Mira Craig | |
---|---|
![]() | |
Gebuer | 31. Juli1982 Oslo |
Nationalitéit | Norwegen,USA |
Aktivitéit | Sänger,Songwriter |
![]() |
D'Mira Scherdin Craig, gebuer den31. Juli1982 zuOslo, ass engnorwegesch-amerikaneschR&B-Sängerin.
Am Alter vun zwielef Joer huet d'Mira Craig bei der norwegescher Televisiounsemissioun "Midt I Smørøyet" matgemaach, wou si derWhitney Houston hiert LiddI wanna dance with somebody gesongen huet. Doroppshi gouf si vun de Produzenten direkt agestallt fir d'Emissioun ze moderéieren. Mat 15 Joer huet si ugefaangen, hir eege Lidder ze schreiwen, a mat 17 huet si d'Hannergrondstëmme vun der norwegescherNeo Soul-SängerinNoora Noor gesongen.
Am Joer 2000 koum d'Mira Craig an d'Gespréich, nodeem de RapperWyclef Jean vun deFugees si wärend dem Museksfestival "Quartfestivalen" mat op d'Bün geholl huet. Och den amerikanesche RapperSnoop Dogg as 2005 um selwechte Festival mat hir opgetrueden, an huet zanterhier och e Lidd vum Mira Craig op senger CompilatiounWelcome to tha Chuuch: Da Album benotzt.
2006 huet d'Mira Craig hiren éischten Album "Mira Mira" verëffentlecht, dee sech an hirer Heemecht 25.000 Mol verkaaft huet a bis op d'Plaz 4 vun den Albumcharts geklommen ass. Déi éischt Single "Boogeyman" huet déi 6. Plaz an déi zweet Single "Headhunted" déi 12. Plaz an de Single-Charts erreecht. Am Januar ass d'Mira Craig bei "Alarm-prisen", enger norwegescher Musekspräisiwwerreechung als "Newcomer of The Year" ausgezeechent ginn.
Dat Joer drop gouf si vum bekannten amerikanesche ProduzentTimbaland invitéiert, fir mat him an dem Rapper50 Cent um Lidd "Come And Get Me" vum Album "Timbaland Presents Shock Value" ze schaffen, a si huet hiren zweeten Album "Tribal Dreams" mam Lidd "Leo" als éischt Single verëffentlecht.
2008 huet d'Mira Craig d'Lidd "Hold On Be Strong" fir d'Maria Haukaas Storeng geschriwwen, an domat de "Melodi Grand Prix" gewonnen; si hunn also däerfen Norwegen den20. Mee bei der Halleffinall vumEurovision Song Contest 2008 zuBelgrad vertrieden. D'Lidd gouf als 4. vun 19 Lidder an d'Finall de24. Mee gewielt, wou et schlussendlech 184 Punkten an domat déi 5. Plaz erreecht huet.
Nieft hirer Aarbecht als Sängerin, Produzentin a Songwriterin designt a verkeeft d'Mira Craig och Sonnebrëller, Bijouen an huet matSamsung an duerno matSony EricssonHandyen entworf.
Joer | Titel | Chart Positioun | Verkaaft |
---|---|---|---|
NO | |||
2006 | Mira Mira | 4 | 25.000 |
2007 | Tribal Dreams | 12 | 12.000 |
2009 | Ghetto Fairytale | 32 | |
2014 | See the Light | — | |
2019 | O2 | — |
Joer | Titel | Chart Positioun | Album |
---|---|---|---|
NO | |||
2005 | "Boogeyman" | 6 | Mira Mira |
"Headhunted" | 12 | ||
2006 | "Who Make Yuh" | — | |
2007 | "Leo" | 13 | Tribal Dreams |
"Fatty Girl" | — | ||
2009 | "I'm the One" | — | Ghetto Fairytale |
2010 | "I'll Take You High" | — | n/a |
2012 | "Dead or Alive" | — | |
"Aces High" | — | ||
"Love or Hate" | — | ||
2014 | "Muse Me" | — | |
"Fill Yourself With Love" | — | ||
"Black Sheep" | — | ||
2016 | "The Hunt" | — | |
"Muse Me" | — | ||
2017 | "O2" | — | |
"All I Hear" | — | ||
"001" | — | ||
2018 | "Eclipse" | — | |
"Lovewarriors" | — | ||
"So Alive" | — |
Commons: Mira Craig – Biller, Videoen oder Audiodateien |