An derRaumfaarttechnik bezeechent denNeesantrëtt déi kritesch Phas vum Antrëtt vun engem Fluchkierper an eng Atmosphär. Well sech a kuerzer Zäit villkinetesch Energie a Wäermt ëmwandelt, ginn Objeten ouniHëtzschëld zerstéiert. De gehëtztePlasma ënnerbrécht och d'Funkverbindung.
De Begrëff gëtt net nëmme fir bemanntRaumgefierer benotzt, mä och firRaumsonden, Sprengkäpp vunInterkontinentalrakéiten, Kapsele mat Proufmaterial, souwéi fir Objeten, déiverglousen däerfen oder sollen, wéi z. B. ausgebrannt Rakéitestufen oder ausgedéngt Satellitten. Dacks war den Objet virdrun an enger Ëmlafbunn an den Ofstig fänkt mat derBremszündung géint d'Fluchrichtung un. Zum Neesantrëtt zielen net déi spéider Phase vum Ofstig, an deenen déi thermesch Belaaschtung méi kleng ass. Aus dem selwechte Grond gëtt de Begrëff fir Objeten, déi nëmmen e klenge Brochdeel vun der Orbitalvitess erreecht hunn, net gebraucht.
An derbemannter Raumfaart sinn et d'Kapselen déi zeréck op d'Äerd kommen (Apollo,Sojus,Shenzhou) resp.Raumfären (beispillsweisSpace Shuttlen), déi den Neesantrëtt all Kéier ouni Schued iwwerstoe mussen, fir d'Astronauten net a Gefor ze bréngen.
All Start vun engerméistufeger Rakéit hannerléisst ausgebrannt Uewerstufen, déi no erfëllter Aufgab an d'Atmosphär zeréckfalen an deelweis verglousen. Geneesou ginn ausgedéngtSatellitte bei engem kontrolléierten Ofstuerz ganz oder deelweis zerstéiert, fir net nach méiWeltraumschrott ze hunn. D'Antrëttsbunn gëtt méiglechst sou erausgesicht, datt grouss Deeler, déi den Neesantrëtt iwwerstoe kéinten, an d'Mier falen. E spektakuläert Beispill fir sou e Virgank war déi russeschMir-Raumstatioun.
D'Héicht vum Punkt vumAntrëttswénkel ass net festgeluecht. D'NASA gëtt beispillsweis fir den Antrëtt an d'Äerdatmosphär eng Héicht vu 400.000Fouss (zirka 122 km) un (Entry Interface).
Beim Neesantrëtt ginn héich Fuerderungen un d'Material an un d'Struktur vun der Raumschëffzell gestallt. D'Temperatur op denHëtzschelter erreecht beim Antrëtt an d'Äerdatmosphär méi wéi dausend Grad Celsius, ausserdeem gëtt d'Fluchvitess séier verklengert.
Wann de Fluchkierper d'Belaaschtung vun der Hëtzt onbeschiedegt iwwerstoe soll, da gëtt an der Reegel bei Raumschëffer, déi nach eng Kéier gebraucht solle ginn, hëtztresistent Material mat enger niddregerthermescher Leetfäegkeet wéiKeramik anHëtzschutzplättercher benotzt, déi fir eng ausreechend Isolatioun suergen. Ausserdeem muss d'Wäermt nees ofgestraalt ginn; dofir eegent sech keramescht a metallescht Material. De Gebrauch vu Wierkstoffer mat engem niddrege Schmëlzpunkt erméiglecht d'Kille mat engemablativen Hëtzschëld. Dobäisubliméiert resp.pyrolyséiert d'Material vum Hëtzschëld. Déi dobäi entstane relativ killGrenzschicht isoléiert d'Schichten déi drënner leien an transportéiert e Groussdeel vun der Wäermt of. En ablatiivt Hëtzschëld ass technesch méi einfach an net esou deier wéi e recycléierbaart Hëtzschëld. Wann en ablatiivt Hëtzschëld bei engem méi dacks benotzte Raumschëff agesat gëtt, da muss et no all Fluch frëschgemaach ginn.
DenAntrëttswénkel a -vitess vum Fluchkierper musse genee berechent ginn, wann e kontrolléierten, ongeféierlechen Ofstig an eng Landung um Landegebitt sécher soll sinn. Den Antrëttswénkel läit meeschtens tëscht 6° a 7°. Bei ze flaachem Antrëtt verléisst d'Raumgefier d'Atmosphär nees (no jiddwer weiderem Antrëtt an d'Atmosphär géif et zwar nach méi ofgebremst ginn, d'Zilgebitt géif awer verfeelt ginn), bei engem ze géien Antrëtt ass déi thermesch Belaaschtung an och d'Zäitverschleefung vum Raumschëff ze grouss. Beim Neesantrëtt vun denApollo-Raumschëffer nom Zeréckkomme vum Äerdmound war den Antrëttswénkel idealerweis 6,5°, woubäi eng Toleranz vu plus/minus 0,5° bestoung.
Zanter den Ufäng vun derRaumfaart war et eng wichteg Aufgab, den Neesantrëtt verléisslech virauszeberechnen a besonnesch d'Zäit an d'Plaz vum Verglouse resp. der Landeplaz ze bestëmmen. Jee nodeem, wéi et zum Neesantrëtt kënnt, trieden resp. sinn ënnerschiddlech Problemer opgetrueden. D'Apollo-Moundfären hate keen Dreifstoff, fir virum Neesantrëtt op méi eng niddregËmlafbunn ofzebremsen, déi dann fir d'éischt genee vermooss huet misse ginn. Bunnkorrekturen hu missen op grousser Distanz, virum Oftrenne vun der Kapsel, fir déi deemoleg Verhältnesser ganz genee gemaach ginn.
Bei engem Ofstig aus engem niddregen Orbit muss denDeorbit Burn genee doséiert kënne ginn. Beispillsweis huet den amerikanescheSpace Shuttle déi schwaachOMS-Dreifwierker benotzt, fir bannen dräi Minutten d'Bunnvitess ëm 1 % ze reduzéieren. DësDelta v vun nëmme 90 m/s geet duer, fir op enger elliptescher Bunn op der anerer Säit vun der Äerd – erëm a Fluchrichtung gedréit – nees an d'Atmosphär anzetrieden. Form an Ustellwénkel vum Raumgefier produzéierenOpdriff, deen den ufanks géien Opdtig virum Optriede vun dergréisster Belaaschtung offlaacht. D'Leeschtungsverdeelung gëtt esou zäitech méi kompakt, wat d'Wäermtophuele erofsetzt.
Besonnesch Schwieregkeete bei der Berechnung vu ganz flaache Bunnen sinn/waren ënner anerem:
Bei schwéieren oder reegelméisseg geformte Kierper sinn d'Berechnunge méi zouverlässeg wéi bei liichte Satellitte mat verschiddenen Ausleeër. Eenzel Ofstierz konnte schonn op e puer Minutten, an d'Spur op e puer Kilometer virausberechent ginn.
Raumfluchkierper, déi eng Notzlaascht nees sécher landen sollen, sinn dofir entspriechend geformt. Déi Kapselen, déi zeréckkommen, ginn dowéinst am Fluch an eng aerodynamesch stabil Lag bruecht, sou datt de Fluchkierper mamHëtzschëld vir an d'Atmosphär andaucht (Sojus-Raumschëff,Mercury-Raumschëff).
Bis an d'1970er Jore gouf et en eegent Netz vuvisuellen Observateure mam NummMoonwatch, dat vun der US-amerikanescherSmithsonian Astrophysical Observatory (SAO) betreit gouf a weltwäit mat e puer honnert éierenamtlechen Ekippe geschafft huet. D'Ënnerstëtzung vuSatellittekameraen (virun allem derBaker/Nunn-Statiounen) duerch relativ einfach ausgerëschtAmateurastronomen war noutwendeg, well d'Kameraen trotz techneschem Opwand bei gewësse Bedéngunge wéineg ausgeriicht hunn.Visuell Observateure konnte vill méi flexibel reagéieren.
Problemfelder sinn ënner anerem
Generell sind de Start an d'Landung vun engem (rakéitegedriwwene) Raumschëff déi kritesch Phase vum Fluch. Hei bestinn déi héchst Onfallgeforen.
Am Fall vum US-amerikanesche Space Shuttle ass bekannt, datt de benotzten Hëtzschutzsystem, ausCarbon-Carbon Panéilen a Keramikplättercher, zwar ganz héijen Temperature widersteet, op mechanesch Aflëss awer ganz empfindlech reagéiert.Am Februar2003 war deSpace ShuttleColumbia vun der NASA beim Neesantrëtt um Enn vun der MissiounSTS-107 deelweis vergloust, well beim Start vum Shuttle op d'mannst ee vun den am stäerkste belaaschten Deeler vum Hëtzschutzsystem op der lénkser viischter Kant vun der Drofläch duerch e Schaumstoffdeel sou grouss wéi en Aktekoffer beschiedegt gouf. Well déi Beschiedegunge wärend der Missioun net entdeckt goufen (e puer warnend Hiweiser vun NASA-Mataarbechter goufe vun der Fluchleedung ignoréiert resp. bagatelliséiert), konnt de Plasma dee beim Neesantrëtt an d'Drofläch agedrongen ass d'Aluminiumstruktur sou wäit futti maachen, datt déi lénks Fläch an dorophinn de ganze Shuttle zerstéiert gouf.
Landungen umMars sinn duerch déi dënn Dicht vun der Mars-Atmosphär méi schwiereg ze maachen, sou datt Landesonden dacks mat ze vill héijer Vitess um Buedem opschloen a beschiedegt kënne ginn. Aus dem selwechte Grond besti Begrenzunge fir d'Landehéichten op der Marsuewerfläch, sou kënne momentan Sonden nëmmen an Héichte vun ënner 2 km landen, wouduerch e puer interessant Marsregiounen net erreecht kënne ginn. Dogéint si Landungen op derVenus oder umTitan wéinst der dichter Atmosphär méi einfach, allerdéngs ass den héijen Drock an déi héich Temperatur vun der Venus-Atmosphär eng weider Gefor fir d'Landegefierer.
Commons: Neesantrëtt – Biller, Videoen oder Audiodateien |