Movatterモバイル変換


[0]ホーム

URL:


Op den Inhalt sprangen
Wikipedia, déi fräi EnzyklopedieDéi fräi Enzyklopedie
Sichen

NGC 4395

Vu Wikipedia
NGC 4395
Foto vun derGALEX
StärebildCanes Venatici(CVn)
Positioun fir d'EquinoxeJ2000.0
Rektaszensioun12h 25m 48,93s
Deklinatioun+ 33° 32' 47,8"
Ausgesinn
Hubble-SequenzSA(s)m:;
LINER Sy1.8
Visuell Magnitude10,0 mag mag
Visuell Magnitude
(B-Band)
10,6 mag mag
Wénkelduerchmiesser13,2' × 11,0'
Flächenhellegkeetmag/arcmin²15,3 mag
Physikalesch Donnéeën
Gehéiert zuCanes-Venatici-I-Grupp
Distanz(Lj)14 Mio.
Routverrécklung+0,00101 ± 0,00005
Radialvitess(+303 ± 14)
Absolutten Duerchmiesser55 000
Geschicht
EntdeckerWilhelm Herschel
Entdeckungsdatum2. Januar1786
Katalog- an Entdeckerbezeechnungen
CGCG187-42
GC2958
h1252
H5.29.1
IRAS12233+3348
KUG1223+338
MCG+6-27-53
NGC4395
PGC40596
UGC7524
2MASXJ12254892+3332482

DenNGC 4395 ass engBalkespiralgalaxie am StärebildCanes Venatici. Si ass 14 Millioune Liichtjoer vun eis ewech a Member vun derCanes-Venatici-I-Grupp. Si ass eng aktivGalaxie mat engem ganz hellem Zentrum, d. h. mat engemAktive galaktesche Kär (AGN). Den NGC 4395 ass engSeyfert-1-Galaxie.

Besonnesches

[änneren |Quelltext änneren]

AmNGC 4395 gouf vu britteschen a japanesche Wëssenschaftler ëm denAndrew Fabian aKazushi Iwasawa vun derUniversität Cambridge mat Hëllef vum japanesche Röntgensatellit "Advanced Satellite for Cosmology and Astrophysics" (ASCA) dat deemools klengst masseräichtSchwaarzt Lach mat enger Mass vun 10.000 bis 100.000Sonnemasse fonnt. Sou war et 100-mol méi kleng wéi all bis dohi bekannt Schwaarz Lächer vun deem Typ. Kuerz duerno gouf an der GalaxieM82 nach méi e klengt Lach entdeckt.

Ausserdeem gëtt et an der Galaxie en ettlechH-II-Gebidder, wouvun der dräi als separat Objeten amNew General Catalogue stinn:NGC 4399,NGC 4400 anNGC 4401.

Entdeckung

[änneren |Quelltext änneren]

Den NGC 4395 gouf den2. Januar1786 vum däitsch-britteschenAstronomWilhelm Herschel entdeckt.

Um Spaweck

[änneren |Quelltext änneren]
Commons: NGC 4395 – Biller, Videoen oder Audiodateien

Kuckt och

[änneren |Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Nopeschobjeten amNGC-Katalog
Kuckt och
Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=NGC_4395&oldid=2580355
Kategorien:
Verstoppt Kategorie:

[8]ページ先頭

©2009-2025 Movatter.jp