Movatterモバイル変換


[0]ホーム

URL:


Op den Inhalt sprangen
Wikipedia, déi fräi EnzyklopedieDéi fräi Enzyklopedie
Sichen

Neimound

Vu Wikipedia
1 = Neimound
Moundphasen

De BegrëffNeimound (lat.Interlunium) bezeechent d'Moundphase, an där sech denÄerdmound a sengem Phasenzyklus (Lunatioun) visuell „erneiert“. Hien ass fir ongeféier 35 Stonne vun der Äerd ausmat bloussem A net ze gesinn.

Bei Neimound steet de Äerdmoun tëscht der Äerd an derSonn (Konjunktioun). UmNuetshimmel kann een prinzipiell vun der Äerd aus keen Neimound gesinn, well hie sech do ëmmer ënner demHorizont ass. Och op der Dagessäit ass hie fir dat blousst A net ze gesinn, well déi gro Schietsäit am Dag vum Streeliicht vun der Sonn an derÄerdatmosphär iwwerstraalt gëtt.

D'Moundséchel selwer ass an de Stonnen ëm Neimound extreem schmuel a liichtschwaach an dofir nëmme mat groussem Opwand ze fotograféieren oder mat Teleskopen z'observéieren. D'Pbservatioun vun der dënner Moundséchel ass averschidden islamesche Länner wéi z. B. demIran eng Aart Vollekssport.

Zesummenhank mat Sonnendäischtert: A seelene Fäll, an deenen de Mound zu der Konjunktioun genee de Verbindungskorridor tëscht Sonn an Äerd passéiert, kënnt et zu engem klenege Korridor op der Äerduewerfläch zu engerSonnendäischtert. D'Sonnendäischtert ass also e Spezialfall vun Neimound am Dag.

Déi wëssenschaftlech Definitioun vun Neimound ass: Neimound ass den Zäitpunkt, zu deem déi visuellekliptikal geozentresch Längt vum Mound an déi visuell geozentresch ekliptikal Längt vun der Sonn gläich sinn.

"Visuell" heescht: ënner Récksécht vunAberratioun anNutatioun. D'Nutatioun kann am virleiende Fall vernoléissegt ginn, well si béid Positiounen op identesch Weis beaflosst.
"Geozentresch" heescht: vun engem hypotheteschenObservateur am Äerdmëttelpunkt aus gesinn. D'Definitioun ass domat onofhängeg vun enger realer Observatiounsplaz; Neimound ass doduerch weltwäit zum selwechten Zäitpunkt (deen awer a verschiddenen Zäitzone verschiddenen Uertszäiten entsprécht).
1 a 4 weisen de Spezialfall vun engerMounddäischtert beiVollmound. 2 an 3 weisen de Spezialfall vun engerSonnendäischtert bei Neimound

Ofgrenzung vu Vollmound a Mounddäischtert: Beim Géigendeel vun Neimound -Vollmound - steet de Mound vun der Äerd aus gesinn anOppositioun zur der Sonn, hien ass dann nëmme vun owes bis moies ze gesinn. Sträift de Mound dobäi am exakte Fall den Äerdschiet, kënnt et zu engerMounddäischtert. Eng Mounddäischtert ass also nëmme beim Géigendeel vun Neimound - bei Vollmound - méiglech. Domat ass d'Mounddäischtert e Spezialfall vum Vollmound.

Well bei Neimound an och bei Vollmound Sonn a Mound mat der Äerd op enger Achs leien, féieren d'Kräfte vun hire vereenteGezäiten zuSprangfluten op eiser Äerd.

D'Zäit an Deeg, déi zanter dem leschten Neimound vergaangen ass, gëtt alsMoundalter bezeechent.

De Moundalter vum leschte Wantermound (amJulianesche Kalenner) resp. der Lunatioun, deen op den1. Januar, amGregorianesche Kalenner fält, ass d'Epakt. Si déngt der Berechnung vumOuschterdatum.

Vum Neimound z'ënnerscheeden ass den Ufank vun der neierMoundséchel, d'Neiliicht (Jiddesche Kalenner,Islamesche Kalenner).

Kuckt och

[änneren |Quelltext änneren]


Um Spaweck

[änneren |Quelltext änneren]
 Commons: Lunar phases – Biller, Videoen oder Audiodateien
Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Neimound&oldid=2653279
Kategorien:

[8]ページ先頭

©2009-2026 Movatter.jp