Movatterモバイル変換


[0]ホーム

URL:


Op den Inhalt sprangen
Wikipedia, déi fräi EnzyklopedieDéi fräi Enzyklopedie
Sichen

Michael Faraday

Vu Wikipedia
Michael Faraday
Gebuer22. September1791
London
Gestuerwen25. August1867
London
NationalitéitVereenegt Kinnekräich, Kinnekräich Groussbritannien
AktivitéitPhysiker, Cheemiker, Erfinder,Schrëftsteller
Member vunRoyal Society, Preisesch Wëssenschaftsakademie, Däitsch Akademie vun den Naturfuerscher Leopoldina,Schweedesch Akademie vun de Wëssenschaften, Académie des sciences, Sankt Petersbuerger Akademie vun de Wëssenschaften, Ungaresch Wëssenschaftsakdemie,American Academy of Arts and Sciences, Koninklijke Nederlandse Akademie van Wetenschappen, American Philosophical Society, Accademia Nazionale delle Scienze, Académie nationale de médecine, Bayeresch Wëssenschaftsakademie,National Academy of Sciences, Accademia delle Scienze di Torino, Éisträichesch Akademie vun de Wëssenschaften
GielercherPour le Mérite fir Wëssenschaft a Konscht, Fellow vun der Royal Society,Copley Medail,Copley Medail, Royal Medal, Albert Medal
Famill
PappJames Faraday

DeMichael Faraday, gebuer den22. September1791 zu Newington a gestuerwen de25. August1867 zuLondon, war en engleschen Naturwëssenschaftler.

Säi Liewen

[änneren |Quelltext änneren]

1813 ass deBuchbënner Michael Faraday als Assistent an d'Laboratoire vun derRoyal Institution vu London agestallt ginn. 1825 gouf hien dunn als Autodidakt den Nofollger vumHumphry Dawys als Direkter vum Laboratoire, an 1827 souguer Professer firChimie.

Seng wëssenschaftlech Aarbechten

[änneren |Quelltext änneren]

Vun 1818 un huet de Michael Faraday raschtfräi Stollegéierungen entwéckelt. Hien huet och fir d'éischtChlor an duerno och aner Gasen ënner Drock verflëssegt. Wéi hien 1825 Ueleg ënnersicht huet, huet hien deBenzol entdeckt.

Dem Michael Faraday säin Haaptfuerschungsfeld war awer d'Elektrizitéit. Hie war dovun iwwerzeegt datt een dësNaturkraaft an aner Energieforme wéi Wäermt,Magnetismus aLiicht ëmwandele kéint an datt dëst och ëmgedréit méiglech wier. De Michael Faraday huet duerch praktesch Experimenter déi elektromagnéitesch Induktioun entdeckt a gouf zum Grënner vun der Elektrodynamik.

1833 huet hien dat no him genannt Elektrolys-Gesetz entdeckt an 1845 huet hien d'Dréiung vun der Polarisatiounsgläicht vum Liicht a magnéitesche Felder entdeckt. Dëse sougenannte Faraday-Effekt huet d'Entwécklung vu Mechanismen an der Héichvitessfotografie fir extreem kuerz Beliichtungszäiten erméiglecht.

Op hie geet de sougenannteFaraday-Käfeg zeréck, e Raum, deen duerch Metallgitter géint all elektresch Aflëss ofgeschiermt ass.

Kuckt och

[änneren |Quelltext änneren]

Um Spaweck

[änneren |Quelltext änneren]
Commons: Michael Faraday – Biller, Videoen oder Audiodateien
Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Michael_Faraday&oldid=2534804
Kategorien:
Verstoppt Kategorie:

[8]ページ先頭

©2009-2025 Movatter.jp