Movatterモバイル変換


[0]ホーム

URL:


Op den Inhalt sprangen
Wikipedia, déi fräi EnzyklopedieDéi fräi Enzyklopedie
Sichen

Nicolas Gonner-Nau

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Rëmelenger Minenhär Nicolas Gonner. Fir den Editeur an Historiker, kuckt wgl.Nicolas Gonner.
Nicolas Gonner-Nau
Gebuer17. Oktober1824
Rëmeleng
Gestuerwen21. August1908
Rëmeleng
NationalitéitLëtzebuerg
AktivitéitPolitiker, Entreprener
FonctiounBuergermeeschter vu Keel
Gebuertsschäin vum Nicolas Gonner 1824
Doudesschäin vum Nicolas Gonner 1908

DenNicolas Gonner-Nau, gebuer de17. Oktober1824 zuRëmeleng, an do gestuerwen den21. August1908, war de Grënner vun derRëmelenger Schmelz, Minnenhär, Buergermeeschter vun derGemeng Keel (1855-1860, 1867, 1868, 1873-1876, 1878-1884)[1] a Bauhär vum Rëmelenger Spidol.

De Stammbam vun der Rëmelenger Famill Gonner léisst sech bis an d'17. Joerhonnert zeréckverfollegen. Deemools huet d'Stackhaus nach Lauxen geheescht, erréischt am Joerhonnert duerno gëtt den Numm Gonner nieft deem vu Lauxen gefouert fir dee schlussendlech ganz ofzeléisen.

Dem Nicolas Gonner-Nau säi Familljenhaus war an der Kierfechtsstrooss, 1838 gebaut op der Hueschtert iwwer dem Kihne-Stach (haut steet et net méi). Säi Papp war de Michel Gonner (1776-1852) a seng Mamm d'Maria Orianne vu Miersch (1789-1853). Et däerf ugeholl ginn, datt scho säi Papp mat Wakeminett[2] (op Däitsch: Bohnerz) gehandelt huet, well schonn 1843 huet deStot een Drëttel vun alle Steiere vun der Sektioun Rëmeleng bezuelt. Sengem 4 Joer eelere Brudder, dee bossegerweis och Nicolas geheescht huet, gouf nogesot e liichtliewege verwinnte Playboy ze sinn an him gouf no sengem Doud 1868 op Bedreiwe vum Bëschof e kierchlecht Begriefnes refuséiert.

A jonke Joren huet den Nicolas Gonner eng Plaz als Schreiwer bei engemNottär ugeholl. Wéi säi Papp 1852 gestuerwen ass, do ass en zeréckkomm an huet de wuelsituéierte Familljenhaff iwwerholl. Gläichzäiteg hat en awer och erkannt, datt matMinett grouss Geschäfter ze maache waren, an en huet en ettlech Parzellen amKeeldall kaaft. 1872 war hie Matgrënner vun der Rëmelenger Schmelz, ënner dem Hutt vun der AktiegesellschaftGonner, Munier, Helson & Cie.

Den Nicolas Gonner gouf den 10. Mee 1853 mat der Maria Nau bestuet, der Schwëster vumTéitengerSchmadd Jean-Baptiste Nau[3]. Hiren eenzege Bouf, Gonnesch Batty, ass schonn am Alter vu 27 Joer gestuerwen, ouni bestuet gewiescht ze sinn. Hie gouf de 7. Juni 1844 als Naux Jean-Baptiste zu Rëmeleng als Meedercheskand vum Maria Naux (sic) gebuer an ass den 13. Juni 1871 zuRolleng als Jean-Baptiste Gonner, Fils vum Nicolas Gonner an der Maria Nau (sic) gestuerwen. 1893 ass och seng Fra Maria verscheet.

Wéi den Nicolas Gonner 1908 am Alter vun 83 Joer gestuerwen ass, war keen direkten Ierwe méi do a säi gewaltegen Immobiliëbesëtz ass an de Joren 1911-1915 versteet gi fir iwwer 50 wäitleefeg Ierwen ze zerwéieren.

Um Spaweck

[änneren |Quelltext änneren]

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Lorang, F., 1985.Kayltaler Memorabilien, S. 159-161.
  2. Lorang, F., 1999.Bergbauliche Geschichtsblätter aus dem Land der Roten Erde. Zahlen, Daten, Fakten. Luxemburg, Gemeinde Kayl, S. 12.
  3. Kuerzbiographie vum Jean-Baptiste Nau
Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Nicolas_Gonner-Nau&oldid=2533731
Kategorien:
Verstoppt Kategorie:

[8]ページ先頭

©2009-2025 Movatter.jp