad444190.000
8GuadeloupeFrankräichBasse-Terre1.628
9GrönlandDänemarkNuuk2.166.08655.700[11]
10KaimaninselenVereenegt KinnekräichGeorge Town264
11MartiniqueFrankräichFort-de-France1.128
12MontserratVereenegt KinnekräichPlymouth1034.400
13Navassa USA
14Puerto Rico USASan Juan9.1003.240.000
15SabaHollandThe Bottom13
16Saint-BarthélemyFrankräichGustavia2210.000
17Saint-MartinFrankräichMarigot5330.000
18Saint-Pierre a MiquelonFrankräichSaint-Pierre242
19Sint EustatiusHollandOranjestad2110.000
20Sint MaartenHollandPhilipsburg3440.000
21Turks- a CaicosinselenVereenegt KinnekräichCockburn Town94850.000

Um Spaweck

[änneren |Quelltext änneren]
 Commons: Nordamerika – Biller, Videoen oder Audiodateien
Autoritéitskontroll
Kontinenter
Kontinentkomplexer

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. (en) North America Population 2025. World Population Review. Gekuckt de 26.07.2025.
  2. List of Countries and Dependent Territories of the World Alphabetically. ontheworldmap.com. Gekuckt den 21.07.2025.
  3. 3,03,1(en) World Population Prospects. population.un.org. Gekuckt den 21.07.2025. „Stand: Mëtt 2024“
  4. Antigua: 280 km²; Barbuda: 161 km²
  5. Saint Kitts 168 km²; Nevis 93 km²
  6. (de) Deutsche Stiftung Weltbevölkerung (DSW), DSW-DATENREPORT 2022 (PDF) (2022). Gekuckt de 06.07.2025.
  7. Saint Vincent 45 km²; Grenadinnen 344 km²
  8. List of Countries and Dependent Territories of the World Alphabetically. ontheworldmap.com. Gekuckt de 26.07.2025.
  9. 9,09,19,2Läit a Südamerika, gëtt awer aus historeschen a kulturelle Grënn als en Deel vun Nordamerika ugesinn.
  10. (en) Bermuda Population 2025. World Population Review. Gekuckt de 26.07.2025.
  11. (en) Greenland Population 2025. World Population Review. Gekuckt de 26.07.2025.
Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Nordamerika&oldid=2634739
Kategorie:
Verstoppt Kategorien:

[8]ページ先頭

©2009-2025 Movatter.jp