Movatterモバイル変換


[0]ホーム

URL:


Op den Inhalt sprangen
Wikipedia, déi fräi EnzyklopedieDéi fräi Enzyklopedie
Sichen

Michel Theato

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n)Michel Théato)
Michel Theato
Gebuer22. Mäerz1878
Lëtzebuerg
Gestuerwen2. Abrëll1923
14. Arrondissement
NationalitéitFrankräich,Lëtzebuerg
AktivitéitMarathonleefer, Laangstreckeleefer
KompetitiounsklassMarathon
Huet matgemaach beiOlympesch Summerspiller 1900
De Michel Theato kuerz nom Start vum Marathon als zweetleschten an der Rei.

DeMichel Johann Theato, wéi et op sengem Gebuertsschäi steet, gebuer den22. Mäerz1878 an derStad Lëtzebuerg op der Nummer 8 vun derLouvignysgaass[1], a gestuerwen den2. Abrëll1923 am14. Arrondissement zuParäis[2] war efranséisch-lëtzebuergescheLiichtathleet.

Bei denOlympesche Spiller 1900 zu Paräis huet hien deMarathon des fortifs gewonnen. Hien huet déi Zäit a Frankräich gewunnt a sech a sengem Veräin vuSaint-Mandé ageschriwwen. Dowéinst ass hien an den Dokumenter vumOlympesche Comité als Fransous betruecht ginn.

Den Theato huet zu Paräis als Coursier fir eng Bäckerei geschafft. En huet de Marathon mat engem Chrono vun 2:59:45 h gewonnen, op engem ganz waarmen Dag. Seng Victoire gouf kontestéiert: Verschidde Leefer hu behaapt, den Theato hätt gefuddelt an onerlaabt Ofkierzunge geholl[3], woubäi en op seng gutt berufflech Kenntnesser vun de Paräisser Stroossen hätt kënnen zeréckgräifen.

Dräi Joer duerno ass dem Theato seng Sportlerkarriär op en Enn gaangen, nodeem e gefall war, an en um Knéi huet missen operéiert ginn.

An de Palmarèse gouf den Theato laang als Fransous gefouert. Eréischt um Enn vum20. Joerhonnert koum eraus, datt hie Lëtzebuerger war, an domat deen éischte Lëtzebuerger Olympiagewënner. Dacks gëllt nach ëmmer deJosy Barthel als bis ewell eenzege Goldmedaile-Gewënner aus dem Grand-Duché.

De 16. Mee 2017 huet de Stater Gemengerot decidéiert, eng nei Strooss umBelair no him ze nennen[4].

Kuckt och

[änneren |Quelltext änneren]

Um Spaweck

[änneren |Quelltext änneren]
Commons: Michel Theato – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Luxembourg, Registres d'état civil, 1796-1941, database with images,FamilySearch (https://familysearch.org/ark:/61903/1:1:7FV4-P4MM : 18 February 2021), Michel Johann Theato, 22 Mar 1878; citing Birth, Luxemburg, Archives nationales de Luxembourg (National Archives), Luxembourg; FHL microfilm .
  2. Acte de décès: Acte 1848, Décès 1923 Paris XIVème, Archives de Paris cote 14D 335 du 27 mars 1923 (acte n° 1684) au 10 avril 1923 (acte n° 1983) vue 17 (cf.https://www.wikitree.com/wiki/Theato-7)
  3. wort.lu: Marathon-Held Michel Theato soll mit der Metro gefahren sein
  4. op archives-vdl.findbuch.net
Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Michel_Theato&oldid=2525085
Kategorien:

[8]ページ先頭

©2009-2025 Movatter.jp