Momoiro Clover Z (jap. ももいろクローバーZMomoiro Kurōbā Zetto, dacks just Momoclo) ass eng japanesch Girlgroup, déi aus fënnef Sängerinne besteet. D'Band gouf am Mee 2008 vun der Talent-AgenturStardust Promotion gegrënnt. De fréieren Numm vun der Grupp ass Momoiro Clover.[1]
D'Grupp gouf 2008 ënner dem NummMomoiro Clover (Rosae Kléi) vun der Talent-Agentur Stardust Promotion gegrënnt.[1][2]
Hir DebutsingleMomoiro Punch gouf am August 2009 op engemIndie-Plackelabel vun hirer Talent-Agentur Stardust Promotion entdeckt a stoung an de japanesche Single-Charts op Plaz 23.[3]
2010 krut Momoiro Clover e Kontrakt fir eng Single bei der Plackefirma Universal J (Universal Music Japan).[4] Déi Single, hir éischt Majorlabel-SingleIkuze! Kaitō Shōjo, gouf de 5. Mee 2010 verëffentlecht, an huet sech direkt op déi 3. Plaz vun de japanesche Single-Charts placéiert.[3]
Spéider an deem Joer krut Momoiro Clover e Kontrakt bei der Plackefirma King Records.[3]
Den 10. Abrëll 2011 huet d'Akari Hayami d'Grupp verlooss an d'Grupp gouf opMomoiro Clover Z ëmbennant.[1][5] Den éischten AlbumBattle and Romance koum am Juli eraus.[1][5]
Am November 2012 koum d'LiddSaraba, Itoshiki Kanashimitachi yo op d'Plaz 1 an de japanescheBillboard Charts.[6] De Museksvideo vun der Single ass extravagant an d'Band gouf mat engem MTV Video Music Award Japan fir déi bescht Choreographie belount.
Den 10. Abrëll 2013 huet Momoiro Clover Z hiren zweete Studiosalbum5th Dimension verëffentlecht, deen déi éischt Woch direkt op Plaz 1 vun de japaneschen Album-Charts koum.[7] Den Album huet a Japan Platin-Status erreecht.[8]