Movatterモバイル変換


[0]ホーム

URL:


Op den Inhalt sprangen
Wikipedia, déi fräi EnzyklopedieDéi fräi Enzyklopedie
Sichen

Mol

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der internationaler EenheetMol. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl.Mol (Homonymie).

D'Mol (symb:mol) ass eng Unitéit amInternationalen Eenheetesystem, déi haaptsächlech an derPhysik an an derChimie gebraucht gëtt. Bei engem Mol handelt et sech ëm déi Quantitéit vun enger Matière vun engem System, deen aus grad souvill Eenzeldeelercher (Atomer,Moleküllen,Ionen,Elektronen,...) besteet, wéi et Atomer an 12 Gramm vumKuelestoff-Nuklid12C gëtt.

Dës Zuel vun Entitéiten ass:NA = 6,0221415 × 1023 mol−1.

Dat ass eng ZortKonstant, déi vumAmedeo Avogadro festgeluecht gouf. Dofir ass d'Zuel vun Entitéiten an engem Mol och no himAvogadro-Zuel benannt ginn.

Vereinfacht gesot ass e Mol eng Unitéit vum selwechte Genre wéi z. B. eng Dosen. Zwou Dosen Eeër sinn 2 × (12) = 24 Eeër. An zwou Molen Eeër sinn 2 × (6,0221415 × 1023) = 12,044283 × 1023 Eeër, also ronn 1204 Trilliarden Eeër. Bei dësem Verglach gëtt och däitlech, firwat een eng Quantitéit Eeër éischter an Dosen ausdréckt an eng Quantitéit Atomer oder Moleküllen éischter a Molen.

Um Spaweck

[änneren |Quelltext änneren]
Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Mol&oldid=2306669
Kategorie:

[8]ページ先頭

©2009-2025 Movatter.jp