![]() | DëseGeographiesartikel iwwerLëtzebuerg ass eréischt just engSkizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Mutfert | |
---|---|
![]() Vue op Mutfert | |
Aussprooch | |
An anere Sproochen | fr: Moutfort de: Mutfort |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Lëtzebuerg |
Gemeng | ![]() |
Buergermeeschter | Marion Zovilé-Braquet(CSV) |
Awunner | 1.517 |
1. Januar 2023 | |
Héicht | 257m |
Koordinaten | 49° 35’ 14’’ N 6° 15’ 33’’ O |
![]() |
Mutfert ass eng Uertschaft an derGemeng Conter.
![]() |
...
Vum 13. bis den 18. August 1792 huet améischte Koalitiounskrich d'Haaptarméi vun den Alliéierten, ënner dem Uerder vumHerzog vu Brauschweig, eng 40.000 Mann, zu Mutfert hiren Haaptquartéier opgeschloen, ier et weider goung Richtung Frankräich. De preisesche KinnekFriedrich Wilhelm II. hat säi Quartéier déi éischt Nuecht am Paschtoueschhaus virun der Kierch, éier en am Roudebësch beimPläitrenger Haff säi Camp opgeschloen huet. Den Herzog vu Braunschweig, deen de 14. August agetraff ass, huet selwer am Haff logéiert.[1]
...
An der Zäit vumZweete Weltkrich stoung zu Mutfert amWëllemslach en RAD-Ausbildungslager wat duerno noeneen e Krichsgefaangelager vun derWehrmacht virun allem fir Russen an duerno, Enn 1944 nom Amarsch vun den Amerikaner eent fir Wehrmachtszaldoten gouf. D'Amerikaner haten och do en Arméissender installéiert a si bis Mëtt Februar 1945 bliwwen. Dunn ass déi nei gegrënnt Lëtzebuerger Arméi do agezunn.
Commons: Mutfert – Biller, Videoen oder Audiodateien |