Movatterモバイル変換


[0]ホーム

URL:


Op den Inhalt sprangen
Wikipedia, déi fräi EnzyklopedieDéi fräi Enzyklopedie
Sichen

NEAR Shoemaker

Vu Wikipedia
Graphik vun der Sond NEAR
NEAR-Foto vum Asteroid Eros

D'NEAR Shoemaker war eng US-amerikaneschRaumsond, déi1996 gestart war, fir denAsteroidEros z'erfuerschen. NEAR ass d'Ofkierzung firNearEarthAsteroidRendez-vous; den Zousaznumm „Shoemaker“ krut d'Sond am Joer2000 nom Doud vum Geolog a PlanetologEugene Shoemaker.

Miessinstrumenter

[änneren |Quelltext änneren]

Déi 818 kg schwéier Sond war déi éischt, déi am Kader vumDiscovery-Programm vun derNational Aeronautics and Space Administration gestart war. Als Instrumenter hat si nieft Kameraen eMagnéitometer,Röntgen- a Gammastralespektrometer, Infraroutsensoren an eLaser-Distanzmiesser. Als internationale Partner warDäitschland bedeelegt.

Verlaf

[änneren |Quelltext änneren]
Start vun Near mat enger Delta II 7925-8

D'NEAR hat d'Äerd de17. Februar1996 op engerDelta-II-Rakéit verlooss. Schonn am Mäerz1996 konnt d'Sond en ettlech Biller vumKoméitHyakutake aus grousser Distanz maachen. E Fluch laanscht den Asteroid(253) Mathilde war de27. Oktober1997 gelongen. Den Ofstand war 1.200 km. D'Sond hat en ettlech Biller op d'Äerd geschéckt. En Afléien an en Orbit ëm den AsteroidEros war zum Joreswiessel1998/1999 net gelongen.

E Joer méi spéit wéi geplangt, de14. Februar2000, hat d'NEAR dee gewënschtenenOrbit ëm den Eros erreecht. D'Sond war domat den éischten Asteroiden-Orbiter an der Geschicht vun der Raumfaart. Am Laf vun de follgende Méint gouf den Asteroid grëndlech erfuerscht. D'Ëmlafbunn gouf vun 350 km op bis zu 50 km erofgesat. No engem Jier am Orbit ëm den Eros ass dann d'Sond den12. Februar2001 erfollegräich op der Uewerfläch vum Asteroid gelant. Och dat war en Novum an der Raumfaart, well si guer net fir eng Landung geduecht war. Nach bis zum28. Februar2001 hat d'Sond Doneeë vum Eros gesent, duerno ass de Kontakt ofgebrach, well d'Solarpanéilen net méi a Richtung Sonn gewisen haten. E weidere Kontaktversuch am Mäerz vum selwechte Joer ass feelgeschloen.

Resultat

[änneren |Quelltext änneren]

Den Discovery-Programm vun der NASA war deelweis konzipéiert, technologesch a wëssenschaftlech Neies ze bréngen. Mat NEAR war dëst gelongen. D'Sond war den éischten Asteroiden-Orbiter an hat och déi éischt Landung op engem Asteroid gemaach – ouni datt een entspriechend Landesystemer agebaut hat. Fir eng Sond am Kader vum Discovery-Programm war si mat relativ villen Instrumenter ekipéiert (sechs Experimenter a Sensoren) a konnt den Eros méi genee wéi all aner Asteroiden erfuerschen.

Missioune vu weidere Sonde bei Asteroiden

[änneren |Quelltext änneren]

Kuckt och

[änneren |Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Literatur

[änneren |Quelltext änneren]
  • Jim Bell, Jacqueline Mitton:Asteroid rendezvous - NEAR Shoemaker's adventures at Eros. Cambridge Univ. Press, Cambridge2002,ISBN 0-521-81360-3

Um Spaweck

[änneren |Quelltext änneren]
Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=NEAR_Shoemaker&oldid=2634706
Kategorien:
Verstoppt Kategorie:

[8]ページ先頭

©2009-2026 Movatter.jp