![]() De ReflexiounsniwwelNGC 1788 opgeholl vun derESO. | |
Stärebild | Orion(Ori) |
---|---|
Positioun fir d'EquinoxeJ2000.0 | |
Rektaszensioun | 05h 06m 54s |
Deklinatioun | - 03° 20' 30"[1] |
Ausgesinn | |
Visuell Magnitude (B-Band) | 5,8[1] mag |
Wénkelduerchmiesser | 5' × 3'[2] |
Geschicht | |
Entdecker | F. W. Herschel |
Entdeckungsdatum | 1. Februar1786 |
Katalog- an Entdeckerbezeechnungen | |
GC | 1005 |
h | 347 |
H | 5.32 |
NGC | 1788 |
DenNGC 1788 oderFliedermausniwwel, well seng Struktur e bëssi un eng Fliedermaus erënnert, ass eReflexiounsniwwel amStärebildOrion.
Den NGC 1788 gëtt vun de masseräiche Stären an der Orion-Regioun däitlech beaflosst. DeStärewand vun dëse Stären huet dem Niwwel seng Form ginn, an huet hien zuStäregebuerten ugereegt an huet och de Waasserstoffgas un d'Liichte bruecht (am Bild déi roudelzeg Sträif op der lénkser Bildhallschent).
Déi meescht Stären, déi am Niwwel sinn, si vu Stëbs verdeckt. Eng vun de wéinegen Ausnamen ass denHD 293815. D'Stäre vun dëser Regioun si mat engem duerchschnëttlechen Alter vun enger Millioun Joer ganz jonk.
Den Niwwel gouf den1. Februar1786 vum däitsch-britteschenAstronomFriedrich Wilhelm Herschel entdeckt.
Commons: NGC 1788 – Biller, Videoen oder Audiodateien |