Movatterモバイル変換


[0]ホーム

URL:


Op den Inhalt sprangen
Wikipedia, déi fräi EnzyklopedieDéi fräi Enzyklopedie
Sichen

Netflix

Vu Wikipedia
Netflix
Grënnungsdatum29. August 1997
GrënnerNetflix, Inc.
SëtzLos Gatos,Kalifornien,
 USA
Generaldirekter

Reed Hastings (CEO)[1]

Ted Sarandos (CCO)[1]
Mataarbechter9400 (2020)[2]
Ëmsaz25 Mrd. USD(2020)[2]
BrancheFilmwirtschaft
Homepagehttps://www.netflix.com/

Netflix, Inc. ass engUS-amerikanesch Medienentreprise, déi sech mamStreaming (viaAbonnement) an der Produktioun vuFilmer a Serien beschäftegt.

Se gouf 1997 amkalifornescheLos Gatos vum Reed Hastings an dem Marc Randolph gegrënnt. Ufanks huet s'als Online-Videothéik fonctionéiert, andeems se Filmer opDVD aBlu-ray un hir Abonnente verschéckt huet. 2007 huet Netflix matVideo-on-Demand ugefaangen, sou datt Abonnenten op e Katalog vun audiovisuellen Inhalter perStreaming Zougang kruten.

Netflix produzéiert eege Serien a Filmer, ma weist der och eng jett, fir déi se d'Exploitatiounsrechter (net ëmmer fir iwwerall an zum Deel zäitlech begrenzt) kaaft huet.

Bis Mäerz 2020 hat Netflix knapps 3000 Film- an Televisiounsprogrammer a senger Offer. Bis Enn Mäerz 2022 goufen, zanter dass d'Firma gegrënnt gouf, am Ganzen 221,64 Milliounen Abonnementer ofgeschloss, dovun der 74,58 Milliounen an den USA an a Kanada. 2020 louch hire Wäert op derBourse mat knapps 195 MilliardenDollar iwwer deem vun derWalt Disney Company.

Zanter 2014 kann een Netflix och zuLëtzebuerg abonéieren.

Deen éischte Lëtzebuerger Film, deen op Netflix gewise gouf, assSawah vumAdolf El Assal.[3]

Um Spaweck

[änneren |Quelltext änneren]
 Commons: Netflix – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. 12Netflix - Environmental, Social & Governance - Leadership & Directors.ir.netflix.net.Gekuckt de 17.05.2022.
  2. 12Inline XBRL Viewer.www.sec.gov.Gekuckt de 17.05.2022.
  3. "Netflix picks up Luxembourg-Egypt production Sawah." screendaily.com, 14. Mee 2020; gekuckt 2022-05-31.
Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Netflix&oldid=2630872
Kategorie:
Verstoppt Kategorie:

[8]ページ先頭

©2009-2026 Movatter.jp