Movatterモバイル変換


[0]ホーム

URL:


Op den Inhalt sprangen
Wikipedia, déi fräi EnzyklopedieDéi fräi Enzyklopedie
Sichen

Mijas

Vu Wikipedia
Mijas
LandSpuenien
Awunner93.302 (2024)
Fläch148,8km²
Koordinaten36°35'44,00"N, 4°38'14,00"W
Postcode29649–29651
Websäithttp://www.mijas.es
Mijas, eng Stad am Hank

Mijas ass eng Uertschaft a Gemeng an derspuenescherRegiounAndalusien. Et ass eng vu den 100 selbststännegeGemengen an derProvënz Málaga.

D'Stad Mijas hat 64.288 registréiert Awunner (Stand: 2007), op engerFläch vun 149 km². Dat entsprécht 431,5 Awunner pro km². Well et a Spuenien (wéi an England) keng gesetzlech Virschrëft gëtt, fir sech unzemellen, ass d'Zuel vun den Awunner a Wierklechkeet awer méi héich. Dat trëfft besonnesch fir d'Auslänner zou, déi do wunnen. D'Briten stinn op der éischter Plaz, gefollecht vun denDäitschen,Skandinavier, asw.. D'Awunner vu Mijas disposéieren pro Kapp iwwer dat hëchst Akommes vun de Gemenge vun derCosta del Sol. Offiziell Sprooch assSpuenesch (Kastilianesch).

Geographie

[änneren |Quelltext änneren]

Mijas läit ongeféier 565 Kilometer vun der spuenescher HaaptstadMadrid ewech un der Südküst vun deribeerescher Halllefinsel, 30 Kilometer südwestlech vuMálaga un derCosta del Sol. D'Gemeng erstreckt sech vun der südlech geleeëner Küst bis zu derSierra de Mijas am Norden. Nopeschgemenge sinn am WesteMarbella anOjén, am NordeCoín,Alhaurín el Grande anAlhaurín de la Torre, an am OsteBenalmádena aFuengirola.
D'Uertschaft ass bekannt wéinst senger idyllescher Lag a senge wäissen Haiser anHotellen, déi wéi un e Bierg gepecht wierken.
Den historesche Kär, d'Stad Mijas (Mijas Pueblo), läit am Nordoste vun der Gemeng, um Fouss vum 1.150 Meter héije Bierg mam selwechten Numm op enger mëttelster Héicht vu 428 Meter iwwer dem Mieresspigel.

Tourismus

[änneren |Quelltext änneren]

Duerch seng Lag an der Noperschaft vun de bekanntenTouristenuertschaften op derCosta del Sol, tëschtTorremolinos aMarbella, ass Mijas eng beléift Destinatioun fir Ausflich vun engem Dag.

Kuckeswäertes

[änneren |Quelltext änneren]

Fotoen

[änneren |Quelltext änneren]
  • Zenter Richtung Westen
    Zenter Richtung Westen
  • Zentrum Richtung Norden
    Zentrum Richtung Norden
  • Callejon de los Gitanos / Zigeinergässel
    Callejon de los Gitanos / Zigeinergässel
  • Barrio Sant'Ana / Alstad
    Barrio Sant'Ana / Alstad
  • „Hotel Mijas“ am Zentrum
    „Hotel Mijas“ am Zentrum
  • Burro Taxi / Iesel als Touristenattraktioun
    Burro Taxi / Iesel als Touristenattraktioun
  • Päerdskapp virun enger Kutsch
    Päerdskapp virun enger Kutsch
  • Stéierkampfarena a Parroquia (Haaptkierch)
    Stéierkampfarena a Parroquia (Haaptkierch)
  • Haaptkierch (Parroquia)
    Haaptkierch (Parroquia)
  • Mijas, Plazza de Toros an Arena
    Mijas, Plazza de Toros an Arena
  • Mijas, eng enk Gässel
    Mijas, eng enk Gässel

Um Spaweck

[änneren |Quelltext änneren]
Commons: Mijas – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]

Dësen Artikel inspiréiert sech respektiv ass eng Iwwersetzung vum Artikel iwwer Mijas an der däitscher Wikipedia

Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Mijas&oldid=2519538
Kategorien:
Verstoppt Kategorie:

[8]ページ先頭

©2009-2025 Movatter.jp