Zesumme mat de ville klengenZwerggalaxië ronderëm dës grouss Galaxie, ass dës al Grupp, warscheinlech duerch d'Verschmëlzung vu villen normalen Galaxien entstanen. Den NGC 1132 läit an engem risegenHalo ausdonkeler Matière. Eng änlech Usammlung vun donkeler Matière fënnt ee just a Gruppe vu bis zu Honnert Galaxien. Si weist staark Röntgestralung op, déi op waarm Gasen zeréckzeféiere sinn. Och dës Gase fënnt een an der Reegel nëmmen a grousseGalaxiëgruppen. D'Röntgenliicht vum NGC 1132 erstreckt sech iwwer e Beräich, deen ongeféier zéngmol méi grouss ass wéi d'Ausdeenung vun der Galaxie. Den NGC 1132 huet e Radius vun 120.000 Liichtjoer.
Op engerHubble-Foto, déi bei Observatiounen an de Joren 2005 an 2006 gemaach goufen, si ronderëm den NGC 1132 vill al Kugelstärekéip ze gesinn. Si hu méiglecherweis fréier zu de Galaxië gehéiert, déi vum NGC 1132 opgefaange goufen.