Den NGC-Katalog,New General Catalogue (NGC), de kompletten Titel ass:New General Catalogue of Nebulae and Clusters of Stars, ass e Katalog vugalakteschenNiwwelen,Stärekéip aGalaxien.
Den NGC huet zirka 8.000 Objeten nummeréiert, dorënner och déi meescht aus demMessier-Katalog. Den Ënnerscheed zum Messier-Katalog ass datt d'Objete vum NGC-Katalog noRektaszensioun opgestallt sinn. Wéinst de villen Objeten huet hien och e puer kleng Feeler, sou sinn z. B. e puer Objete méi dacks mat verschiddene Katalognummeren enthalen oder an engem vun den Index-Katalogen nach eng Kéier opgeholl. Eng nei Versioun vum NGC ass denRNGC. A stänneger Observatioun gëtt de Katalog vum NGC/IC-Projet (kuckt och am Spaweck) verfeinert. Richteg Nofollger vun dësem Katalog an Zesummenhang mat senger Index-Katalog-Vergréisserung gëtt et net.
Den NGC gëtt ganz gär vun denAmateurastronome gebraucht, well vill Objeten dran opgelëscht sinn, déi och mat Amateurteleskopen z'observéiere sinn.