Movatterモバイル変換


[0]ホーム

URL:


Op den Inhalt sprangen
Wikipedia, déi fräi EnzyklopedieDéi fräi Enzyklopedie
Sichen

Montenegrinesch

Vu Wikipedia
DëseSproochen- a Linguistikartikel ass eréischt just engSkizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Montenegrinesch
crnogorski jezik
Gëtt geschwat an:Montenegro,Kroatien,Bosnien-Herzegowina,Serbien,Kosovo,Albanien
Regioun:Balkan,Südosteuropa,Zentaleuropa
Gëtt geschwat vun:232.600
Klassement:
Klassifikatioun no Famill:Indogermanesch
Offizielle Status
Offiziell Sprooch vun:Montenegro
Reglementéiert vun:
Sproochcoden
ISO 639-1
ISO 639-2[cnr]
ISO 639-3[cnr][1]

Montenegrinesch (crnogorski jezik) ass engsüdslawesch Sprooch. Se gëtt an der Verfassung vum 19. Oktober 2007 alsoffiziell Sprooch vumMontenegro definéiert. Wéi ochBosnesch,Kroatesch aSerbesch, staamt Montenegrinesch vumSerbokroateschen (respektivŠtokaveschen) of.

Montenegrinesch gëtt amMontenegro a laanscht d'Grenz vu sengen NopeschlännerKroatien,Bosnien-Herzegowina,Serbien,Kosovo anAlbanien geschwat. D'Kommunikatioun mat den uewe genannte Sprooche leeft meeschtens ouni grouss Problemer.

Alphabet

[änneren |Quelltext änneren]

D'montenegrinesch Sprooch ka souwuel alaténgescher wéi och akyrillescher Schrëft geschriwwe ginn. Allerdéngs dominéiert d'laténgesch Schrëft am Montenegro.

laténgescht Alphabet

  • A B C Č Ć D Dž Đ E F G H I J K L Lj M N Nj O P R S Š Ś T U V Z Ž Ź
  • a b c č ć d dž đ e f g h i j k l lj m n nj o p r s š ś t u v z ž ź

Si huet 32 Buschtawen; Lj an Nj ginn als eenzel Buschtawen ugesinn. Q, W, X an Y gi just bei Nimm aus anere Sprooche gebraucht.

kyrillescht Alphabet

  • А Б В Г Д Ђ Е Ж З И Ј К Л Љ М Н Њ О П Р С Т Ћ У Ф Х Ц Ч Џ Ш С́ З́
  • а б в г д ђ е ж з и ј к л љ м н њ о п р с т ћ у ф х ц ч џ ш с́ з́

Um Spaweck

[änneren |Quelltext änneren]
  1. http://senat.me/medunarodni-kod-za-crnogorski-jezik-cnr/
Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Montenegrinesch&oldid=2596462
Kategorien:
Verstoppt Kategorie:

[8]ページ先頭

©2009-2025 Movatter.jp